Windows 7 Sproochen-Interface-Pak (Language Interface Pack LIP) liwwert en deelweis lokaliséierte Benotzer-Interface fir déi Beräicher vu Windows 7, déi am heefegste benotzt ginn.
*D'Gréisst vum Download hängt vun den ausgewielten Downloadkomponenten of.
D'Sprooch änneren:
Iwwersiicht
Windows Sproochen-Interface-Pak (Language Interface Pack - LIP) liwwert eng deelweis iwwersate Versioun fir déi Beräicher vu Windows, déi am heefegste benotzt ginn. Nodeems Dir de LIP installéiert hutt, gëtt den Text an Assistenten, Dialogfelder, Menuen an Hëllef a Support-Themaen an der LIP Sprooch affichéiert. Den Text deen net iwwersat ginn ass, erschéngt an der Basissprooch vu Windows 7. Wann Dir zum Beispill eng spuenesch Versioun vu Windows 7 kaaft hutt an e katalonesche LIP installéiert hutt, da gi verschidden Texter weiderhin op Spuenesch gewisen. Dir kënnt méi wéi ee LIP op enger eenzeger Basissprooch installéieren. Windows LIPe kënnen op all Windows 7 Editiounen installéiert ginn.
Opgepasst: Wann dir Bitlocker Verschlësselung aktivéiert hutt, schalt se wann ech gelift of ier Dir de LIP installéeiert. Maacht de Panneau de configuration op, wielt Système et sécurité aus, dann Chiffrement de lecteur BitLocker. Klickt op Suspendre la protection.
Well et getrennt Downloade fir 32-Bit an d'64-Bit-Versioune vu Windows 7 LIP ginn, musst Dir, éier Dir mam Eroflueden ufänkt, feststelle wéi eng Versioun vu Windows 7 Dir installéiert hutt:
Klickt op de Démarrer Knäppchen a rietsklickt dann op Computer a wielt Propriétés aus. Da gesidd Dir d'Basis-Informatiounen iwwert Äre Computer.
Sicht am Systemdeel no dem Systemtyp. Do gitt Dir gewuer, ob Äre Windows 7 Betribssystem en 32-Bit-Betribssystem oder e 64-Bit-Betribssystem ass.
Fir déi 32-bit Versioun z'installéieren, kënnt Dir entweder:
Op de Knäppchen Eroflueden klicken, dann op Ouvrir klicken fir de LIP z'installéieren
oder
Op de Knäppchen Eroflueden klicken
Klickt op Sauver fir de Fichier op Äre Computer ze kopéieren,
Gitt op de Fichier deen Die erofgelueden hutt, an duebel-klickt op en fir de LIP z'installéieren
Fir déi 64-bit Versioun z'installéieren, musst Dir d'Optioun 2 hei uewe benotzen.
D'Verknëppungen an dësem Abschnitt entspriechen deenen eenzelne Fichieren, déi an dësem Download disponibel sinn. Lued Iech déi Fichieren erof, déi fir Iech am beschte gëeegent sinn.