
Windows Internet Explorer 9 fir Windows Vista a Windows Server 2008.
Kuerz Beschreiwung
Windows Internet Explorer 9 léisst Är Websäite glänzen a féiert se aus, wéi wann et Applikatiounen op Ärem PC wieren.
Op dëser Säit
Kuerz Informatiounen
| Numm vum Fichier: | IE9-WindowsVista-x86-lbx.exe |
| Versioun: | 9.0.7930.16406 |
| Knowledge Base (KB) Produiten: | KB982861 |
| Datum vun der Publikatioun: | 25/05/2011 |
| Sprooch: | Lëtzebuergesch |
| Gréisst vum Download: | 18.4 MB |
| Geschaten Zäit fir den Download: | 45 Minutten 56K |
|
| D'Sprooch änneren: | |
Iwwersiicht
Windows Internet Explorer 9 liwwert Websäiten an Applikatiounen, déi ausgefouert ginn an ausgesinn, wéi wann et original PC-Applikatioune vu Windows wieren.
-
Séier: Internet Explorer 9 ass onheemlech séier. Entworf fir d'Hardware vun Ärem PC duerch Windows am beschten ze notzen, liwwert den Internet Explorer 9 grafesch räich an andréngend Erfahrungen, déi sou séier a reaktiounsfäeg sinn, wéi original Applikatiounen op Ärem PC.
-
Propper: Den Internet Explorer setzt de Fokus op d'Websäiten, déi Dir gären hutt, a bitt e proppert Bild an en erhéichten Usiichtsberäich fir datt Är Websäite glänzen. Intuitiv an iwwerganglos Integration mat Windows 7 bitt ee-Klick Accès zu Web-Applikatiounen, déi direkt op Är Aarbechtsläischt gespéngelt sinn.
-
Zouverlässeg: Den Internet Explorer ass d'zouverlässeg Art a Weis, well en eng robust Rëtsch un agebaute Sécherheets-, Privatsphär- a Zouverlässegkeetstechnologien huet, déi Iech méi Sécherheet bidden an dofir suergen, datt Är Browsingerfahrung net ënnerbrach gëtt.
-
Interoperabel: Ënnerstëtzung fir HTML5 a modern Webstandarden, déi entworf goufe fir Virdeel aus der GPU ze schloen, dat heescht, datt de gläiche Mark-up net nëmmen duerch den Internet fonctionnéiert, mä och méi séier leeft an eng méi räich Erfahrung duerch Windows an Internet Explorer 9 liwwert.
Uewen op der Säit
Systemufuerderungen
- Ënnerstëtzte Betribssystemer: Windows Vista Service Pack 2
-
- Windows Vista Service Pak 2
- Windows Server 2008 Service Pak 2
- Computer/Prozessor: Computer mat engem 233MHz Prozessor oder méi héich (Pentium Prozessor recommandéiert)
- Späicher: 512MB
- Plaz um Lafwierk:
- Windows Vista mat Service Pak 2 70MB
- Windows Server 2008 mat Service Pak 2 150MB
- Bildschierm: Super VGA (800 x 600) oder méi héich Opléisung, Schierm mat 256 Fuerwen.
- Peripherie-Apparater: Modem oder Internetconnexioun; Microsoft-Maus, Microsoft IntelliMouse, oder kompatibelen Uweiserapparat.
Uewen op der Säit
Instruktiounen
- Klickt den Download-Knäppchen op dëser Säit fir den Download ze starten.
- Maacht eent vun de folgenden:
- Fir d'Installatioun direkt ze starten, klickt Opmaachen oder Dëse Programm vu senger aktueller Plaz ausféieren.
- Fir den Download op Äre Computer ze kopéiere fir e spéider z'installéieren, klickt Späicheren oder Dëse Programm op Disk späicheren.
Uewen op der Säit
Weider Informatiounen
Dësen Download ass nëmme fir Microsoft Windows Vista SP2 a Windows Server 2008 SP2. Fir den Internet Explorer 9 fir aner ënnerstëtzt Versioune vu Microsoft Windows erofzelueden:
Uewen op der Säit
Uewen op der Säit