Internet Explorer

    Windows Internet Explorer 7 LIP Pack fir Windows XP

    D'Sprooch änneren:
    Déi lescht Versioun vum weltwäit beléifteste Webbrowser eroflueden.
    • Versioun:

      7

      Numm vum Fichier:

      ie7lip-x86-LBX.exe

      Datum vun der Publikatioun:

      05.02.09

      Gréisst vum Fichier:

      13.1 MB

        Den Internet Explorer 7 Language Interface Pack (LIP) ass fir regional Mäert geschaf ginn, déi am Moment keng lokal Versioune vum Internet Explorer 7 hunn. D'Packs bidden de Computer-Benotzer d'Méiglechkeet, vill heefeg benotzte Browser-Astellungen an hirer Mammesprooch unzeweisen. Windows Internet Explorer 7 LIP Pack ass eng qualitativ héichwäerteg, lokaliséiert „Uewerfläch” fir d'Mäert vun de neie Sproochen, wéi Katalanesch, Litauesch an Thailännesch. LIP baséiert op der MultiLanguage User Interface-Technologie (MUI) a bitt dem Desktop-Benotzer duerch d'Iwwersetzung vun enger limitéierter Zuel vu Schnëttstellenelementer ongeféier 80% lokaliséiert Benotzererfahrung. LIP ass op enger lizenséierter Kopie vu Windows mat enger festgeluechter Basissprooch installéiert. Déi verlaangte Basissprooch hänkt dervun of, wat fir eng LIP-Sprooch Dir benotze wëllt.

        Besicht d'Webplaz Microsoft Language Interface Pack fir weider Informatiounen iwwert de Programm Language Interface Pack ze kréien. Fir den Internet Explorer 7 an enger vun deene 24 vollstänneg lokaliséierte Sproochen erofzelueden, besicht d'Webplaz Internet Explorer Worldwide.

        Dësen Download ass nëmme fir Microsoft Windows XP Service Pack 2. Fir d'Internet Explorer 7 Language Interface Packs fir aner vu Microsoft Windows ënnerstëtzte Versiounen erofzelueden, kuckt Ähnlech Downloaden (ënnen).
    • Ënnerstëtzte Betribssystemer:

      Windows XP Service Pack 2; Windows XP Service Pack 3

        • Wann Är Systemsprooch Slowenesch ass, musst Dir kee separaten OS LIP installéieren, Dir kënnt den Internet Explorer 7 LIP installéieren. Internet Explorer 7 LIPs op Slowakesch a Slowenesch ginn och vu Microsoft Windows XP Home Edition ënnerstëtzt.
        • Wann Dir d'Windows Starter Edition hutt an Äre System an der richtiger Sprooch erschéngt, kënnt Dir den Internet Explorer 7 LIP installéieren. Wann d'Windows Starter Edition op Englesch ugewise gëtt, da musst Dir fir d'éischt de Language Pack vun der CD, déi Dir vum Hiersteller vun Ärer Original-Ausrüstung kritt hutt, installéieren.
        1. Klickt op Eroflueden op dëser Säit, fir den Download ze starten oder wielt eng aner Sprooch vun der Drop-Down-Lëscht a klickt op Starten.
        2. Maacht Folgendes:
          • Fir d'Installatioun direkt ze starten, klickt op Opmaachen oder Programm vun der aktueller Späicherplaz ausféieren.
          • Wann Dir den Download wëllt op Äre Computer kopéieren, fir e spéider ze installéieren, klickt op Späicheren oder Dëse Programm op den Harddisk späicheren.
        • Fir d'Installéierung vum Internet Explorer 7 LIP gëllt déiselwecht Sprooch wéi beim Basisbetribssystem.

    Heefeg gefroten Downloaden

    Loading your results, please wait...

    Gratis PC-Aktualiséierungen

    • Sécherheetspatchen
    • Softwaresaktualiséierungen
    • Servicepäck
    • Hardware-Driveren