Sprooch vun der Microsoft Office Quick-Info
Benotzt d'Iwwersetzunge vun der Quick-Info fir den Text vun Display-Elementer - sou wéi Knäppercher, Menuer an Dialogfelder - an enger anerer Sprooch ze weisen.
Wichteg! D'Auswiel vun enger Sprooch ënnen ännert de ganze Säiteninhalt dynamesch op déi Sprooch.
Versioun:
1.0
Publizéierungsdatum:
8.4.2013
Fichiersnumm:
screentiplanguage_lb-lu_32bit.exe
screentiplanguage_lb-lu_64bit.exe
Fichiersgréisst:
1.5 MB
1.5 MB
Ännert d'Sprooch vun der Quick-Info fir Iwwersetzunge vun Display-Elementer - sou wéi Knäppercher, Menuer an Dialogfelder - an enger anerer Sprooch unzeweisen an hëlleft de Benotzer fir Microsoft Office Applikatiounen ze navigéieren déi an enger Sprooch installéiert sinn déi si net verstinn.
Verschidde Beispiller vun Benotzungsscenarioë sinn:- Zweesproocheg a méisproocheg Sproochenassistenz
- D'Hëllefsingénieure kënnen d'Assistenz op Sproochen ausbreeden déi si net verstinn
- Benotzer déi Office temporär an enger friemer Sprooch oder fir eng limitéiert Period benotzen (Benotzer vum Roaming)
- Sproochbenotzung vun engem gedeelte Computer
Ënnerstëtzt Betribssystemer
Windows 7, Windows 8 Release Preview
- Ënnerstëtzte Microsoft Office Uwendungen:
- Microsoft Office Word 2013, Microsoft Office Excel 2013, Microsoft Office Outlook 2013, Microsoft Office PowerPoint 2013, Microsoft Office OneNote 2013, Microsoft Office Visio 2013, Microsoft Office Publisher 2013
- Néideg Software:
- Fir ostasiatesch Sproochen oder Sprooche mat enger komplexer Schrëft kann et néideg sinn Assistenzfichieren ze installéieren. Dëst kann am Kontrollpanneau ënnert ´Regional- a Sproochoptiounen´ gemaach ginn.
- Fir dësen Download ze installéieren:
- Klickt de Knäppchen Eroflueden op dëser Säit fir unzefänken.
- Wielt eng vun dëse Méiglechkeeten:
- Fir d'Installatioun direkt ze starte klickt op Ausféieren.
- Fir den Download op Ärem Computer ze späichere fir eng spéider Installatioun klickt op Späicheren.
- Fir d'Installatioun ofzebrieche klickt op Ofbriechen.
Fir d'Sprooch vun der Quick-Info auszemaachen oder ze änneren:- Klickt op de Knäppchen Office File, wielt Optiounen, wielt Sprooch a setzt d'Sprooch vun der Quick-Info op 'Der ugewisener Sprooch upassen'.
Fir dësen Download ze läschen:- Am Start Menu, gidd op Kontrollpanneau.
- Duebelklickt opProgrammer derbäisetzen/ewechhuelen.
- An der Lëscht vun aktuell installéierte Programme wielt Sprooch vun der Microsoft Office Quick-Info, a klickt dann op Ewechhuelen oder Derbäisetzen/Ewechhuelen. Wann en Dialogfeld erschéngt, da follegt den Instruktioune fir de Programm ewechzehuelen.
- Clickt Jo oder OK fir ze konfirméieren datt Dir de Programm wëllt ewechhuelen.