Windows 8 Interface-Sproochepak (LIP)
Windows 8 Interface-Sproochepak (LIP) bitt en deelweis iwwersate Benotzer-Interface fir déi am meeschte benotzte Beräicher vu Windows 8.
Wichteg! D'Auswiel vun enger Sprooch ënnen ännert de ganze Säiteninhalt dynamesch op déi Sprooch.
Versioun:
1.0
Publizéierungsdatum:
20.11.2012
Fichiersnumm:
LIP_lb-LU-32bit.mlc
LIP_lb-LU-64bit.mlc
Fichiersgréisst:
2.7 MB
3.7 MB
Windows Interface-Sproochepak (LIP) bitt eng deelweis iwwersate Versioun vun den am meeschte benotzte Beräicher vu Windows. Nodeems Dir de LIP installéiert hutt, ginn d'Texter vun den Assistanten, d'Dialogfelder, d'Menüen an d'Hëllefs- an Ënnerstëtzungsthemen an der LIP-Sprooch ugewisen. Deen net iwwersaten Text bleift an der Standardsprooch vu Windows 8. Wann Dir zum Beispill eng spuenesch Versioun vu Windows 8 kaaft hutt an e katalanesche LIP installéiert hutt, bleiwe verschidden Textdeeler op Spuenesch. Dir kënnt méi wéi ee LIP fir eng eenzel Standardsprooch installéieren. Windows LIPen kënnen op all Windows 8-Editiounen installéiert ginn.- Fir d'Virinstallatiounsuweisungen, klickt hei
- Klickt op de Knäppchen Eroflueden op dëser Säit, fir den Download ze starten oder wielt eng aner Sprooch aus der Opklapplëscht.
- Wielt eng vu folgenden Optiounen:
- Fir direkt mat der Installatioun unzefänken, klickt op Ausféieren.
- Fir den Download op Ärem Computer ze späicheren, fir d'Installatioun spéider auszeféieren, klickt op Späicheren
- Fir d'No-Installatiounsuweisungen, klickt hei
- Fir d'bekannte Problemer, klickt hei