Trace Id is missing

Microsoft Office Iwwerpréiwungsgeschir 2016 – Lëtzebuergesch

Microsoft Office Iwwerpréiwungsgeschir erméiglecht d'Éditéieren an zousätzleche Sproochen.

Wichteg! D'Auswiel vun enger Sprooch ënnen ännert de ganze Säiteninhalt dynamesch op déi Sprooch.

  • Versioun:

    2016

    Publizéierungsdatum:

    25.5.2016

    Fichiersnumm:

    proofingtools2016_lb-lu-x64.exe

    proofingtools2016_lb-lu-x86.exe

    Fichiersgréisst:

    1.3 MB

    1.2 MB

    Wëllt Dir d’Orthographie fir eng Sproch iwwerpréiwen, déi net automatesch vun Office installéiert gouf? Da sidd Dir op der richteger Plaz. Microsoft Office Iwwerpréiwungsgeschir inkludéiert de vollstännege Saz u Korrekturhëllefen, déi fir Office an dëser Sprooch verfügbar sinn. Dir braucht nëmmen Office z’installéieren a nei ze starten, an d’Korrekturhëllefe fir Är Sprooch si bereet, fir benotzt ze ginn.
  • Ënnerstëtzt Betribssystemer

    Windows 7, Windows 8, Windows Server 2008 R2

    Dësen Download funktionéiert mat de folgende Programmer:
    • Microsoft Office Excel 2016
    • Microsoft Office OneNote 2016
    • Microsoft Office Outlook 2016
    • Microsoft Office PowerPoint 2016
    • Microsoft Office Word 2016
  • Fir dësen Download z’installéieren:

    Installéiert d’Korrekturhëllefen

    1. Lued w. e. g de Fichier erof, andeems Dir op d'Schaltfläch "Eroflueden" klickt (uewen) an de Fichier op Ärer Festplack späichert.
    2. Féiert de Setupprogramm aus.
    3. Op der Säit "D'Microsoft-Software-Lizenzbedéngungen Liesen", kuckt Iech d’Bedéngungen un, wielt d’Kontrollkëscht "Klickt hei, fir d’Microsoft-Software-Lizenzbedéngungen z’acceptéieren" a klickt dann op "Weider".
    4. D’Setupassistent gëtt dann ausgeféiert an installéiert d’Korrekturhëllefen.
    5. Start Är Office-Applikatiounen nei, nodeems d’Installatioun ofgeschloss ass.


    Benotzungsinstruktiounen: Benotzt d'Korrekturhëllefen einfach sou, wéi Dir et normalerweis maacht - Dir sollt se elo fir Är nei installéiert Sprooch gesinn. Dir kënnt zum Beispill Är Iwwerpréiwungssprooch op déi nei Sprooch festleeën, fir d'Orthographiesiwwerpréiwung (wa verfügbar) ze benotzen – fir gewuer ze ginn, wéi Dir dat geet, kuckt Iech Mat Hëllef vun der Sproocheläischt tëschent verschiddene Sprooche wiesselen un

    Fir dësen Download ewechzehuelen:
    1. Fuert am Startmenü mat der Maus iwwer "Astellungen" a klickt dann op "Kontrollpanneau".
    2. Duebelklickt op "Programmer Derbäisetzen/Ewechhuelen".
    3. Wielt an der Lëscht vun den aktuell installéierte Programmer d'"Microsoft Office Proofing Tools 2016 - Lëtzebuergesch" aus a klickt dann op "Desinstalléieren, Ewechhuelen, oder Derbäisetzen/Ewechhuelen". Wann en Dialogfeld opschéngt, da befollegt d'Instruktiounen, fir de Programm ewechzehuelen.
    4. Klickt op "Jo" oder "OK", fir ze bestätegen, datt Dir de Programm ewechhuele wëllt.