This is the Trace Id: 53461061a4790becadc4b7df5841837e
Bis Haaptinhalt sprangen Microsoft 365 Office Azure Copilot Windows Surface Xbox Ënnerstëtzung Windows Apps OneDrive OneNote PCen / Tablets Xbox Spiller PC Spiller Microsoft AI Microsoft Security Azure Dynamics 365 Microsoft 365 fir Groussentreprisen Microsoft Power Platform Windows 365 Developer Center Dokumentatioun Microsoft Learn Microsoft Tech Community Azure-Maartplaz AppSource Visual Studio Gratis Downloads an& Sécherheet Edukatioun All Microsoft

Windows 7 Sproochen-Interface-Pak

Windows 7 Sproochen-Interface-Pak (Language Interface Pack LIP) liwwert en deelweis lokaliséierte Benotzer-Interface fir déi Beräicher vu Windows 7, déi am heefegste benotzt ginn.

Wichteg! D'Auswiel vun enger Sprooch ënnen ännert de ganze Säiteninhalt dynamesch op déi Sprooch.

  • Versioun:

    1.0

    Publizéierungsdatum:

    1.9.2020

    Fichiersnumm:

    LIP_lb-LU-32bit.mlc

    LIP_lb-LU-64bit.mlc

    Fichiersgréisst:

    2.6 MB

    4.2 MB

    Windows Sproochen-Interface-Pak (Language Interface Pack - LIP) liwwert eng deelweis iwwersate Versioun fir déi Beräicher vu Windows, déi am heefegste benotzt ginn. Nodeems Dir de LIP installéiert hutt, gëtt den Text an Assistenten, Dialogfelder, Menuen an Hëllef a Support-Themaen an der LIP Sprooch affichéiert. Den Text deen net iwwersat ginn ass, erschéngt an der Basissprooch vu Windows 7. Wann Dir zum Beispill eng spuenesch Versioun vu Windows 7 kaaft hutt an e katalonesche LIP installéiert hutt, da gi verschidden Texter weiderhin op Spuenesch gewisen. Dir kënnt méi wéi ee LIP op enger eenzeger Basissprooch installéieren. Windows LIPe kënnen op all Windows 7 Editiounen installéiert ginn.
  • Ënnerstëtzt Betribssystemer

    Windows 7

    • Microsoft Windows 7
    • Installatioun vun der erfuerderter Basissprooch vu Windows 7: Franséisch, Englesch
    • 4.63 Mb fräie Späicher fir den Download
    • 15 Mb fräie Späicher fir de Setup
  • Opgepasst: Wann dir Bitlocker Verschlësselung aktivéiert hutt, schalt se wann ech gelift of ier Dir de LIP installéeiert. Maacht de Panneau de configuration op, wielt Système et sécurité aus, dann Chiffrement de lecteur BitLocker. Klickt op Suspendre la protection.

    Well et getrennt Downloade fir 32-Bit an d'64-Bit-Versioune vu Windows 7 LIP ginn, musst Dir, éier Dir mam Eroflueden ufänkt, feststelle wéi eng Versioun vu Windows 7 Dir installéiert hutt:

    Klickt op de Démarrer Knäppchen a rietsklickt dann op Computer a wielt Propriétés aus. Da gesidd Dir d'Basis-Informatiounen iwwert Äre Computer.
    Sicht am Systemdeel no dem Systemtyp. Do gitt Dir gewuer, ob Äre Windows 7 Betribssystem en 32-Bit-Betribssystem oder e 64-Bit-Betribssystem ass.
    Fir déi 32-bit Versioun z'installéieren, kënnt Dir entweder:

    1. Op de Knäppchen Eroflueden klicken, dann op Ouvrir klicken fir de LIP z'installéieren


    2. oder

    3. Op de Knäppchen Eroflueden klicken
      • Klickt op Sauver fir de Fichier op Äre Computer ze kopéieren,
      • Gitt op de Fichier deen Die erofgelueden hutt, an duebel-klickt op en fir de LIP z'installéieren

    Fir déi 64-bit Versioun z'installéieren, musst Dir d'Optioun 2 hei uewe benotzen.