This is the Trace Id: 7dc9806c22d27a589683e393f9c59b9d
Bis Haaptinhalt sprangen Microsoft 365 Office Azure Copilot Windows Surface XBOX Ënnerstëtzung Windows Apps OneDrive OneNote PCen / Tablets Xbox Spiller PC Spiller Microsoft AI Microsoft Security Azure Dynamics 365 Microsoft 365 fir Groussentreprisen Microsoft Power Platform Windows 365 Developer Center Dokumentatioun Microsoft Learn Microsoft Tech Community Azure-Maartplaz AppSource Visual Studio Gratis Downloads an& Sécherheet Edukatioun All Microsoft

Interface-Sproochepak (LIP) fir Windows 8.1

Interface-Sproochepak (LIP) fir Windows 8.1 bitt en deelweis iwwersate Benotzerinterface fir déi am meeschte benotzte Beräicher vu Windows 8.1.

Wichteg! D'Auswiel vun enger Sprooch ënnen ännert de ganze Säiteninhalt dynamesch op déi Sprooch.

  • Versioun:

    1.0

    Publizéierungsdatum:

    26.7.2019

    Fichiersnumm:

    LIP_lb-LU-64bit.mlc

    LIP_lb-LU-32bit.mlc

    Fichiersgréisst:

    4.0 MB

    2.7 MB

    Windows Interface-Sproochepak (LIP) bitt eng deelweis iwwersate Versioun vun den am meeschte benotzte Beräicher vu Windows. Nodeems Dir de LIP installéiert hutt, ginn d'Texter vun den Assistenten, Dialogfelder, Menuen an Hëllefs- an Ënnerstëtzungsthemen an der LIP-Sprooch ugewisen. Deen net iwwersaten Text bleift an der Standardsprooch vu Windows 8.1. Wann Dir zum Beispill eng spuenesch Versioun vu Windows 8.1 kaaft hutt an e katalanesche LIP installéiert hutt, erschénge verschidden Textdeeler op Spuenesch. Dir kënnt méi wéi ee LIP fir eng eenzel Standardsprooch installéieren. Windows LIPe kënnen op all Windows 8.1 Editiounen installéiert ginn.
  • Ënnerstëtzt Betribssystemer

    Windows 8.1

    • Fir d'Systemufuerderungen, klickt hei

    • Fir d'Virinstallatiounsuweisungen, klickt hei

    1. Klickt op de Knäppchen Eroflueden op dëser Säit, fir den Download ze starten oder wielt eng aner Sprooch aus der Opklapplëscht.
    2. Wielt eng vu folgenden Optiounen:
      • Fir direkt mat der Installatioun unzefänken, klickt op Ausféieren.
      • Fir den Download op Ärem Computer ze späicheren, fir d'Installatioun spéider auszeféieren, klickt op Späicheren.
    • Fir d'Postinstallatiounsuweisungen, klickt hei

    • Fir d'bekannt Problemer, klickt hei