Trace Id is missing

Microsoft® Office Language Accessory Pack – Lëtzebuergesch

Microsoft Office Language Accessory Pack - Lëtzebuergesch besëtzt zousätzlech Affichage-, Hëllefs- oder Iwwerpréifungstools, jee no Sprooch, déi Dir installéiert hutt.

Wichteg! D'Auswiel vun enger Sprooch ënnen ännert de ganze Säiteninhalt dynamesch op déi Sprooch.

Eroflueden
  • Versioun:

    2016/2019

    Publizéierungsdatum:

    14.3.2016

    Fichiersnumm:

    Office2016_LAP_Readme_lb-lu.docx

    Fichiersgréisst:

    21.9 KB

    Microsoft Office Language Accessory Pack - Lëtzebuergesch besëtzt zousätzlech Affichage-, Hëllefs- oder Iwwerpréifungstools, jee no Sprooch, déi Dir installéiert hutt.
    No der Installatioun si Microsoft Office Language Accessory Pack - Lëtzebuergesch-Funktionalitéiten an déi entspriechend Optiounen innerhalb vun den Office-Applikatiounen an iwwer d'Applikatioun Microsoft Office-Sproochpreferenzen disponibel.
  • Ënnerstëtzt Betribssystemer

    Windows 10, Windows 7, Windows 8

      Op de Link klicke fir déi aktuell Infoen iwwert SystemufuerderungenSystemufuerderunge fir Office
      Microsoft Windows 8 - 32- oder 64-Bit-Betribssystem
      Microsoft Windows 10 - 32- oder 64-Bit-Betribssystem. (Fir Benotzer, déi Office 2019 fir eng eemoleg Benotzung kafen, ass Windows 10 deen eenzeg ënnerstëtzte Betribssystem)
      Opgepasst: Installéiert w.e.g. déi aktuellst Servicepäck fir Äre Betribssystem, fir eng optimal Ënnerstëtzung fir Är Sprooch ze garantéieren.

    Software All Versioun vun Office 2016 (oder méi nei) Suite oder Eegestänneg, déi Microsoft Excel, Microsoft Lync, Microsoft OneNote, Microsoft Outlook, Microsoft PowerPoint oder Microsoft Word enthält, ënnerstëtzt de Microsoft Office Language Accessory Pack 2016 (oder méi nei) - Lëtzebuergesch.
    Computer a Prozessor 1.6-GHz-Prozessor mat SSE2-Support oder méi héich; 4GB RAM; 2 GB RAM (32-Bit) oder méi héich

    SpäicherplazZousätzlech zu der Späicherplaz um Harddisk, déi vun den installéierten Office-Applikatioune benotzt gëtt,
  • si 4 GB Späicherplaz um Harddisk disponibel.

  • All aner Systemufuerderunge sinn déiselwecht wéi fir d’Office-Applikatiounen, déi Dir mam Microsoft Office Language Accessory Pack - Lëtzebuergesch benotzt.


  • Windows Interface-Sproochepak Mir empfeelen Iech, déi aktuellst Windows Interface-Sproochepäck z’installéieren, fir eng optimal Sproochenënnerstëtzung fir Äre Betribssystem an Är Softwareapplikatiounen ze garantéieren.

    Bildschiermopléisung an DPI-ParameterenEt goufe vill Schrëftaarte geschaaft fir en optimalen Affichage mat enger Opléisung vun 1366 x 768. Wann Dir Schwieregkeeten hutt, d’Schrëft vun Ärer Sprooch ze liesen, aktualiséiert w.e.g. Är Affichageparameteren op dës Opléisung oder méi héich falls néideg. Opgepasst: mir empfeelen Iech, d’Office-Applikatioune mat de Standard-DPI-Parametere vu Windows (also 96 DPI) ze benotzen. D’Benotzung vun engem DPI-Parameter vun 120 kann Är Erfahrung mat Office beanträchtegen, sou dass bei verschidden Office-Applikatiounen d’Dialogfelder méi grouss sinn.

    Regional a sproochlech Optiounen Mir empfeelen och, dass allRegional a sproochlech Optiounen ënnerSystemsteierung op d’Sprooch vum Microsoft Office Language Accessory Pack - Lëtzebuergesch agestallt sinn.

  • Installatioun vun dësem Language Accessory Pack:
    1. Luet den Installatiounsfichier vum Language Accessory Pack erof, andeems Dir op folgende Link klickt:Language Accessory Pack Installer eroflueden
    2. Wielt “Ausféieren” aus, soubal den Download ofgeschloss ass.
    3. Befollegt d’Uweisungen um Bildschierm, fir d’Installatioun ofzeschléissen.

    Benotzerinterface op d’Sprooch vum Language Accessory Pack änneren
    No der Installatioun vum Language Accessory Pack kënnt Dir innerhalb vun den Office-Applikatiounen oder iwwer d’Applikatioun “Microsoft Office-Sproochpreferenzen” d’Sprooch vum Benotzerinterface op (Lëtzebuergesch) ëmänneren.

    Ännerung vun der Sprooch vum Benotzerinterface iwwer Sproochpreferenzen:

    1. MaachtOffice-Sproochpreferenzen op.
    2. ËnnerBeaarbechtungssprooche wielen wielt Är Beaarbechtungssprooch aus a klickt op de KnäppchenAls Standardparameter festleeën.
    3. ËnnerAffichage- an Hëllefssprooche wielenwielt ÄrAffichagesprooch a klickt op de Knäppchen Als Standardparameter festleeën.
    4. Klickt op de KnäppchenOK.

    Ännerung vun der Sprooch vum Benotzerinterface iwwer eng Office-Applikatioun:

    1. Gitt opFichier, Optiounen a wielt dann Sproochen aus.
    2. ËnnerBeaarbechtungssprooche wielen wielt Är Beaarbechtungssprooch aus a klickt op de KnäppchenAls Standardparameter festleeën.
    3. ËnnerAffichage- an Hëllefssprooche wielenwielt ÄrAffichagesprooch a klickt op de Knäppchen Als Standardparameter festleeën.
    4. Klickt op de KnäppchenOK.

    Déi vun Iech ausgewielt Sproochparametere wäerte beim nächste Start vun Ären Office-Applikatiounen a Kraaft trieden.

    Orthografiessprooch änneren
    Microsoft Office Language Accessory Pack - (Lëtzebuergesch) enthält eventuell Korrekturhëllefstools an Ärer Sprooch. D'Ännerung vun der Orthografiessprooch fir eng Textauswiel gëtt folgendermoosse gemaach:

    Excel: Excel benotzt de Beaarbechtungssproochparameter vu Microsoft Office Primary, fir d'Standardorthografiessprooch z'erkennen. Fir dës ze änneren, klickt op Fichier a klickt dann op Optiounen. Klickt op d'Optioun Korrekturhëllef a wielt dann eng vun den disponibele Sproochen aus der Lëscht Dictionnairessprooch.

    Outlook, PowerPoint, Word a OneNote: Wielt den Text aus, deen Dir iwwerpréiwe wëllt, klickt op Iwwerpréifung, klickt op de Knäppchen Sproochen a klickt dann op d'Optioun Iwwerpréifungssprooch festleeën. Wielt déi gewënscht Sprooch aus der Lëscht aus a klickt dann op OK.