Dateschutz fir jonk Leit

De Schutz vun dengen Daten ass eis wichteg. Wann s du Microsoft-Produkter a Servicer benotz, kréie mir verschidden Informatiounen iwwert dech. Dës Informatiounen, wéi däin Numm an deng E-Mail-Adress, nennt ee “perséinlech Daten”. Mir wëllen, dass du weess, wéi eng perséinlech Date mir iwwert dech hunn a wéi mir se benotzen. Mir wëllen och, dass du weess, dass Du Rechter iwwer dës Daten hues.
Mir hoffen, dës Säit hëlleft dir, als eng jonk Persoun, d’Dateschutz-Praktike vu Microsoft kennenzeléieren an ze verstoen, an erauszefannen, wéi s du eis Produkter op eng Aart a Weis benotz, déi deng Privatsphär schützt. Dës Säit befaasst sech och mat Theemen, déi fir Elteren oder Erzéiungsberechtegter hëllefräich kéinte sinn.
Wann s du Froen iwwert d’Informatiounen op dëser Säit hues, schwätz de am beschte mat engem vun dengen Elteren oder Erzéiungsberechtegten. Fir méi Informatiounen doriwwer, wéi Microsoft perséinlech Date benotzt, kanns de d’Microsoft-Dateschutzerklärung liesen. Méi Infoen iwwer Microsoft an Dateschutz fënns du op privacy.microsoft.com.
-
Vill vun eise Produkter brauche perséinlech Daten, fir ze funktionéieren. D’Typpe vu perséinlechen Daten, déi mir kréien, hänkt vun de Produkter a Funktiounen of, déi s du benotz.
Wann s du e Microsoft-Produkt benotz, stelle mir dir vläicht e puer Froen iwwert dech. Dat kënne Saache sinn ewéi däin Numm, deng E-Mail-Adress an däi Gebuertsdag. Wann s du e Kont bei eis erstells, biede mir dech vläicht, e Passwuert ze schafen.
Mir späicheren och verschidden Detailer doriwwer, wéi s du eis Produkter a Servicer benotz. Dat kënne Websäite sinn, déi s du besichs, Spiller, déi s du spills, Akeef, déi s du méchs, oder Detailer iwwert den Apparat, deen s du benotz. Du kanns och eventuell e Microsoft-Service benotzen, fir e Fichier ze schafen oder ze deelen, wéi eng Foto oder en Dokument. Fir eis ass dat däin Inhalt a mir späicheren e fir dech.
Heiansdo kréie mir och Daten iwwert dech vun aneren. Zum Beispill, wann ee vun dengen Elteren oder en Erzéiungsberechtegten däi Kont geschaf huet, sammele mir d’Informatiounen, déi si iwwert dech uginn hunn. Wann s du e Microsoft-Produkt an der Schoul benotz, kréie mir eventuell Informatiounen iwwert dech vun dengem Proff oder denger Schoul.
Heiansdo gi mir dir d’Wiel iwwert d’Daten, déi mir kréien. Wann s du decidéiers, eis déi noutwendeg Daten net ze ginn, da kanns de d’Produkt oder d’Funktioun eventuell net benotzen. Wann s du decidéiers, eis déi optional Daten net ze ginn, kanns de d’Produkt benotzen, mee verschidde Funktioune funktionéiere vläucht net d’selwecht.
-
Microsoft benotzt Daten, fir dir eng flott Erfarung ze bidden. Mir benotze perséinlech Daten, fir:
- Eis Produkter bereetzestellen an ze ënnerstëtzen.
- Eis Produkter ze verbesseren an z'entwéckelen.
- Eis Produkter a Recommandatiounen ze personaliséieren.
- Reklamm fir eis Produkter ze maachen.
- Eis Entreprise ze féieren an ze verbesseren.
Wa mir dës Date benotzen, verbanne mir et eventuell mat Daten aus verschiddene Quellen. Andeems mir dës Date matenee verbannen, kënne mir deng Experienz verbesseren an et hëlleft eis, eis Entreprise besser ze féieren.
Mir benotzen deng E-Mail-Adressen, Chat-Protokolle mat anere Persounen, Fichieren oder anere perséinlechen Inhalt net fir geziilt Werbung.
-
Verschidde vun eise Servicer enthale Reklammen. Wa mir wëssen, dass du nach keng 18 Joer hues, weise mir dir keng personaliséiert Reklammen. Du gesäis zwar eventuell Reklammen, mee si sinn net ausgewielt ob Basis dovunner, wat mir iwwert dech wëssen.
Mir benotzen deng E-Mail-Adressen, Chat-Protokolle mat anere Persounen, Fichieren oder anere perséinlechen Inhalt ni fir geziilt Werbung.
Wann s du méi wéi 18 Joer hues, kanns du dech op eiser fir personaliséiert Reklammen ofmellen.
Méi Informatiounen iwwert Reklamme fënns du an der Microsoft-Dateschutzerklärung.
-
Jee nodeems, wou s du wunns, si mir duerch lokal Gesetzer vläicht derzou verpflicht, dengen Elteren oder Erzéiungsberechtegten hir Zoustëmmung, oder Erlaabnis, ze kréien, ier s du e Microsoft-Produkt oder Service benotze kanns.
Egal wou s du wunns, kënnen deng Elteren oder Erzéiungsberechtegter eng Microsoft-Familljegrupp schafen. Domadder kënne si entscheeden, wat s du mat dengem Kont maachen däerfs. Jee no de Gesetzer do, wou s du wunns, kënne si och d’perséinlech Daten, déi mir vun dir sammelen, ukucken, beaarbechten oder läschen. Méi Infoen iwwer Microsoft Family Safety a Steierelementer.
-
Microsoft Family Safety. Wann däi Kont e Kannerkont bannent enger Microsoft-Famill ass, kann däi Familljen-Organisateur deng Dateschutz- a Sécherheetsparameteren upassen. Méi Infoen iwwer Microsoft Family Safety. Wann Dir en Elterendeel oder Erzéiungsberechtegte sidd, kënnt Dir Är Microsoft-Famill mat der mobiller Microsoft Family Safety-App einfach verwalten.
Xbox. D’Sécherheet vu jonke Leit beim Spille läit Microsoft um Häerz. Méi Infoen iwwer Xbox-Sécherheetsparameteren. Wann Dir en Elterendeel oder Erzéiungsberechtegte sidd, kënnt Dir Iech d’ Xbox Family Safety-App huelen. Du kanns dir och e Video iwwer Xbox an deng perséinlech Daten ukucken: Xbox-Datesammlung fir Kanner | Xbox
Microsoft Teams. Wann s du Teams an der Schoul oder mat engem Schoulkont benotz, kontaktéier wgl. deng Schoul mat denge Froen. Wann s du Teams mat dengem eegene Microsoft-Kont benotz, fënns du méi Infoen doriwwer, wéi s du deng Privatsphär schütze kanns, op der Teams-Supportsäit.
Microsoft 365-Appen (wéi Word an Excel). Wann s du Microsoft 365 an der Schoul oder mat engem Schoulkont benotz, kontaktéier wgl. deng Schoul mat denge Froen. Wann s du Microsoft 365 mat dengem eegene Microsoft-Kont benotz, da kuck op Dateschutz fir Kanner, Jugendlecher a Familljen, fir méi Infoen ze kréien.
Skype. Méi Infoen doriwwer, wéi s du kontrolléiers, wien däi Skype-Profil uweise kann, Sécherheetsmoossname fir Kanner an aner Dateschutzoptiounen, fënns du op der Skype-Supportsäit.
Microsoft Edge. Microsoft Edge stellt den Edge-Kannermodus bereet: Kannerfrëndleche Browser , fir Kanner ze hëllefen, opzewuessen an online sécher ze bleiwen. Méi Infoen iwwer de Kannermodus op Microsoft Edge .
Bing. Deng Bing-Parametere fënns du op bing.com/account. Wann Dir en Elterendeel oder Erzéiungsberechtegte sidd, kënnt Dir eventuell Bing SafeSearch fir Äert Kand aktivéieren.
Windows. Fir d’Dateschutzparameteren op dengem Windows-Apparat ze verwalten, géi op Start > Parameteren > Dateschutz. Fir Infoen iwwert d’Verwalte vun Dateschutzparameteren op Windows, géi op d’ Dateschutz op Windows-Supportsäit.
Fir zousätzlech Dateschutzparameteren, géi op Wou fannen ech Dateschutzparameteren op Microsoft-Produkter?.
-
Du kanns decidéieren, wéi eng Date mir kréien a wéi mir se benotzen. Zum Beispill:
- Du kanns um Microsoft Dateschutz-Dashboard op verschidde vun dengen Daten zougräifen a se läschen. Jee no dengem Alter a wou s du wunns, brauchs du eventuell d’Erlaabnis vun dengen Elteren, fir deng Daten ze läschen.
- Du kanns decidéieren, ob s du verschidden Noriichte vu Microsoft kréie wëlls.
- Vill vun eise Produkter bidden aner Dateschutzparameteren a -kontrollen, déi s du benotze kanns. Gëff méi doriwwer gewuer, wou s du Dateschutzparameteren op Microsoft-Produkter fënns.
Du kanns eis kontaktéiere fir méi Informatiounen doriwwer, wéi s du op deng perséinlech Date kanns zougräifen an se kontrolléieren. Dee beschte Wee, eis ze kontaktéieren, ass eise Webformulaire. Du fënns och méi doriwwer, wéi s du deng Daten exportéieren a läschen kanns, an eisen Heefeg gestellte Froen (FAQ) iwwer Dateschutz.
D’Gesetzer, wou s du wunns, ginn dir eventuell verschidde Rechter, z.B. d’Recht, op deng Daten zouzegräifen an ze verlaangen, dass se geläscht ginn. Mee mir bidden déi Choixen a Kontrollen hei uewen driwwer jidderengem, egal, wou se wunnen. Beuecht allerdéngs, dass a verschidde Fäll deng Méiglechkeeten ageschränkt sinn, op deng perséinlech Daten zouzegräifen oder se ze kontrolléieren (z.B. wa mir deng Daten aus legalen oder anere wichtege Grënn späichere mussen).
Elteren an Erzéiungsberechtegter kënnen an der Sektioun Sammlung vun Date vu Kanner an der Microsoft-Dateschutzerklärung méi doriwwer gewuer ginn, wéi se op Kannerdate kënnen zougräifen a se läschen.
-
Wann s du eis Produkter an der Schoul oder iwwert e Schoulkont benotz, kann deng Schoul eventuell deng perséinlech Date mat eis deelen. Mir sammelen a benotze perséinlech Date vu Schüler a Studenten nëmme fir edukativ oder Schoulzwecker, z.B. fir Produkter, déi s du kanns fir Online-Unterricht benotzen.
Wann s du eis Produkter fir d’Schoul benotz, kann deng Schoul op deng perséinlech Daten zougräifen, se kontrolléieren a benotzen. Deng Schoul kann op E-Mailen, Chat, Fichieren an aneren Inhalt zougräifen, déi un d’Microsoft-Produkt an däi Kont gebonne sinn. An deng Schoul ka Produkt- a Kontparametere kontrolléieren, inklusiv mat Sécherheet an Dateschutz verbonne Parameteren.
Verschidde Microsoft-Produkter hu sozial Funktiounen. Wann s du déi Funktioune benotz, kënnen aner Benotzer an denger Schoul oder op dengem Netzwierk deng Aktivitéiten eventuell gesinn.
Microsoft schützt perséinlech Date vu Schüler a Studente follgendermoossen:
- Mir verkafe perséinlech Date vu Schüler net.
- Mir benotzen an deele keng perséinlech Date vu Schüler fir Reklammen.
- Mir sammelen Informatiounen iwwert e Schüler nëmmen fir edukativ oder Schoulzwecker, oder wéi et vun engem Elterendeel oder Erzéiungsberechtegten erlaabt ass.
- Mir kënnen eventuell perséinlech Date vu Schüler mat aneren Organisatiounen deelen, déi an eisem Numm fir edukativ Zwecker schaffen. Dës Organisatioune mussen deene selwechte Schutzmoossnamen zoustëmmen.
Deng Schoul kann eventuell vun dir verlaangen, Regelen a Richtlinnen ze follechen, déi si fir Microsoft-Produkter hunn.
Wann s du Froen doriwwer hues, wéi eng Daten deng Schoul deelt, da kontaktéier wgl. deng Schoul.
-
Mir benotze streng Sécherheetsschutzmoossnamen, fir ze hëllefen, deng Date sécher ze halen. Dës Sécherheetsmoossnamen hëllefen, anerer dovun ofzehalen, deng perséinlech Daten ze klauen oder se op eng schiedlech Aart a Weis ze benotzen. Mee denk drun, online Sécherheet ass ni perfekt, dofir sief ëmmer virsichteg, wat s du online deels.
Du kanns och dobäi hëllefen, d’Sécherheet vun denge perséinlechen Daten ze schützen. Hei si verschidden Tipps, fir deng Privatsphär a Sécherheet online ze schützen:
- Benotz staark Passwierder, Passcoden, oder Touch-ID-Funktioune fir den Zougrëff op deng Apparater, Apps a Konten. Benotz kee Passwuert, dat Leit, déi dech kennen, kéinten erroden (wéi den Numm vun engem Hausdéier oder deng Adress).
- Benotz net dat selwecht Passwuert fir all Service, deen s du benotz. An deel däi Passwuert ni mat anere Leit (ausser engem Erwuessenen, deem s du vertrauts, wéi dengen Elteren oder Erzéiungsberechtegten).
- Pass op, mat weem s du online Informatiounen deels. Deel nëmme perséinlech Informatioune mat Leit, déi s de kenns an deenen s de vertrauts.
- Pass op, wat fir eng Informatiounen s du online deels. Deel keng Informatioune mat Onbekannten, déi kéinte benotzt ginn, fir dech z’identifizéieren oder ze lokaliséieren. Schonn Informatioune wéi däi richtegen Numm, den Numm vun denger Schoul oder eng Foto kéinten duergoen, fir dech an der reeller Welt ze fannen.
- Deel keng Informatiounen, déi kéinte benotzt ginn, fir dech a Verleeënheet ze bréngen oder dech ze verletzen, Denk drun, wann s du Informatioune mat engem deels oder engem eng Noriicht schécks, kéint deen dat laang späicheren oder et engem anere weiderschécken (oder villen anere Leit).
-
Mir deele perséinlech Daten aus ville Grënn. Mat denger Zoustëmmung deele mir deng Daten, fir Transaktiounen ofzeschléissen oder Produkter unzebidden, déi s du benotz. Mir deelen och Informatiounen, wann s du eis et sees, wéi wann s du eng E-Mail schécks oder en Dokument op OneDrive deels. Wann s du e Microsoft-Produkt benotz, wat deng Schoul bereetstellt, kënne mir eventuell verschidden Informatiounen wwert deng Benotzung vum Produkt mat denger Schoul deelen.
Mir deelen och Daten aus de follgende Grënn:
- Tëschent Entreprisen, déi zu Microsoft gehéieren, fir Produkter a Servicer unzebidden
- Mat aneren Entreprisen, wa se an eisem Numm schaffen (déi d’Daten nëmmen esou benotzen däerfen, wéi mir hinnen et soen)
- Wa mir gesetzlech derzou verpflicht sinn oder fir op e legale Prozess ze reagéieren, wéi engem Duerchsichungsbefeel vun engem Geriicht oder enger Virluedung
- Fir eis Clienten an anerer ze schützen
- Fir eis ze hëllefen, eis Produkter sécher ze halen
- Fir d’Rechter an de Besëtz vu Microsoft a senge Clienten ze schützen
Mir verkafen deng perséinlech Daten net.
-
Mir späichere perséinlech Daten op verschiddene Plazen op der Welt. Mee egal wou mir d’Date späicheren, benotze mir streng Schutzmoossnamen. Mir ënnerhuelen och Schrëtt, fir deng Daten ze schützen an eis un d’Gesetzer ze halen.
-
Mir hale perséinlech Daten esou laang, wéi mir se brauchen, fir eis Servicer bereetzestellen, eis un d’Gesetzer ze halen, a fir aner legitime Ursaachen. Du hues d’Méiglechkeet, deng Daten ze kontrolléieren. Wann s du net méi wëlls, dass Microsoft deng perséinlech Date veraarbecht oder du wëlls, dass mir eis Benotzung vun dengen Daten aschränken, da kontaktéier eis iwwert eise Webformulaire.
-
Fir dës Säit ursprünglech ze erstellen, hu mir mat enger Grupp jonker Persounen zesummegeschafft, déi beim Microsoft Council for Digital Good2021 matgemaach hunn. Mir hunn an engen virtuelle Workshop mat hinnen driwwer geschwat, firwat Dateschutz wichteg ass a wéi si hir Privatsphär kënne schützen, wa se mat aneren online interagéieren. Si hunn a klenge Gruppen den Entworf vun dëser Säit duerchgekuckt, Froe gestallt, an eis hir Gedanken a Feedback matgedeelt. Hir Virschléi hunn eis gehollef, eis Dateschutzpraktike an altersgerechter Sprooch méi kloer ze erklären, a jonke Leit ze hëllefen, hir perséinlech Date besser ze verstoen an ze verwalten. Lies hei d’Story: Kanner abegraff: Sënnvoll Participatioun vu Kanner a Jugendlechen an Entreprisen an der digitaler Ära erméiglechen
Mir aktualiséieren dës Säit heiansdo, fir se méi kloer ze maachen oder fir Ännerungen ze reflektéieren. Dës Ännerunge kënnen en neit Produkt sinn, eng aner Manéier, Daten ze benotzen, oder eng Ännerung um Gesetz. Wa mir Ännerunge verëffentlechen, aktualiséieren mir den Datum niewen "Lëschten Update" uewen an dëser Erklärung.
-
Wann Dir Froen u Microsoft a Bezuch op Dateschutz hutt, da kontaktéiert eis wgl. iwwert eise Webformulaire. Mir äntweren innerhalb vun 30 Deeg op Är Froen oder aner Uleiessen.