Är Privatsphär
1. Är Privatsphär. Är Privatsphär ass eis wichteg. Liest wgl. d'Dateschutzerklärung vu Microsoft (https://go.microsoft.com/fwlink/?LinkId=521839) (d'""Dateschutzerklärung") wou beschriwwen ass wéi eng Zort Date mir iwwert Iech an Är Apparater sammelen (“Data”), wéi mir Är Date benotzen an d'rechtlech Basis, déi mir hunn fir Är Daten ze prozesséieren. D'Dateschutzerkärung beschreift och, wéi Microsoft Ären Inhalt benotzt, deen Är Kommunikatioun mat Aneren ass, Posten, déi Dir u Microsoft iwwer d'Servicer ofschéckt, an den Dateien, Fotoen, Dokumenter, Audioen, digital Aarbechten, Livestreamen a Videoen, déi Dir eropluet, späichert, verëffentlecht, erstellt, generéiert, oder duerch eis Servicer deelt, oder Inputs, déi Dir ofgitt fir Inhalter ze generéieren ("Your Content").
Ären Inhalt
2. Ären Inhalt. Vill vun eise Servicer erlaben Iech Ären Inhalt ze erstellen, ze späicheren oder ze deelen oder Material vun aneren ze kréien. Mir fuerdere keng Eegentumsrechter vun Ärem Inhalt. Ären Inhalt bleift Ären an Dir sidd responsabel dofir.
- a. Wann Dir Ären Inhalt mat anere Leit deelt, da verstitt Dir, datt et hinnen erlaabt ass, Ären Inhalt weltwäit ze gebrauchen, ze späicheren, ze enregistréieren, ze reproduzéieren, auszestralen, ze iwwerdroen, ze deelen an unzeweisen, fir deen Zweck, fir deen Dir Ären Inhalt fir d'Servicer disponibel gemaacht hutt, ouni datt Dir dofir entschiedegt gitt. Wann Dir net wëllt, datt anerer dës Méiglechkeet hunn, benotzt d'Servicer net fir Ären Inhalt ze deelen. Dir representéiert a garantéiert, datt fir d'Dauer vun dëse Bedéngungen, Dir all déi noutwenneg Rechter hutt fir Ären Inhalt, deen eropgelueden, gespäichert oder gedeelt gëtt, op oder iwwer d'Servicer an datt d'Sammlung, d'Benotzung an d'Zréckbehale vun Ärem Inhalt duerch d'Servicer kee Gesetz oder Rechter vun Anere verletzt. Mir empfeelen Iech dréngend reegelméisseg Back-up-Kopie vun Ärem Inhalt ze maachen Microsoft kann net verantwortlech gemaaach gi fir Ären Inhalt oder d'Material, dat anerer eroplueden, späicheren oder deelen, andeem se eis Servicer benotzen.
- b. Am erfuerderlechen Ëmfang fir Iech oder aneren, Servicer unzebidden (déi d'Ännere vun der Gréisst, der Form oder dem Format vun Ärem Inhalt enthale kënnen, fir se besser ze späicheren oder Iech se besser unzeweisen), fir Iech an d'Servicer ze schützen a fir Microsoft Produkter a Servicer ze verbesseren, bewëllegt Dir Microsoft eng weltwäit a fräi Eegentumslizenz fir Ären Inhalt ze benotzen, zum Beispill, fir Kopien ze maachen, fir Ären Inhalt an de Servicer zeréckzebehalen, z'iwwerdroen, ze reformatéieren a mat Kommunikatiounsmëttel ze verdeelen. Wann Dir Ären Inhalt an de Beräicher vum Service verëffentlecht, wou en online ëffentlech oder ouni Restriktiounen ass, kann Ären Inhalt an Demonstratiounen oder Materialer erschéngen, déi eise Service fërderen. E puer vun de Servicer ginn duerch Reklammen ënnerstëtzt. Kontrollen iwwert d'Manéier wéi Microsoft d'Publizitéit personaliséiert sinn disponibel op https://choice.live.com. Mir benotzen net wat Dir an E-mail, Chat, Video-Uriff oder Voicemail, oder an Ären Dokumenter, Fotoen, oder anere perséinlechen Dateie sot, fir Reklamme fir Iech ze personaliséieren. Eis Reklamme-Richtlinne ginn am Detail an der Dateschutz-Richtlinn ofgedeckt.
- c. Microsoft bitt Iech d'Méigechkeet, fir op exportéierbaart Matrial zouzegräifen iwwer de Microsoft Dateschutz-Dashboard (https://account.microsoft.com/privacy) oder d'Produkt-Benotzer-Schnëttstell, wa mat Ärem Microsoft-Kont authentifizéiert. Dës exportéierbar Date kënne benotzt gi fir op Drëtt-Partei-Ubidder-Servicer ze wiesselen. Microsoft behält sech d'Recht vir, den Export vun den Daten ze begrenzen, deen Är Sécherheet vun de Servicer vum intellektuellen Eegentum vu Microsoft komrpomettéiere kéint. Wan nDir Är Daten iwwer dëse Mechanismus net exportéiere kënnt, kontaktéiert Microsoft op der Adress am Wéi eis kontaktéieren Sektioun (https://privacy.microsoft.com/privacystatement#mainhowtocontactusmodule) oder andeem Dir eise Webformulaire (https://go.microsoft.com/fwlink/?linkid=2126612) benotzt.
Verhalens-Codex
3. Verhalenscodex. Dir sidd verantwortlech fir Äert Behuelen an den Inhalt, wann Dir d'Servicer benotzt.
- a. Inhalter, Material oder Handlungen, déi géint dës Bedéngunge verstoussen, sinn net erlaabt. Andeem Dir mat dëse Bedéngungen averstane sidd, sidd Dir domat averstanne, datt wann Dir dës Servicer benotzt, KI Servicer abegraff, déi Entscheedungen treffen, autonom oder mat verschiddenen Nievauen u mënschlecher Interventioun, datt Dir verflicht sidd follgend Reegelen ze befollegen:
- i. Maacht näischt Illegales, oder probéiert Inhalt ze generéieren oder ze deelen, deen illegal ass.
- ii. Loosst Iech net an iergend eng Aktivitéit eran, déi Kanner exploitéiert, schiedegt oder drot Kanner ze schiedegen.
- iii. Verschéckt kee Spam, engagéiert Iech net mat Phishing oder probéiert keng Malware ze generéieren oder ze verdeelen. Spam ass ongewollt oder ongefrot Massen-Email, Ausschreiwungen, Kontakt-Ufroen, SMS (Textnoriichten), instant Messagen, oder änlech elektronesch Kommunikatiounen. Phishing sinn Emaile schécken oder aner elektronesch Kommunikatiounen, fir illegal a mat Bedruch onéierlecherweis d'Leit dozou ze kréien, hir perséinlech a sensibel Informatiounen wéi Passwierder, d'Nummer vun der Krankekeess, d'Nummere vum Pass, Informatiounen iwwert Kreditkaarten, Finanzinformatiounen oder aner kriddeleg Informatiounen erauszeginn oder fir sech Zougang zu hire Konten oder Datesätz ze verschafen, Dokumenter oder aner kriddeleg Informatiounen, Bezuelungen an/oder finanziell Avantagen ze exfiltréieren. Malware enthält all Aktivitéit, déi geduecht ass fir technesch Schied unzeriichten, esou wéi béisaarteg Ausféierungen auszeliwweren, déi d'Verweigere vu Serviceattacken organiséieren oder Befeeler a Kontrollservere verwalten.
- iv. Gebraucht d'Servicer net, fir ëffentlech ongëeegenten Inhalt oder anert Material (wou z. B. Nuditéit, Bestialitéit, Pornographie, beleidegend Wierder, grafesch Gewalt, Selbstverletzung oder kriminell Aktivitéiten dra verwéckelt sinn) ze deelen oder ze generéieren.
- v. Engagéiert Iech net an Aktivitéiten, déi betrügeresch, falsch oder irreféierend sinn (z. B. froen no Suen ënner falsche Virwänn, sech als een aneren ausginn, falsch Konten erstellen, inauthentesch Aktivitéit automatiséieren, Inhalt generéieren oder deelen, dee virsätzlech irreféierend ass, manipuléiere vun de Servicer fir d'Spillwäertung eropzesetzen, oder d'Plazéierung, d'Bewäertungen oder d'Kommentarer beaflossen).
- vi. Ëmgitt Iech net virsätzlech mat enger vun de Restriktiounen iwwer den Zougang, d'Benotzung oder d'Verfügbarkeet vun de Servicer (z. B. probéieren e KI-System, ze "entspäeren", oder onerlaabt Extraktioun).
- vii. Engagéiert Iech net an Aktivitéiten, déi fir Iech, d'Servicer oder anerer geféierlech sinn, (z. B. Virussen iwwerdroen, stalken, probéieren Inhalt ze generéieren oder ze deelen, dee belästegt, schikanéiert, oder anerer bedrot, poste vun terroristeschem oder gewalttätegem extreemisteschen Inhalt, kommunizéiere vun Hatespeech, oder Gewalt géint anerer fërderen).
- viii. Verletzt oder verstousst net géint Rechter vun aneren (z. B. ongeneemegt Deele vu Musek mat Copyright oder anerem Material mat Copyright, de Weiderverkaf oder anert Verbreede vu Bing Kaarten, oder Fotoe maachen oder Video/Audio-Opname vun aneren ouni hiert Averständnis fir d'Verschaffe vun individuelle biometreschen Identifikatoren/Informatiounen oder all aner Zweck, mam Benotze vun eise Servicer).
- ix. Maacht bei kenger Aktivitéit mat, déi d'Privatsphär vun anere verletzt.
- x. Hëlleft kengem anere géint dës Reegelen ze verstoussen.
- Méi Informatiounen iwwer eis Richtlinnen, d'Moderatioun an d'Duerchféiere vun de Verfaren an de Service-spezifesche Bedéngunge si verfügbar op aka.ms/trustandsafety.
D'Servicer an de Support benotzen
4. D'Servicer an de Support benotzen.
- a. Microsoft-Kont. Dir braucht e Microsoft-Kont fir Zougang op vill Servicer ze hunn. Iwwer Äre Microsoft-Kont kënnt Dir Iech fir Produkter, Websäiten a Servicer umellen, déi vu Microsoft a verschidde Microsoft-Partner bereetgestallt ginn.
- i. Erstelle vun engem Kont. Dir kënnt e Microsoft-Kont schafen, andeems Dir Iech online dofir umellt. Bei der Aschreiwung fir Äre Microsoft-Kont stëmmt Dir zou, keng falsch, ongenee oder irféierend Informatiounen ze ginn. An e puer Fäll huet en Drëtten ewéi Ären Internetserviceubidder Iech eventuell e Microsoft-Kont zougewisen. Wann Dir sou e Microsoft-Konto vun engem aneren Ubidder krut, kann dësen Ubidder extra Rechter iwwert Äre Konto hunn, z. B. den Zougrëff drop hunn oder d'Méiglechkeet de Konto ze läschen. Kuckt wgl, all zousätzlech Bedéngungen, déi Dir vun engem aneren Ubidder krut, well Microsoft keng Verantwortung bezüglech dës zousätzlech Bedéngungen huet. Wann Dir e Microsoft-Kont am Numm vun enger juristescher Persoun, wéi z. B. Ärer Entreprise oder Ärem Employeur, schaaft, garantéiert Dir, dass Dir rechtlech autoriséiert sidd, dës juristesch Persoun un déi virleiend Bedéngungen ze bannen. Dir kënnt Är Microsoft-Kont-Zougangsdaten net un en anere Benotzer oder eng juristesch Persoun iwwerdroen. Fir de Schutz vun Ärem Kont musst Dir Är Kontdetailer an d'Passwuert vertraulech behandelen. Dir sidd fir all d'Aktivitéiten am Zesummenhang mat Ärem Microsoft-Kont verantwortlech.
- ii. Benotzung vum Kont. Dir musst Äre Microsoft-Kont benotzen, dermat en aktiv bleift. Dat bedeit, datt Dir Iech op mannst eemol bannent engem Zäitraum vun zwee Joer umelle musst, fir Äre Microsoft-Kont an déi domat verbonne Servicer aktiv ze halen, ausser wann e méi laangen Zäitraum an der Microsoft-Kont-Aktivitéitsrichtlinn op https://go.microsoft.com/fwlink/p/?linkid=2086738 oder an enger Offer fir e bezuelten Deel vun de Servicer anescht uginn ass oder vum Gesetz anescht virgeschriwwen ass. Wann Dir Iech an där Zäit net aloggt musse mir unhuelen, dass Äre Konto net méi aktiv ass an da maache mir e fir Iech zou. Kuckt wgl. d'Sectioun 4.a.iv.2 fir d'Konsequenzen vun engem zougemaachte Microsoft Kont. Dir musst Iech (separat an Ärer Outlook.com Inbox an an Ärem OneDrive op mannst ee Mol bannent dräi Joer aloggen, soss maache mir Ären Outlook.com an Äre OneDrive fir Iech zou. Wa mir vernünftegerweis de Verdacht hunn, datt Äre Microsoft-Kont der Gefor ausgesat ass, vun engem Drëtte mat bedréierescher Absicht benotzt ze ginn (zum Beispill als Resultat vun engem kompromittéierte Kont), ka Microsoft Äre Kont aussetzen, bis Dir de Besëtzusproch ërem umellt. Baséierend um Ophiewungsvertrag musse mir den Zougrëff op Är Inhalter deelweis oder ganz desaktivéieren. Wann Dir Problemer hutt, fir op Äre Microsoft-Kont zouzegräifen, besicht folgend Websäit: https://go.microsoft.com/fwlink/?LinkId=238656.
- iii. Kanner a Konten. Andeems Dir e Microsoft Konto grënnt oder d'Servicer benotzt, acceptéiert Dir a sidd domat d'Accord, duerch dës Konditioune gebonne ze sinn a behaapt dat Dir entweder den Alter vun der “Majoritéit” do wou Dir wunnt erreecht hutt oder ee vun Ären Elteren oder de legalen Tuteur ass domat d'Accord, an Ärer Plaz duerch dës Konditioune gebonne ze sinn. Wann Dir net wësst ob Dir den Alter vun der “Majoritéit” erreecht hutt do wou Dir wunnt oder dës Sektioun net versteet, da maacht w.z.B. kee Microsoft Kont op ier Dir ee vun Ären Elteren oder Ären Tuteur ëm Hëllef gefrot hutt. Wann Dir ee vun den Elteren oder gesetzlechen Tuteur vun engem Mineur sidd, da sidd Dir an de Mineur averstanen an d'Accord duerch dës Konditiounen gebonnen ze sinn an Dir sidd verantwortlech fir de Mineur beim Gebrauch vun dem Microsoft-Kont oder de Servicer, inklusiv d'Akeef, egal op dem Mineur säi Kont elo op ass oder méi spéit opgemaacht gëtt.
- iv. De Konto zoumaachen.
- 1. Nieft deene Rechter, déi Dir hutt fir ze annuléieren wéi spezifizéiert an der "Réckerstattungspolitik" an der Sectioun hei drënner (Sectioun 9.g), kënnt Dir spezifesch Servicer annuléieren oder Äre Microsoft Kont zu all Moment an ouni Grond zoumaachen. Fir Äre Microsoft-Konto zouzemaachen, gitt wgl. op https://go.microsoft.com/fwlink/p/?linkid=618278. Wann Dir frot fir Äre Microsoft-Kont zouzemaachen, kënnt Dir wiele fir en entweder fir 30 oder 60 Deeg ze desaktivéieren, just fir de Fall, datt Dir Iech et anescht iwwerleet. No deenen 30 oder 60 Deeg gëtt Äre Microsoft-Kont zougemaach. Kuckt d'Sectioun 4.a.iv.2 hei drënner fir eng Erklärung iwwert dat wat geschitt wann Äre Microsoft-Kont zou ass. Wann Dir Iech wärend der Desaktivéierungszäit erëm aloggt, gëtt Äre Microsoft-Kont erëm aktivéiert.
- 2. Wann Äre Microsoft-Kont zougemaach gëtt (entweder vun Iech oder eis), geschéien e puer Saachen. Éischtens erläscht Äert Recht, de Microsoft-Kont ze benotzen an op d'Servicer zouzegräifen direkt. Zweetens läsche mir Daten an Är Inhalter déi mat Ärem Microsoft-Kont a Verbindung stinn oder trennen se op eng aner Weis vun Iech an Ärem Microsoft-Kont (et sief dann, datt mir vum Gesetz hir verflicht sinn, en ze halen, zréck ze ginn oder un Iech oder un eng vun Iech genannten aner Drëttpartei z'iwwerdroen). D'Konsequenz dovun ass datt Dir keen Zougang méi op ee vun de Servicer (oder Ären Inhalt méi kënnt hunn, deen Dir op dëse Servicer stockéiert hutt) déi e Microsoft-Kont brauchen. Dir sollt ëmmer e Backup hunn. Drëttens kéint et sinn datt Dir den Zougang zu Produiten déi Dir kaaft hutt, verléiert.
- b. Moderatioun an Duerchféierung. Vill vun eise Servicer déi Iech erlaben, z'interagéieren, Inhalter ze kreéieren, generéieren a mat Aneren ze deele setze Sécherheetssystemer a fir eis Servicer an aner Notzer ze schützen.
- i. Virschrëften. Eise Verhalenskodex identifizéiert wat verbueden ass, wann Dir eis Servicer benotzt. Eis Richtlinnen zu Inhalt a Verhale fann Dir hei (https://www.microsoft.com/DigitalSafety/policies). Spezifesch Servicer hunn zousätzlech Richtlinnen a Communautéits-Standarden déi sech bei hire Benotzer uwennen, déi hei zur Verfügung stinn (https://aka.ms/trustandsafety).
- ii. Bedenke mellen. Dir kënnt Inhalter a Verhalensweisen déi géint de Verhalens-Code stéisse kéinten hei mellen (https://aka.ms/reportconcerns).
- iii. Iwwerpréiwen. Wann et méiglech ass, setze mir automatiséiert Systemer a Mënsche fir d'Iwwerpréiwe vun Inhalter an, fir suspektéierte Spam, Viren, Bedruch, Phishing, Malware, Jailbreaking oder aner illegal oder schiedlech Inhalter oder Verhalensweisen ze erkennen.
- iv. Ëmsetzung. Mir behalen eis d'Recht fir Inhalt ofzeleenen, wann en d'Späicherplazlimitt oder d'Dateiegréisst, déi vum Service zougelooss gëtt, iwwerschreit. Mir kënnen Inhalt blockéieren, läschen, oder ofleenen, wann et schéngt ewéi wann eise Verhalenscodex oder eng aner Service-Richtlinn verletzt gëtt oder ewéi vum Gesetz virgeschriwwen. Wann Dir dës Bedingunge oder Richtlinne verletzt kënne (https://aka.ms/trustandsafety) mir eppes géint Äre Kont ënnerhuelen. Dëst ka bedeiten, datt gewëssen Eegeschaften oder Servicer nëmme limitéiert zougänglech sinn, d'Ophalen Iech Servicer unzebidden, Äre Microsoft-Kont direkt zoumaachen oder d'Liwwere vun enger Kommunikatioun blockéieren (wéi E-Mail, Deele vun Dateien oder instant Messagen) op oder vun de Servicer. D'Zoumaache vum Zougang op e Service oder Äre Kont kann zum Verloscht vun Inhaltslizenze féieren, assoziéiertem Inhalt, Memberschaften an dem Microsoft Kontestand, verbonne mat Ärem Kont. Wa mir de Verdacht op e Broch mat dëse Bedingungen kontrolléieren, reservéiert sech Microsoft d'Recht fir Ären Inhalt duerchzekucken, fir der Saach nozegoen. Awer, mir kënnen net déi ganz Servicer iwwerwaachen a probéieren dat och net ze maachen. Fir weider Informatiounen iwwert Moderatiouns- an Exekutiounsverfaren (https://www.microsoft.com/DigitalSafety/moderation-and-enforcement), Service-spezifesch Bedéngungen, Zousätzlech Grondsätz a Richtlinnen (https://www.microsoft.com/DigitalSafety/policies/additional-guidelines), an Appeller (https://www.microsoft.com/DigitalSafety/moderation-and-enforcement/appeals), kuckt https://aka.ms/trustandsafety. Informatiounen iwwer eis Richtlinn betreffend Kloe vun Urheberrrechter-Verstéiss kënnen op RICHTLINNEN fonnt ginn.
- c. Aarbechts- oder Schoulkonten. Dir kënnt Iech bei verschiddene Microsoft Servicer umellen mat engem Aarbechts- oder Schoulkont. Wann Dir dat maacht, stëmmt Dir zou, datt de Besëtzer vun der mat Ärer E‑Mail-Adress associéierter Domän iwwer d'Existenz vun Ärem Microsoft-Kont a sengen associéierten Abonnementer benoriichtegt ka ginn, Äre Kont kontrolléieren oder verwalten an op Är Daten, inklusiv den Inhalter vun Äre Kommunikatiounen an Dateien zougräifen a se beaarbechte kann, an datt Microsoft de Besëtzer vun der Domän informéiert, wann de Kont oder d'Date kompromittéiert sinn. Dir sidd och domat averstane dat Äre Gebrauch vun de Microsoft- Servicer den Accorde kann ënnerleien, déi Microsoft mat Ärer Organisatioun huet an et ka sinn, dass dës Konditiounen net uwennbar sinn. Wann Dir schonn e Microsoft-Kont hutt an Dir iwwer eng separat Aarbechts- oder Schoul-E-Mail-Adress op déi vun dëse Bedéngungen erfaasste Servicer zougräift, gitt Dir eventuell opgefuerdert, déi Ärem Microsoft-Kont zougeuerdent E-Mail-Adress z'aktualiséieren, fir weiderhin op d'Servicer zougräifen ze kënnen.
- d. Zousätzlech Ausrüstung / Datentariffer. Fir vill vun den Servicer ze benotze braucht Dir eng Internet Connectioun an/oder en Date/mobille Plang. Dir braucht vläit aner zousätzlech Ausrüstung, wéi en Headset, eng Kamera an e Mikro. Dir sidd verantwortlech fir all Connectioune, Pläng an/oder Equipementer ze liwweren déi néideg sinn fir d'Servicer ze gebrauchen a fir d'Käschten ze bezuelen déi vum(vun de) Fournisseur(e) gefrot ginn fir Är Connectioune, Pläng an Equipementer. Dës Käschte kommen zousätzlech zu de Käschten dobäi, déi Dir fir de Gebrauch vun de Servicer hutt a mir rembourséieren Iech net fir sou Käschten. Informéiert Iech beim jeeweilegen Ubidder, ob a wéi héich Iech Käschte facturéiert ginn.
- e. Servicematdeelungen. Wann et eppes gëtt wat mir Iech iwwert e Service deen Dir benotzt matdeele mussen, schécke mir Iech Service-Matdeelungen an Informatiounen déi mir Iech nom Gesetz matdeele mussen. Wann Dir eis Är E‑Mail-Adress oder Telefonsnummer am Zesummenhang mat Ärem Microsoft-Kont ginn hutt, da kënne mir Iech per E‑Mail oder SMS (Textnoriicht) Servicebenoriichtegunge schécken, inklusiv E‑Mail-Adress oder, fir Är Identitéit ze verifizéieren, éier Är Mobiltelefonsnummer registréiert gëtt, a fir Är Akeef ze verifizéieren. Mir kënnen Iech och Servicematdeelungen op eng aner Aart a Weis (z. B. a Form vun In-Product-Messagen) schécken. Beim Empfang vu Matdeelunge per SMS falen eventuell Daten- oder Noriichtekäschten un. Mir rekommandéieren, dass Dir d'E-Mail-Adress, déi Dir uginn hutt ëmmer kontrolléiert. Wann Dir net domat averstane sidd, Matdeelungen op elektroneschem Wee geschéckt ze kréien, musst Dir ophalen, d'Servicer ze benotzen.
- f. Support. Bestëmmt Servicer kënnen e separaten oder zousätzleche Clientsdéngscht ubidden, deen de Bedéngungen op https://support.microsoft.com ënnerläit, ausser wann anescht spezifizéiert. De Support ass eventuell net fir Virschau- oder Betaversioune vu Funktiounen oder Servicer verfügbar. De Support ass eventuell net fir Virschau- oder Betaversioune vu Funktiounen oder Servicer verfügbar. Verfügbarkeet vum Support kann ënnerschiddlech sinn, baséiert op den Niveau vum Produkt-Liewenszyklus an Dir musst en unerkannten a gültege lizenséierte Service oder Servicer hunn, deen déi uwendbar minimal Ufuerderunge fir d'Supportabilitéit ënnerstëtzt, wéi beschriwwen am Microsoft Liewenszyklus (https://learn.microsoft.com/lifecycle/).
- g. Kënnegung vun Äre Servicer. Wann Är Servicer annuléiert sinn (ob vun Iech oder vun eis), da gëtt éischtens Ären Zougang zu de Servicer direkt gestoppt an Är Lizenz fir d'Software am Bezuch zu de Servicer hält op. Zweetens läsche mir d'Daten oder Ären Inhalt, dee mat Ärem Service verbonnen ass oder trennen en op eng aner Aart a Weis vun Iech an Ärem Microsoft-Kont (et sief dann, d'Gesetz verlaangt, datt mir e behalen, en zréck ginn oder en op Iech oder e vun Iech identifizéierten Drëtten iwwerdroen). Als Konsequenz kéint et sinn, datt Dir keen Zougang méi op d'Servicer hutt (oder Ären Inhalt, deen Dir op dësen Servicer stockéiert hutt). Dir sollt ëmmer e reguläre Backup-Plang hunn. Drëttens kéint et sinn, datt Dir den Zougang zu Produkter, déi Dir kaaft hutt, verléiert. Wann Dir Äre Microsoft Kont annuléiert hutt a keen anere Kont hutt, deen Iech erlaabt Zougang zu de Servicer ze hunn, da kënnen Är Servicer direkt annuléiert ginn.
Notzung vun Appen a Servicer vun Drëtten
5. Notzung vun Appen a Servicer vun Drëtten. D'Servicer kënnen Iech erlaben, Produiten, Servicer, Websäiten, Linken, Inhalter, Material, Spiller, Kompetenzen, Integratiounen, Botten oder Applikatiounen onofhängeg vun Drëtten (Firmen oder Leit déi net vu Microsoft sinn) (“Appen a Servicer vun Drëtten”). Vill vun eise Servicer hëllefen Iech och, Appen a Servicer vun Drëtten ze fannen, Ufroen ze maachen oder mat hinnen ze interagéieren a kënnen Iech erlaben oder vun Iech verlaangen, Ären Inhalt oder Är Donnéeë mat esou engen Appen a Servicer vun Drëtten ze deelen an Dir versteet datt, wann Dir eis Servicer benotzt, Di hinnen den Uerder gitt, Iech Appen a Servicer vun Drëtten zur Verfügung ze stellen. D'Appen a Servicer vun Drëtte kënnen Iech erlaben oder vun Iech verlaangen, Ären Inhalt oder Är Donnéeë beim Verëffentlecher, dem Ubidder oder Bedreiwer un den Appen a Servicer vun Drëtten ze stockéieren. D'Appen a Servicer vun Drëtten bidden Iech eventuell eng Dateschutzerklärung oder erfuerderen, datt Dir hir Bedéngungen akzeptéiert, éier Dir d'Appen a Servicer vun Drëtten installéieren oder benotze kënnt. Kuckt Sectioun 13.b fir zousätzlech Applikatioune kaaft duerch gewësse Storen déi Microsoft gehéieren oder vun hir oder hiren Affiliéiérten exploitéiert ginn (inklusiv, mee net beschränkt op den Office Store, de Microsoft Store op Xbox an de Microsoft Store op Windows). Dir sollt d'Bedéngungen an Dateschutzerklärunge vun Drëtten duerchliesen, éier Dir Appen a Servicer vun Drëtte kaaft, benotzt, ufrot oder mat Ärem Microsoft-Kont verknëppt. Bedéngunge vun Drëtte modifizéieren dës Bedéngungen net. Microsoft gëtt keng Lizenze fir Urheberrechter als Deel vun enger App oder engem Service vun engem aneren Ubidder un Iech eraus. Dir stëmmt zou, datt Dir all Risiko an Haftung iwwerhuelt, déi sech aus Ärer Benotzung vun dësen Appen a Servicer vun Drëtten erginn, an datt Microsoft fir Informatiounen oder Servicer, déi vun Appen a Servicer vun Drëtten ugebuede ginn, net verantwortlech oder haftbar géigeniwwer Iech oder aneren ass.
Service Verfügbarkeet
6. Service Verfügbarkeet.
- a. D'Servicer, Drëtt-Partei-Appen a Servicer, oder Material oder Produkter, déi duerch d'Servicer ugebuede ginn, kënne vun Zäit zu Zäit net verfügbar sinn, kënnen op eng limitéiert Basis ugebuede ginn, oder kënnen ofhängeg vun Ärer Regioun oder Apparat, oder aner extern Faktoren ewéi Är Internet- oder Netzwierkverbindung variéieren. Wann Dir de mat Ärem Microsoft-Kont associéierte Standuert ännert, musst Dir eventuell d'Produkter nei kafen, déi fir Iech verfügbar waren a fir déi Dir an Ärer viregter Regioun bezuelt hutt.
- b. Mir striewen duerno d'Services um Lafen ze halen; awer si ginn net mat engem garantéiere Qualitéitsniveau ugebueden an all Online-Servicer leide geleegentlech ënner Stéierungen an Ënnerbriechungen. Am Fall vun engem Ausfall oder enger Ënnerbriechung vum Service, sidd Dir eventuell kuerzfristeg net an der Lag, Ären Inhalt ofzeruffen. Mir empfielen, datt Dir Ären Inhalt, deen Dir op de Servicer oder mat Hëllef vun Appen a Servicer vun Drëtte späichert, regelméisseg séchert.
Aktualiséierungen un de Servicer oder der Software an Ännerungen un dëse Bedéngungen
7. Aktualiséierung vun de Servicer oder Software an Ännerungen un dëse Bedéngungen.
- a. Mir informéieren Iech doriwwer, wa mir wëlles hunn, dës Bedéngungen ze änneren. Mir kënnen dës Bedéngunge wa néideg wéinst (i) dem uwendbare Gesetz, inklusiv, mee net beschränkt op d’Ännerung vun esou engem Gesetz; (ii) e Rot an/oder eng Unuerdnung baséierend um uwendbare Gesetz; (iii) d’Entwécklung vun de Servicer; (iv) technesch Grënn; (v) Betribsufuerderungen oder (vi) a virdeelhaften Ännerunge vun de Benotzerbedéngungen. Mir informéieren Iech iwwer déi geplangt Ännerung, éier se a Kraaft trëtt, entweeder iwwer de Benotzerinterface, eng E‑Mail-Noriicht oder iwwer iergendeen anert ugemooss Mëttel. Mir bidden Iech d’Geleeënheet, d’Servicer op mannst 30 Deeg éier d’Ännerungen a Kraaft trieden, ze kënnegen. D’Notzung vun de Servicer nom Akraafttriede vun den Ännerunge bedeit, datt Dir den neie Bedéngungen zoustëmmt. Wann Dir net mat dësen neie Bedéngungen averstane sidd, da musst Dir ophalen, d’Servicer ze notzen, an Äre Microsoft-Kont a Bezuch op d’Sektioun 4.a.iv. zoumaachen. Mir weisen Iech och ausdrécklech op dës Tatsaach hin, wa mir Iech iwwer déi geplangt Ännerung vun dëse Bedéngungen informéieren.
- b. Mir kënnen Är Versioun vun der Software automatesch iwwerpréiwen. Dëst ass noutwenneg, fir d’Servicer bereetzestellen a Softwareaktualiséierungen oder Konfiguratiounsännerungen erofzelueden, ouni Iech eppes ze verrechnen, fir d’Servicer ze aktualiséieren, ze verbesseren oder weiderzeentwéckelen. Méiglecherweis gitt Dir och opgefuerdert, d’Software ze aktualiséieren, fir d’Servicer weiderhin notzen ze kënnen. Esou Aktualiséierungen ënnerleien dëse Bedéngungen, et sief dann, se enthalen zousätzlech oder aner Bedéngungen. An deem Fall gëllen déi aner Bedéngungen. Wann Dir déi zousätzlech oder aner uwendbar Bedéngunge fir d’Aktualiséierungen net akzeptéiert, kënnt Dir d’Aktualiséierunge méiglecherweis net kréien oder verwenden. Microsoft ass net verflicht, Aktualiséierunge bereetzestellen, a garantéiert net, datt mir d’Systemversioun ënnerstëtzen, fir déi Dir d’Software, Appen, Inhalt oder aner Produkter kaaft oder lizenséiert hutt. Méiglecherweis ginn Iech automatesch Aktualiséierunge bereetgestallt, déi aus den an dëser Sektioun beschriwwene Grënn net erfuerderlech ass, fir d’Konformitéit vun de Servicer sécherzestellen. Andeem Dir dës Bedéngungen akzeptéiert, erkläert Dir Iech heimat averstanen, esou Aktualiséierunge bereetgestallt ze kréien.
- c. Mir schaffe stänneg un der Verbesserung vun de Servicer a kënnen d’Servicer jidderzäit änneren oder Funktioune läschen oder den Zougrëff op Drëttubidder-Appen a ‑Servicer an dëser Hisiicht astellen, inklusiv, awer net beschränkt op, wann eis Ofkommesse mat Drëtten eis et net erlaben, hiert Material zur Verfügung ze stellen, wann et fir eis net méi méiglech ass, se bereetzestellen, wann d’Technologie viruschreit, oder wann de Feedback vu Clienten dorop hindeit, datt eng Ännerung erfuerderlech ass. Mir benoriichtegen Iech op d’mannst 30 Deeg am Viraus, wann eng Ännerung un de Servicer dozou féiert, datt Dir den Zougrëff op Ären Inhalt verléiert. Bei bezuelte Servicer informéiere mir Iech och am Viraus iwwer aner weesentlech Ännerungen un de Servicer. Ausser an deem Ëmfang, wéi et am Gesetz virgesinn ass, si mir net derzou verflicht, fir Material, Digital Wueren (wéi a Sektioun 13.j) definéiert) oder virdru kaaft Applikatiounen, en erneiten Download oder Ersatz bereetzestellen. Wa mir e bezuelte Service kënnegen, kritt Dir d’Geld alliquot zeréckbezuelt, an zwar op Basis vun der bezuelter Zomm deen Undeel, deen dem Deel vum Service entsprécht, dee virun der Kënnegung nach iwwereg war.
- d. Fir datt Dir Material notze kënnt, dat mat Digital Rights Management (DRM) geschützt ass wéi Musek, Spiller, Filmer, Bicher a méi kann d’DRM-Software automatesch en Onlinerechterserver kontaktéieren, fir DRM-Aktualiséierungen erofzelueden an ze installéieren.
Software Lizenz
8. Softwarelizenz. Ausser begleet vun engem separaten Microsoft Lizenz Accord (zum Beispill, wann Dir eng Microsoft Applikatioun benotzt déi bei Windows abegraff ass an Deel dovun ass, da regelen d'Lizenz-Konditioune vu Microsoft Software fir de Windows Operating System esou ee Software), all d'Software dat mir Iech als Deel vun de Servicer liwweren ass dëse Konditiounen ënnerleeën. Applikatioune déi kaaft goufen duerch Store déi Microsoft gehéieren oder vun hir oder hiren Affiliéierten bedriwwe ginn (inklusiv mee net beschränkt op den Office Store, Microsoft Store op Windows an Microsoft Store op Xbox) falen ënnert d'Sectioun 13.b.i hei drënner.
- a. Wann Dir Iech un dës Bedingungen haalt, gi mir Iech d'Recht fir d'Software ze installéieren oder fir eng (1) Kopie pro Apparat ze benotzen an dat weltwäit mä just fir eng (1) Persoun gläichzäiteg. Op bestëmmten Apparater ka sou eng Software fir Är perséinlech, net kommerziell Benotzung vun de Servicer virinstalléiert sinn. D'Software oder d'Websäit, déi en Deel vun de Servicer ass, ka Coden enthale vun engem Drëtten Ubidder. Coden oder Skripter vun engem Drëtten Ubidder, op dee vun der Software oder der Websäit hin e Link oder eng Referenz geet, ginn Iech vun deem Drëtten Ubidder lizenséiert, deen esou ee Code besëtzt, an net vu Microsoft . HIWÄIS, wann et der ginn, fir den Drëttpartei Code sinn dran, nëmmen als Informatioun.
- b. Dir hutt just eng Lizenz op d'Software, Dir hutt d'Software net kaaft a Microsoft behält all d'Rechter op der Software, souwäit net ausdrécklech an dëse Bedingunge steet, dass se iwwerginn. Dës Lizenz gëtt Iech kee Recht fir an erlaabt Iech net, onrechtméisseg:
- i. laanscht déi technologesch Schutzmoossnamen, déi mat der Software oder de Servicer ze dinn hunn, probéieren ze kommen;
- ii. en Deel vun de Service, deen duerch d'Servicer accessibel oder an de Servicer inkludéiert ass ausenaner huelen, dechiffréieren, hacken, kopéieren, se ausnotzen, ausser an deem Ausmooss deen vum Gesetz ausdrécklech erlaabt ass.
- iii. Deeler vun der Software oder de Servicer fir de Gebrauch op verschiddenen Apparater ausenaner huelen ;
- iv. d'Software oder d'Servicer ze verëffentlechen, kopéieren, verlounen, leasen, verkafen, exportéieren, importéieren, ze verdeelen oder ze léinen, et sief dann dat Microsoft Iech et ausdrécklech erlaabt;
- v. d'Software, Software Lizenzen oder iergend eng Rechter fir Zougang zu de Servicer ze kréien oder se ze gebrauchen, ze iwwerdroen;
- vi. d'Servicer op iergend eng onerlaabten Art a Weis ze benotzen, déi mat iergend engem Anere sengem Gebrauch dovun interferéire kéinten oder Zougang ze kréien zu iergend engem Service, zu Daten, Konten oder engem Netzwierk;
- vii. Zougang ze erméiglechen zu den Servicer oder iergend een vu Microsoft-erlaabtent Gerät ze änneren (z.B. Xbox Konsolen, Microsoft Surface, etc.) duerch onerlaabt Drëttpartei Applikatiounen.
Bezuel-Bedéngungen
9. Bedéngungen. Wann Dir e Service kaaft, gëllen dës Bezuelbedéngunge fir Äre Kaf an Dir stëmmt hinnen zou.
- a. Käschten. Wa Käschten duerch en Deel vun de Servicer entstinn, sidd Dir averstanen dës Käschten ze bezuelen. De Präis, dee fir d'Servicer uginn ass, ass mat allen uwendbare Steieren, ausser de Contraire géif do stoen. Dir hutt déi elengeg Verantwortung fir esou Steieren an aner Käschten ze bezuelen. Steiere ginn op Basis vun Ärem Wunnuert gerechent, zu deem Moment wou Äre Microsoft-Konto registréiert gouf, falls näischt aneschters do steet. Nodeem mir Iech matgedeelt hunn, datt mir eng Bezuelung net pünktlech oder net vollstänneg kritt hunn, kënne mir d'Servicer spären oder kënnegen, wann Dir de volle Betrag net bannent dem gesaten Delai bezuelt. Duerch eng Spärung oder Kënnegung vun de Servicer wéinst ausbleiwende Bezuelungen, kënnt Dir den Zougrëff op Äre Kont an Ären Inhalt verléieren. Wann Dir Iech mam Internet iwwer en Entreprisennetzwierk oder en anert privat Netzwierk verbannt, dat Är Positioun verstoppt, kënnen aner Käschten entstoen, wéi déi Käschten, déi fir Är tatsächlech Positioun ugewise ginn. Ofhängeg vun Ärem Standuert, erfuerderen e puer Transaktiounen eventuell eng auslännesch Wärungsëmrechnung oder se mussen eventuell an engem anere Land verschafft ginn. Är Bank kann zousätzlech Käschte fir déi Servicer berechnen, wann Dir eng Kredit- oder Debitkaart benotzt. Frot wgl. bei Ärer Bank no fir weider Detailer.
- b. Äre Rechnungskont. Fir d'Käschte vun de Servicer bezuelen ze kënnen, biede mir Iech eng Method, fir ze bezuelen unzeginn, wann Dir e Kont fir dee Service opmaacht. Fir all Servicer ausser Skype kënnt Dir Är Rechnungsinformatiounen a Bezuelmethod op der Microsoft Kontverwaltungs-Websäit (https://go.microsoft.com/fwlink/p/?linkid=618281) änneren a fir d'Skype-Software a Produkter andeem Dir Iech op Ärem Konteportal op https://skype.com/go/myaccount umellt. Ausserdeem gitt Dir Microsoft d'Erlaabnis, Är duerch Är Bank zur Verfügung gestallten aktualiséiert Kontinformatiounen, fir déi gewielt Bezuelmethod ze benotzen. Dir stëmmt zou, Äre Kont an aner Informatiounen, inklusiv Ärer E‑Mail-Adress a Bezuelmethodsdetailer direkt z'aktualiséieren, fir datt mir Är Transaktioune vervollstännegen an Iech am Zesummenhang mat Ären Transaktioune kontaktéiere kënnen. Wann Dir eis sot, dass mir ophale sollen, Är Bezuelmethod ze benotzen a wann Dir eis bannent enger gewësser Zäit keng nei Bezuelmethod ugitt, obwuel mir Iech doriwwer Bescheed gesot hunn, kënne mir Äre bezuelte Service, aus guddem Grond suspendéieren oder kënnegen. Ännerungen un Ärem Rechnungskonto änneren d'Käschten net, déi mir vun Ärem Konto erofhuelen, falls mir net genuch Zäit haten, fir déi Ännerungen ze berücksichtegen.
- c. Rechnungen. Andeem Dir Microsoft eng Bezuelmethod ugitt, (i) verséchert Dir, datt Dir autoriséiert sidd, fir déi Bezuelmethod, déi Dir uginn hutt, ze gebrauchen an datt d'Bezuel-Informatiounen, déi Dir uginn hutt, richteg a korrekt sinn; (ii) autoriséiert Dir Microsoft, d'Servicer oder den disponibelen Inhalt ze verrechnen an Är Bezuelmethod ze gebrauchen; an (iii) Dir autoriséiert Microsoft Iech all bezuelbar Poste vun de Servicer ze verrechnen, fir déi Dir beschloss hutt, Iech unzemellenen oder ze benotze wärend deem dës Konditioune gülteg sinn. Wéi spezifizéiert, kënne mir Iech (a) am Viraus facturéieren; (b) am Moment vum Akaf facturéieren; (c) kuerz nom Akaf oder (d) op enger erëmkommender Basis fir d'Abonnement-Servicer facturéieren. Ausserdeem kënne mir Iech dee vun Iech erlaabte Betrag verrechnen, an Dir gitt am Viraus iwwert all Ännerung vum Betrag informéiert, dee fir periodesch Abonnementsdéngschter verrechent soll ginn, an och am Fall vun enger Präisännerung, wéi et am Abschnitt 9.j hei ënnen erkläert gëtt. Mir kënnen Iech gläichzäiteg, fir méi ewéi eng vun Äre fréieren Ofrechnungsperiode Beträg verrechnen, déi nach net virdru verschafft goufen.
- d. Erëmkommend Bezuelungen. Wann Dir d'Servicer op eng Abonnementsbasis kaaft (z. B. méintlech, all dräi Méint oder op d'Joer), sidd Dir averstanen, datt Dir widderhuelend Paiementer autoriséiert, an d'Paiementer ginn u Microsoft iwwer d'Method an zu den Intervallen, mat deenen Dir beim Abonnement averstane waart, bis datt den Abonnement fir dee Service vun Iech oder vu Microsoft gekënnegt gëtt. Dir musst Är Servicer virum nächste Verrechnungsdatum kënnegen, fir datt fir déi weider Notzung vun Äre Servicer keng weider Käschten ufalen. Mir stellen Iech Instruktioune bereet, wéi Dir d'Servicer kënnege kënnt. Dir kënnt widderhuelend Paiementer an ÄremMicrosoft Kont (https://account.microsoft.com/servicesgeréieren). Andeem Dir widderhuelend Paiementer autoriséiert, authoriséiert Dir Microsoft fir Äert Bezuelinstrument ze späicheren an esou Paiementer duerchzeféieren als entweder elektronesch Lastschrëft oder Iwwerweisungen, oder als elektronesch Virlag vun Ärem zougewisene Kont (fir déi Automatiséiert Clearing House oder änlech Paiementer), oder als Käschten op Äem zougewisene Kont (fir Kreditkaart oder änlech Paiementer) (zesummen, "Elektronesch Paiementer"). Abonnementskäschte ginn am Allgemengen am Viraus fir de jeeweilegen Abonnementszäitraum facturéiert bzw. belaascht. Wann eng Bezuelung onbezuelt zeréckgebucht oder wann eng Kreditkaarten- oder änlech Transaktioun ofgewisen oder verweigert gëtt, behale sech Microsoft oder seng Déngschtubidder d'Recht vir, ufalend Käschte fir Réckbuchungen, Zeréckweisungen oder mangelnd Deckung ze facturéieren a sou eng Bezuelungen als Elektronesch Bezuelung duerchzeféieren.
- e. Online-Kontoauszug a Feeler. Fir all Servicer ausser Skype kritt Dir vu Microsoft eng Online-Ofrechnung op der Microsoft Konteverwaltungs-Websäit (https://go.microsoft.com/fwlink/p/?linkid=618284), wou Dir Ären Auszug kucken an ausdrécke kënnt. Fir Skype gesitt Dir Är Online-Ofrechnung andeem Dir Iech an Ärem Kont aloggt op www.skype.com (https://www.skype.com). Dat ass déi eenzeg Rechnung, déi Dir vun eis kritt. Eng Rechnung mat TVA ka jee no Service a Land bereetgestallt ginn. Wa mir e Feeler mat Ärer Rechnung maachen, verbessere mir dat esou séier wéi méiglech, nodeems Dir eis informéiert hutt (oder mir et gemierkt hunn) a mir kontrolléieren d'Iwwerweisung nach eng Kéier. Mir empfeelen, datt Dir eis en offensichtleche Feeler an Ärer Rechnung bannent 120 Deeg ugitt, well mir Korrekturen innerhalb vun dësem Zäitraum méi einfach maache kënnen. Dir kënnt Är Ufroen zu dësen Zwecker un de Konsumente-Support Service riichten, wéi an der Sectioun 4.e. uginn.
- f. Remboursements-Richtlinn. Dir kënnt – mat oder ouni Grond – bannent enger Widderrufsfrist ("Bedenkzäit") vu véierzéng (14) Deeg ab dem Kafdatum widderrufen. Wann de Service um Zäitpunkt vun der Kënnegung deelweis bereetgestallt gouf, kritt Dir e gestaffelte Remboursement. D'Bedenkzäit hält op, soubal Iech de Service vollstänneg bereetgestallt gouf; duerno kann Iech de Kaf net rembourséiert ginn. Wann Dir digitalen Inhalt bei eis kaaft, verwerft Dir Äert Récktrëttsrecht, soubal Dir mam Download ufänkt. Wann et net aneschters vum Gesetz oder enger extraer Offer vun engem Service ugi gëtt, sinn all Akeef definitiv a kënnen net rembourséiert ginn. Fir all Services ausser Skype kritt Dir all Informatiounen an Uweisungen iwwer wéi Dir e Service kënnegt an e Remboursement ufrot, andeem Dir de Widderruffsformular ausfëllt, wann Dir berechtegt sidd e Remboursement ze kréien, op der Microsoft Konteverwaltungs-Websäit (https://go.microsoft.com/fwlink/p/?linkid=618284). Fir Skype, fëllt wgl. de Widderuffsformular aus a gitt déi Informatiounen un, déi Dir hei (https://go.microsoft.com/fwlink/p/?linkid=618286) kritt. Wann Dir mengt, datts Microsoft Iech fälschlecherweis Suen ofgezunn huet, musst Dir Microsoft kontaktéieren a mir kucken dat dann no. Wa mir e Remboursement maachen oder Iech e Guthabe ginn, sti mir net an der Verflichtung dat selwecht och an Zukunft nach eng Kéier ze maachen. Dës Virschrëften zu de Remboursementer hu keen Afloss op Är gesetzlech festgeluechte Rechter. Fir méi Remboursementsinformatiounen, gitt wgl. op eis Hëllefstheemen (https://go.microsoft.com/fwlink/p/?linkid=618283).
- g. D'Servicer kënnegen. Dir kënnt d'Services zu all Moment op der Servicer- an Abonnementsverwaltungssäit an Ärem Microsoft-Kont (https://account.microsoft.com/) kënnegen oder andeem Dir de Clientsservice ewéi hei uewen an der Sektioun 4.e. beschriwwe kontaktéiert. D'Kënnegung vu bezuelte Servicer stoppt zukünfteg Käschte fir de Service virunzeféieren. Iwwerpréift fir d'éischt nach eng Kéier genee d'Offer, an där d'Servicer beschriwwe ginn, well (i) Dir eventuell bei der Kënnegung kee Remboursement kritt, (ii) Dir eventuell verflicht sidd, Kënnegungskäschten ze bezuelen, (iii) Dir eventuell verflicht sidd, all d'Käschten ze bezuelen, mat deenen Äre Facturatiounskont fir d'Servicer virum Kënnegungsdatum belaascht gouf, an (iv) Dir eventuell den Zougrëff op Äre Kont verléiert, wann Dir d'Servicer kënnegt. Mir beaarbechten Är Daten ewéi a Sektioun 4 uewe beschriwwen. Wann Dir kënnegt, ennegen Är Servicer um Enn vum aktuelle Servicezäitraum oder, wa mir Äre Kont regelméisseg verrechnen, um Enn vum Zäitraum wou Dir gekënnegt hutt. Wann Dir bei Ärer Bank eng Zréckbuchung oder eng Annulatioun vun Ärem Paiement initiéiert, huele mir un, datt Dir d'Annulatioun vum Datum vum Ufanks-Paiement u gemaach hutt an eis erlaabt, Äre Service direkt ze annuléieren an/oder all Inhalter ze revoquéieren, déi Iech als Géigeleeschtung fir esou e Service zur Verfügung gestallt goufen.
- h. Testperiod-Offeren. Wann Dir un enger Testperiodoffer deelhuelt, musst Dir den/d'Testversiounservice(r) eventuell virum Enn vum Zäitraum – deen Iech matgedeelt gouf, wéi Dir d'Offer akzeptéiert hutt – kënnegen, fir ze vermeiden, datt Dir de Service/d'Servicer um Enn vun der Testperiod weider verrechent kritt. Fir gewëssen Testperiod-Offeren kënne mir déi automatesch Erneierung uschalten.
- i. Promotiouns-Offeren. Heiansdo ka Microsoft Servicer fir eng Testperiod ubidden, wärend där Microsoft Iech eng Zäit laang näischt fir d'Servicer verrechent. Microsoft behält sech d'Recht vir, Iech dës Servicer (fir den Normalpräis) ze facturéieren, wann Dir géint d'Bedéngunge vun der Offer verstousst.
- j. Präisännerungen. Wann e feste Präis an eng bestëmmt Lafzäit fir Är Serviceoffer gëllt, gëllt dëse Präis fir déi betreffend Lafzäit. Wann Dir de Service méi laangt wëllt halen, da musst Dir der neier Offer an dem neie Präis zoustëmmen. Wann Är Déngschter op reegelméisseger Basis (z. B. méintlech) an ouni bestëmmten Dauer ugebuede ginn an et sech net ëm eng Testoffer handelt, kënne mir de Präis fir di'Déngschter änneren, wa mir d'Servicefunktiounen änneren, Neier dobäi maachen oder verbesseren, an deem Mooss wou sech d'Käschte fir d'Bereetstelle vun den Déngschter entspriechend geännert hunn, oder als Reaktioun op Maartännerungen (z. B. opgrond vun Aarbechtskäschten, Wärungsschwankungen, Ännerunge vu Steieren/Virschrëften, Inflatioun, Lizenzfraisen, Infrastruktur- a Verwaltungskäschten). Mir informéieren Iech op mannst 30 Deeg éier d'Präisännerung a Kraaft trëtt. Dir hutt d'Recht, d'Déngschter virun der Präisännerung no Abschnitt 9.g hei uewen ze kënnegen. Wa mir Iech d'Präisännerung matdeelen, gitt Dir och iwwert d'Grënn an den Ëmfang vun der Präiserhéijung informéiert an dorun erënnert, datt Dir d'Déngschter kënnege kënnt. Jee no dem Standuert kënne mir och vun Iech verlaangen, der Ännerung ausdrécklech zouzestëmmen an d'Déngschter um Ënn vun der lafender Ofrechnungsperiod oder um Datum vum Akraafttriede vun der Präisännerung kënnegen, wann Dir dës Zoustëmmung net gitt. An all anere Fäll gi Dir doriwwer informéiert, datt den neie Präis a Kraaft trëtt, wann Dir d'Déngschter net kënnegt, a mir géifen Iech och drun erënnere wann Dir d'Déngschter kënnege kënnt.
- k. Paiementer un Iech. Wa mir Iech eng Iwwerweisung schëlleg sinn, da verséchert Dir eis, dass Dir déi richteg Informatiounen uginn hutt, sou dass mir d'Iwwerweisung un Iech maache kënnen. Dir sidd responsabel fir Iech ëm all Steieren a Käschten ze këmmeren, déi mat sou enger Iwwerweisung un Iech, opkommen. Dir musst Iech och un all aner Bedéngung anhalen, déi mir un Iech stellen, fir dass Dir d'Recht op eng Iwwerweisung un Iech behaalt. Wann Dir eng Iwwerweisung kritt, déi Iech net zousteet, kënne mir dës Iwwerweisung réckgängeg maachen oder Iech dozou opfuerdere se zréckzebezuelen. Dir sidd domadder averstane ies ze ënnerstëtzen a bei eisen Ustrengungen, dat ze maachen, mat eis ze kooperéieren. Mir kënnen och de Paiement un Iech, ouni am Viraus unzekënnegen, reduzéieren fir Är viregt Iwwerbezuelung unzepassen.
- l. Spéit Paiementer. Am Fall vu spéide Paiementer musst Dir fir räsonabel Käschten opkommen, déi ufale fir déi virdru fälleg Zommen inklusiv Affekotskäschten an aner geriichtlech Fraisen a Käschten wéi duerch d'Gesetz an d'Regelen erlaabt. Mir kënnen Äre Service suspendéieren oder kënnegen, wann Dir net ganz oder ze spéit bezuelt nodeems mir Iech e Rappel geschéckt hunn (mat Informatiounen, dass mir Är Servicer suspendéieren an/oder kënnege wäerten) fir dass Dir d'Iwwerweisung bannent enger gewësser Zäit maacht. Dir kënnt eng Suspensioun oder eng Kënnegung vermeiden, wann Dir d'Iwwerweisung bannent enger gewësser Zäit, déi am Rappel steet, maacht. Eng aner Prozedur gëtt benotzt, wann de Betrag dee feelt kléng ass. Wann dee Betrag, de feelt manner wéi 2% vun der ganzer Zomm ass, ass et fir eis ëmmer e klénge Betrag. Duerch eng Spärung oder Kënnegung vun de Servicer wéinst ausbleiwend Bezuelunge kënnt Dir den Zougrëff op Äre Microsoft-Kont verléieren.
- m. Kaddoskaarten. D'Aléisen an d'Benotze vu Kaddoskaarten (ausser Skype-Kaddoskaarten) ënnerleien de Bestëmmunge vun de Microsoft Kaddoskaart-Bestëmmungen a Bedéngungen (https://support.microsoft.com/help/10562/microsoft-account-gift-card-terms-and-conditions). Informatiounen iwwer Skype-Kaddoskaarte si verfügbar op der Skype Hëllefssäit (https://go.microsoft.com/fwlink/?LinkId=615383).
- n. Bankkont-Bezuelmethod. An Ärem Microsoft-Kont kënnt Dir als Bezuelmethod e gëeegente Bankkonto uginn. Berechtegt Bankkonte si Konten, déi bei engem Finanzinstitut gehale ginn, an déi fäeg si fir Lastschrëftagäng ze kréien (z.B. e Finanzinstitut baséiert an de Vereenegte Staaten, dat en automatiséiert Clearing House Agäng ("ACH") ënnerstëtzt, en Europäescht Finanzinstitut, dat den Eenheetlechen-Euro-BezuelRaum ("SEPA") oder "iDEAL" an Holland) ënnerstëtzt. Et gëllen zousätzlech d'Bedéngungen, déi Dir acceptéiert, wann Dir Äre Bankkonto bei Äre Microsoft-Kont (am Fall vu SEPA z. B. de "SEPA-Mandat") als Bezuelmethod dobäisetzt. Dir erkläert a garantéiert, dat Äre registréierte Bankkont op Ären Numm leeft oder Dir berechtegt sidd, dëse Bankkont zu registréieren an als Paiementsmethod zu benotzen. Duerch d'Registréierung oder d'Wiel vun Ärem Bankkont als Paiementsmethod erlaabt Dir Microsoft (oder säi Vertrieder), een oder méi Debiten vum totale Betrag vun Äre Kaf- oder Abonnementskäschten (no de Konditioune vun Ärem Abonnementsservice) vun Ärem Bankkont ze initiéieren (a, falls néideg, een oder méi Kreditter op Äre Bankkont ze initiéieren fir Feeler ze korrigéieren, eng Zréckbezuelung oder an ähnlechen Zweck ze ordonnéieren), an Dir autoriséiert d'Finanzinstitut, an deem Äre Bankkonto ass, esou eng Debiten ofzezéien oder esou eng Krediter ze akzeptéieren. Dir verstitt dat dës Erlaabnes hir ganz Gültegkeet an Effekt behält bis Dir d'Informatioune vu Ärem Bankkont vun Ärem Microsoft Kont ewech huelt. Kontaktéiert de Konsumenten Support wéi uewen an der Sectioun 4.e beschriwwen esou schnell wéi méiglech wann Dir mengt et wär e Feeler an der Käschten ënnerlaf. Déi an Ärem Land gülteg Gesetzer kënnen och Är Haftung fir frauduléis, feelerhaft oder net autoriséiert Transaktiounen vun Ärem Bankkont aus aschränken. Andeems Dir e Bankkonto als Bezuelmethod ugitt oder wielt, bestätegt Dir, dass Dir dës Bedéngunge gelies a verstanen hutt an acceptéiert.
Vertragseenheet, Rechtswal a Sträitbäileeungsstanduert
10. Entitéit déi de Kontrakt ënnerschreift, Choix vum Gesetz a Plaz fir Sträitegkeeten ze klären. Wann Dir an (oder, wann Dir eng Firma sidd, Är Haaptplaz, wou Dir Geschäfter maacht) der Europäescher Unioun, Island, Liechtenstein, Norwegen, Schwäiz oder dem Vereenegten Kinnekräich lieft, an Dir gebraucht gratis oder bezuelte Servicer, da schléisst Dir e Kontrakt of mat Microsoft Ireland Operations Limited, One Microsoft Place, South County Business Park, Leopardstown, Dublin 18, Irland (ageschriwwen beim Companies Registration Office an Irland ënnert der Nummer 256796, TVA Nummer: IE 8256796 U, mat enger registréierter Adress op 70 Sir John Rogerson’s Quay, Dublin 2, Irland). All Fuerderungen am Zesummenhang mat gratis a bezuelte Servicer ënnerleien de Gesetzer vun Irland, awer dëst erkennt Iech de verflichtende Konsumenteschutz laut Gesetz vum Land net of, an deem mir Iech Är Servicer bereetstellen a wou Dir Äre stännege Wunnsëtz hutt (oder am Fall vun enger Entreprise, wou Dir Ären Haaptgeschäftssëtz hutt). Hisiichtlech vun der Rechtsuerdnung erkläert Dir a Microsoft Iech domat averstanen, fir all Litigen, déi aus dëse Bedéngungen entstinn oder domat am Zesummenhang stinn, déi zoustänneg Geriichter an deem Land, an deem mir Iech Är Servicer ubidden an an deem Dir Äre gewéinleche Wunnsëtz hutt, ze wielen; Dir kënnt awer och dat zoustännegt Geriicht an Irland wielen.
Garantien
11. Garantien. Wann Dir e Konsument sidd, hutt Dir nom Gesetz bestëmmt Rechter. Dës Rechter ëmfaassen eng Verflichtung vu Microsoft, d’Servicer mat ugemoossener Suergfalt a Kompetenz bereetzestellen. Näischt an dëse Bedéngungen ass dozou geduecht, eis Haftung fir e Verstouss vu Microsoft géint dës Bestëmmungen ze beschränken oder auszeschléissen, an Dir profitéiert vun der gesetzlecher Garantie fir Konformitéit a verstoppt Mängel geméiss dem Recht vum Land, an dat mir Är Servicer leeden. Hei (https://www.microsoft.com/en-gb/store/b/aboutwarranties) gitt Dir méi iwwer Är statutaresch Rechter gewuer. VIRBEHALTLECH DER UEWE GENANNTER GARANTIE AN AUSSER A FÄLL, AN DEENE MIR A BÉISER ABSICHT VERSTOPPT MÄNGEL HUNN ODER MÄNGEL D’NOTZUNG VUN DE SERVICER ONMÉIGLECH GEMAACH HUNN, AN AUSSER FIR BEZUELT SKYPE-PRODUKTER, STELLE MIR D’SERVICER "ESOU WÉI SE SINN", "MAT ALLE FEELER" A "WÉI VERFÜGBAR" BEREET. MIR GARANTÉIEREN NET FIR D’RICHTEGKEET ODER D’AKTUALITÉIT VUN DE SERVICER. DIR AKZEPTÉIERT A STËMMT ZOU, DATT COMPUTER- AN TELECOMMUNICATIOUNSSYSTEMER NET FEELERFRÄI SINN AN DATT GELEEËNTLECH AUSFALLZÄITEN OPTRIEDE KËNNEN. MIR KËNNEN NET DOFIR GARANTÉIEREN, DATT D’SERVICER NET ËNNERBRACH GINN, AKTUELL, SÉCHER ODER FEELERFRÄI SINN. MIR AN EIS PARTNER, VERBONNEN ENTREPRISEN, VERKEEFER, DISTRIBUTEUREN A LIWWERANTE GI KENG AUSDRÉCKLECH GARANTIEN ODER KONDITIOUNEN. IECH STINN ALL VERFLICHTEND GARANTIEN ZOU, AWER MIR GEWÄRE KENG ANER GARANTIEN. MIR SCHLÉISSEN ALL IMPLIZÉIERT VERFLICHTEND GARANTIEN AUS, INKLUSIV DÉI FIR MÄNGELGEWÄRLEESCHTUNG, EEGNUNG FIR E BESTËMMTE GEBRAUCH, FACHMÄNNESCHEN OPWAND, AN NET-ZUWIDDERHANDLUNG ESOUWÄIT DAT GEMÉISS GËLLENDEM RECHT ZOULÄSSEG ASS.
Haftungsbegrenzung
12. Haftungsbegrenzung.
- a. Microsoft dréit net d'Haftung fir Ären Inhalt, Äert Material oder Material vun Drëtten, dozou gehéiere Linken op Websäite vun Drëtten an Aktivitéiten, déi vu Benotzer ugebuede ginn. Sou Inhalter an Aktivitéiten kënne Microsoft net ugehaange ginn a si vertrieden net d'Meenunge vu Microsoft.
- b. Microsoft ass nëmmen haftbar, wa materiell Verpflichtunge vum Ofkommes verletzt goufen, oder wann et vum Gesetz gefuerdert ass.
- c. Microsoft, seng Stellvertrieder an/oder juristesch Representanten droen keng Haftung fir en indirekte Schued, dozou gehéiere finanziell Verloschter, sou wéi de Verloscht vun engem Benefice, ausser Microsoft, seng Stellvertrieder an/oder juristesch Representanten hätte wéinstens schlëmm faarlässeg oder express falsch gehandelt.
- d. Statutaresch onverschold Haftung vu Microsoft, inklusiv, statutarescher Haftung fir Garantieverstéiss, bleiwen duerch d'Aschränkung vun der Haftung onberéiert. Dat selwecht gëllt fir d'Garantië vu Microsoft, seng Stellvertrieder an/oder juristesch Representanten am Fall vun engem Bedruch oder wann hir Faarlässegkeet zum Doud oder enger Verletzung vun enger Persoun féiert.
- e. Mircosoft ass net responsabel oder haft net, wa Verflichtunge laut dëse Bedingungen net erfëllt oder ze spéit erfëllt ginn, falls dat duerch Ëmstänn bedéngt war, déi net vu Microsoft kontrolléiert kënne ginn (z. B. gewerkschaftlech Disputen, d'Agräife vu Gott, Krich oder Terrorismus, Sabotage oder Vandalismus, Accidenter oder d'Anhale vu de relevante Gesetzer oder Regierungsvirschrëften). Microsoft gëtt sech Méi fir d'Effekter vu sou Evenementer ze minimiséieren an déi Verflichtungen, déi net betraff sinn, ze erfëllen.
Service spezifesch Bedingungen
13. Service spezifesch Bedingungen. D'Bedingunge vir an nom Deel 13 gëllen am Allgemenge fir all Servicer. Dës Sektioun enthält servicespezifesch Bedéngungen, déi zousätzlech niewent den allgemenge Bedéngunge gëllen. Wa sech allgemeng a servicespezifesch Bedéngunge widderspriechen, hunn déi servicespezifesch Bedéngunge Virrang.
Xbox
- a. Xbox.
- i. Perséinlech Net-Gewerblech Notzung. Den Xbox-Onlinedéngscht, d'Spiller vun den Xbox Game Studios (d'Mojang-Spiller abegraff) (https://www.xbox.com/xbox-game-studios), Applikatiounen, Abonnementer (z.B. Xbox Game Pass Abonnementsservice Offeren), Servicer (z.B. Xbox Cloud Gaming) an Inhalt geliwwert vu Microsoft (kollektiv, d' "Xbox Servicer") sinn nëmme fir Äre perséinlechen an net-kommerziellen Notze bestëmmt.
- ii. Xbox Services. Wann Dir Iech fir Xbox-Servicer umellt, da ginn Informatiounen iwwert Äert Spill-Verhalen, Är Aktivitéiten an den Notze vu Spiller an Xbox-Servicer noverfollegt an entspriechend Drëttparteien, inklusiv Spillentwéckler a Verëffentlechter, matgedeelt, esou dat Microsoft d'Xbox-Servicer bereetstelle kann an Drëttparteie Spiller an Déngschter bedreiwe kënnen, déi net vu Microsoft stamen. Wann op d'Xbox-Déngschter iwwer Plattforme vun Drëttubidder zougegraff gëtt, kënnen Informatiounen iwwert Äert Spill, Är Aktivitéiten an Ären Notze vu Spiller an Xbox-Déngschter vun dëse Plattformen noverfollegt a weidergi ginn, ënnert der Reserve vun de Bedingungen an den Dateschutzrichtlinne vun dësen Drëttubidder. Wann Dir Iech op enger anerer Plattform oder Gerät mat Ärem Microsoft Kont umellt oder Äre Micirsift Kont mat esou Plattformen oder Geräter verbannt, fir op Xbox Servicer zouzegräifen (fir zum Beispill XBox Game Studios op aner Plattformen oder Geräter zouzegräifen) oder ofr op net-Microsoft Servicer zouzegräifen (zum Beispill, en net-Microsoft Spiller-Editeur vun Drëtt-Partei Appen a Servicer), da sitt Dir averstane fir: (a) Microsoft kann an engem begrenzten Ëmfang Konten a Notzer Informatiounen (besonnesch Gamertag, Spillerscore, Spillstand, Spillverlaf, Notzerdaten a Frënnslescht) un dës Net-Microsoft-Partei weiderginn, wéi an der Microsoft-Dateschutzerklärung uginn, a (b) wann Är Xbox-Dateschutzastellungen dëst zouloossen, kann d'Net-Microsoft-Partei och Zougrëff op Är Inhalter aus der spillinterner Kommunikatioun oder aneren Uwennungen hunn, déi Dir gebraucht wann Dir bei Ärem Kont bei dëser Net-Microsoft-Partei ugemellt sidd. Wann dat duerch Är Xbox-Dateschutzastellungen erlaabt ass, ka Microsoft ausserdeem Ären Numm, Äre Spillertag, Äert Spillerbild, Äert Motto, Ären Avatar, Är Spillclippen a vun Iech gespillt Spiller mat Leit, mat deenen Dir gespillt hutt, a Kommunikatioune mat vun Iech erlaabte Leit verëffentlechen. Wann Dir X-Box-spezifesch Famillje-Sécherheets-Astellungen aktivéiert hutt, ginn dës Astellungen op Xbox-Konsolen, Xbox Cloud Gaing an der Xbox App op PC oder mobillen Apparater ugewant, awer si gëllen net fir Xbox Games Studio Spiller oder Servicer, déi op anere Geräter oder Plattforme gespillt oder zougänglech sinn. Fir méi eng sécher Spillererfarung fir Är Famill, iwwerpréift wgl. d'Elterenastellungen op dësen anere Geräater a Plattformen.
- iii. Ären Inhalt. Als Deel vum Opbauen vun enger Xbox Servicer Gemeinschaft, gewäert Dir Microsoft, hiren Affiliéierten an Ënnerlizenzneemer e gratist a weltwäit Recht, Äre Contenu oder Ären Numm, Spillertag, Spillerpic, Motto oder Avatar, deen Dir fir iergend eng Xbox Servicer ganz oder deelweis duerch iergendwellech Mëttelen oder Prozessen op iergendwelleche Materialien oder Supporten gepost hutt, ze benotzen, ze änneren, ze reproduzéieren, ze verdeelen, ze diffuséieren, ze deelen an unzeweisen.
- iv. Spillmanager. Bei verschidde Spiller kënne Spillmanageren, Ambassadeuren oder Gäscht gebraucht ginn. D'Manageren vu Spiller an d'Gäscht si keng Microsoft Spriecher. Hier Meenunge sinn net onbedéngt déi vu Microsoft.
- v. Kanner an Xbox. Wann Dir mannerjäreg sidd an Xbox Servicer benotzt, da kënnen Är Elteren oder Tuteuren d'Kontroll iwwert vill Elementer vun Ärem Kont hunn a Berichter kréien iwwert Äre Gebrauch vun den Servicer. Dës Funktioune sinn exklusiv fir d'Xbox Servicer a kënnen net op aner Plattformen a Geräter iwwerdroe ginn.
- vi. Spillwärung a Virtuell Saachen. D'Xbox Servicer kënnen eng virtuell Spillwärung (ewéi Gold, Mënzen oder Punkten) enthalen, déi vun oder iwwer Microsoft kaaft kënne gi mat echte Wärungsinstrumenter wann Dir an Ärem Wunnland en Erwuessene sidd. D'Xbox Servicer kënnen och virtuell, digital Elementer oder Wueren enthalen, déi vun oder iwwer Microsoft kaaft kënne gi mat echte Wärungsinstrumenter oder mam Benotze vun der Spillwärung. Spillwärung a virtuell Gidder kënnen ni géint richteg Suen, Gidder oder aner Saache mat engem finanzielle Wäert iwwer Microsoft oder soss een ëmgetosch ginn. Anescht ewéi bei enger limitéierter, perséinlecher, widderruffbarer, net-iwwerdrobarer, net-ënnerlizenséierbarer Lizenz fir d'Spillwärung an déi virtuell Wueren nëmmen an den Xbox Servicer ze benotzen, hutt Dir keng Rechter oder Berechtegung op esou eng Spillwärung oder virtuell Wuere verbonne mat engem oder méi Xbox Spiller oder Appen, déi an den Xbox Servicer erschéngen oder entstamen, oder aner Attributer verbonne mat der Notzung vun den Xbox Servicer oder gespäichert an den Xbox Servicer. Microsoft kann heiansdo seng Offere fir Spillwärungen oder virtuell Saachen änneren.
- vii. Softwareaktualiséierungen. Fir all Apparat dee mat Xbox Servicer ka connectéiert ginn, kënne mir automatesch Är Versioun vun der Xbox Konsol Software oder der Xbox App Software kontrolléieren an d'Xbox Konsol oder d'Xbox App Software Aktualiséierungen oder Konfiguratiouns-Ännerungen erof lueden, inklusiv déi déi Iech drun hënneren Zougang zu den Xbox Servicer ze kréien, oder onerlaabten Xbox Spiller oder Xbox Appen, oder onerlaabt Hardware Peripherie Geräter mat enger Xbox Konso ze gebrauchen.
- viii. Bedruchs- a Verfälschungssoftware. Fir all Apparat deen un d'Xbox Servicer ka connectéiert ginn, kënne mir Ären Apparat automatesch kontrolléieren op onerlaabt Hardware oder Software duerch dat Fuddelen oder Manipulatiounen a Verstouss géint d'Verhalensregelen oder dës Konditiounen erméiglecht gëtt, an d'Eroflueden vun Aktualiséierungen oder Konfiguratiouns-Ännerungen fir d'Xbox App Software, inklusiv déi déi Iech drun hënneren, Zougang zu den Xbox Servicer ze kréien, oder onerlaabtent Hardware oder Software ze benotzen dat Fuddelen oder Manipulatiounen erméiglecht.
- ix. Zousätzlech Bestëmmunge fir Abonnementer. Fir Abonnementer fir Xbox Servicer gëllen zousätzlech Bestëmmungen déi an den Xbox-Abonnements-Bedéngungen duergeluecht sinn. (https://www.xbox.com/legal/subscription-terms).
- x. Inaktiv Xbox Service Abonnementer. Microsoft kann Äert automatescht Verrechnen desaktivéieren an automatesch Charge stoppen a verschiddene Länner wann Dir Äert Xbox Service Abonnement wärend enger gewësser Period net gebraucht. Microsoft schéckt Iech eng Noriicht ier Äert automatescht Verrechnen desaktivéiert gëtt. Méi Informatiounen, och fir d'uwennbar Inaktivitéits-Period, fann Dir an den Inaktivitéits-Politik FAQ (https://support.xbox.com/help/subscriptions-billing/manage-subscriptions/xbox-subscription-inactivity-policy).
- xi. Zousätzlech Enn-Benotzer Lizenz-Accorden a Verhalens-Codexen. Gewëssen Xbox Servicer kënnen hir eege Benotzer-Bedéngungen a Verhalens-Codexen hunn.
Store
- b. Store. "Store" bezitt sech op a Service deen Iech erlaabt, Konditiounen ze duerchsichen, eroflueden, kafen a Revisiouns-Appen an aneren digitale Contenu ofzeweien (den Term “Applikatioun” begräift Spiller). Dës Bedéngungen decken d'Notzung vu bestëmmte Storen of, déi Microsoft oder senge Partner gehéieren oder vun hinne bedriwwe ginn (inklusiv, awer net beschränkt op den Office Store, Microsoft Store op Windows a Microsoft Store op Xbox). "Office Store" heescht e Buttek fir Office Produiten an Appe fir Office, Microsoft 365, SharePoint, Exchange, Access a Project (2013 oder spéider Versioune) oder iergend eng aner Erfarung déi d'Mark Office Store déit. "Microsoft Store op Windows" heescht e Buttek, dee Microsoft an hiren Affiliéierte gehéiert oder duerch si bedriwwe ginn, fir Windows Apparater wéi Telefon, PC an Tablett oder iergend eng aner Erfarung mat der Mark Microsoft Store an zougänglech ass fir Windows Apparater wéi Telefon, PC oder Tablett. "Microsoft Store op Xbox" heescht e Buttek, dee Microsoft an hiren Affiliéierte gehéiert oder duerch si bedriwwe ginn an op Xbox Konsolen zougänglech sinn oder iergend eng aner Erfarung déi d'Mark Microsoft Store dréit an op der Xbox Konsol zougänglech gemaacht gëtt.
- i. Lizenzbedéngungen. Mir identifizéieren den Ubidder vun all App, déi an deem relevante Store ugebuede gëtt. Ausser de Fall, wou ënnerschiddlech Lizenz-Konditiounen mat der Applikatioun geliwwert ginn, sinn d'Standard Applikatiouns-Lizenz Konditiounen (Standard Application Licence Terms -"SALT") um Enn vun dëse Konditiounen en Accord tëscht Iech an dem Applikatiouns-Editeur déi d'Lizenz-Konditiounen déi sech un eng Applikatioun déi Dir duerch e Store deen Microsoft oder hiren Affiliéierten gehéiert oder duerch si bedriwwe ginn, eroflued, uwennen (ausser den Office Store). Als Kloerstellung: Déi Bedéngungen decken d'Benotzung vu Microsoft Services an déi dovun bereetgestallt Servicer of. Sektioun 5 vun dëse Bedéngunge gëllt och fir all Appen a Servicer vun Drëtten, déi iwwer e Store kaaft ginn. Konditiounen déi duerch den Office Store erofgelueden goufen, gi net vum SALT regéiert a separat Lizenz Konditiounen sinn uwennbar.
- ii. Updates. Microsoft kontrolléiert a luet automatesch Updates fir Är Appen erof, och wann Dir net an dem relevante Store sidd. Dir kënnt Är Store- oder Systemsastellungen änneren, wann Dir léiwer keng automatesch Updates fir Är Store-Appen wëllt kréien. Allerdéngs kënnen eenzel Office-Store-Applikatiounen, déi ganz oder zum Deel online verfügbar sinn, zu all Moment vun den Entwéckler vun der Applikatioun aktualiséiert ginn, ouni datt Är Autorisatioun ageholl gëtt.
- iii. Bewäertungen a Kritiken. Wann Dir eng Bewäertung oder eng Kritik fir eng am Store disponibel Applikatioun oder aner Digital Wueren ofgitt, kënnt Dir E-Maile vu Microsoft mat Inhalt vum Editeur vun der Applikatioun oder vun den Digitale Wuere kréien. Sou eng E-Maile stame vu Microsoft; mir ginn Är E-Mail-Adress net un Editeure vun de vun Iech iwwer de Store kaaften Applikatiounen oder Digitale Wuere weider.
- iv. Sécherheetswarnung. Fir ze verhënneren, datt Dir Iech verletzt, schlecht fillt oder datt Är Ae midd ginn, sollt Dir regelméisseg Pause maache bei der Benotzung vu Spiller oder aneren Applikatiounen, zemools wann Dir vun der Benotzung wéi hutt oder midd gitt. Wann Dir Iech net wuel fillt, da maacht eng Paus. Ënner Onbequeemlechkeete kann ee Gefiller vun Iwwelheet, Beweegungskrankheet, Schwindel, Orientéierungslosegkeet, Kappwéi, Middegkeet, Aewéi oder dréchen Aen verstoen. D'Benotzung vun Applikatioune kann Iech oflenken an Äert Ëmfeld behënneren. Vermeit Plazen, wou Dir fale kënnt, Trapen, niddereg Plafongen, zerbriechlech oder wäertvoll Objeten, déi beschiedegt kéinte ginn. Nëmmen e puer Prozent vun de Leit kënnen en Ufall kréien, wa si verschidde visuell Biller, z. B. Blëtzliicht oder Musteren, déi an den Appen virkommen, gesinn. Souguer Leit, déi nach ni en Ufall haten kënnen eng verstoppte Krankheet hunn, déi sou Ufall ausléise kann. Ënner Symptomer kann ee Schwächen, alteréiert Siicht, Gesiichtszucken, Zucken oder Ziddere vun Äerm oder Been, Orientéierungslosegkeet, Duercherneen, Bewosstlosegkeeter oder Krämp verstoen. Halt direkt mat der App oder dem Service op a rufft en Dokter, wann Dir sou e Symptom verspiert oder schwätzt mat engem Dokter ier Dir eng App benotzt, wann Dir schon eng Kéier e Symptom vun engem Ufall haat. Eltere sollen hier Kanner beim Gebrauch vun Appen iwwerwaachen fir sou Symptome ze bemierken.
Microsoft Family Eegeschaften
- c. Microsoft Family Eegeschaften. Elteren a Kanner kënnen Microsoft Family Eegeschafte benotzen,Microsoft Family Safety (Familljesécherheet) abegraff, fir Vertrauen opzebauen op Basis vun engem gedeelte Versteesdemech iwwert d'Behuelen, d'Websäiten, d'Appen, d'Spiller, d'physesch Plazen an d'Ausgaben déi richteg fir hier Famillje sinn. Eltere kënnen eng Famill grënnen, andeem si op https://account.microsoft.com/family ginn (oder andeems si d'Instruktiounen op hirem Windows Apparat oder der Xbox Konsol befollegen) an d'Kanner an aner Familljememberen invitéieren, matzemaachen. Familljememberen hu vill Funktiounen zur Verfügung, also liest wgl. d'Informatiounen, déi Dir kritt suergfälteg duerch, wann Dir an eng Famill erantriet oder eng Famill erstell oder wann Dir digital Gidder fir de Familljenzougang akeeft. Wann Dir enger Famill bäitrëtt, sidd Dir domat averstanen, d'Famill jee no hirem Zweck ze gebrauchen a se net op onzoulässeg Aart a Weis benotze fir sech illegal Zougang zu den anere Leit hiren Informatiounen ze verschafen. D'Microsoft Family Eegeschafte sinn exklusiv Microsoft-Servicer a sinn net op aner Plattformen iwwerdrobar. Zum Beispill, wann Dir X-Box-spezifesch Famillje-Sécherheets-Astellungen aktivéiert hutt, ginn dës Astellungen op Xbox-Konsolen, Xbox Cloud Gaming an der Xbox App op PC oder mobillen Apparater ugewant, awer si gëllen net fir Xbox Games Studio Spiller oder Servicer, déi op anere Geräter oder Plattforme gespillt oder zougänglech sinn. Fir méi eng sécher Spillererfarung fir Är Famill, iwwerpréift wgl. d'Elterenastellungen op dësen anere Geräter a Plattform.
Gruppenchat
- d. Gruppenchat. Divers Microsoft-Servicer erméiglechen et Iech, Noriichten ze hannerloossen oder iwwer eng SMS un aner Leit ze schécken ("Noriichten"), an/oder erlaben et Microsoft a senge Partneren, Iech an engem aneren oder méi Benotzer an Ärem Numm esou Noriichten ze schécken. WANN DIR MICROSOFT A SENGE PARTNEREN INSTRUKTIOUNE GITT, FIR IECH ODER ANERE LEIT ESOU NORIICHTEN ZE SCHÉCKEN, VERSÉCHERT A GARANTÉIERT DIR EIS, DATT DIR AN ALL PERSOUN, UN DÉI MIR SOLLEN NORIICHTEN SCHÉCKEN, AVERSTANEN SIDD, FIR DÉI NORIICHTEN AN ANER ADMINISTRATIV SMSE VU MICROSOFT ODER SENGE PARTNEREN ZE KRÉIEN. "Administrativ SMSen" bestinn aus regelméissege Transaktiounsnoriichte vun engem bestëmmte Microsoft-Service, ënner anerem eng "Wëllkommensnoriicht" oder Instruktiounen, fir keng Noriichte méi ze kréien. Wann Dir oder Membere vun Ärem Grupp keng sou Noriichte méi wëllt kréien, ass et méiglech, sech jiddwerzäit ofzemellen, andeems een sech un d'Instruktiounen hält. Dono kritt ee keng Noriichte méi vu Microsoft oder senge Partneren. Wann Dir keng sou Noriichte méi wëllt kréien oder net méi bei engem Grupp matmaache wëllt, sidd Dir averstanen, fir Iech iwwer d'Instruktiounen aus dem entspriechende Programm oder Service ofzemellen. Wann Dir mengt, datt e Member aus dem Grupp keng sou Noriichte méi wëllt kréien oder net méi wëllt am Grupp matmaachen, acceptéiert Dir, déi Persoun aus dem Grupp ewechzehuelen. Ausserdeem verséchert a garantéiert Dir eis, datt Dir an och all Persoun, där mir Noriichte schécke sollen, verstitt, datt jiddwer Member vun engem Grupp fir d'Käschte vun Noriichten opkënnt, déi bei hirem Opérateur kënnen ufalen, wann Noriichte vun amerikanesche Nummere geschéckt ginn.
Skype, Microsoft Teams a GroupMe
- e. Skype, Microsoft Teams a GroupMe.
- i. Noutfall-Servicer. Et gi wichteg Ënnerscheeder tëschent traditionnellen Handy- oder Festnetztelephonsservicer a Skype, Microsoft Teams a GroupMe. Microsoft huet begrenzt Verflichtungen ënner dem uwendbare lokalen oder nationale Gesetz, Reegelen oder Reglementer fir den Zougang zu Noutfallservicer unzebidde wéi 911 oder 112 ("Emergency Services") fir Skype, Microsoft Teams a GroupMe.
- ii. Nëmme begrenzt Software-Versioune vun der Skype-to-Phone Eegeschaft vu Skype kann Uriff op Noutfallservicer ënnerstëtzen, an enger ganz begrenzter Unzuel u Länner, an ofhängeg vun der benotzter Plattform. Dir fannt Detailer iwwer d'Verfügbarkeet an och Beschreiwungen, wéi een dat konfiguréiert, hei: http://www.skype.com/en/legal/emergency-calling/. Wann Äre Skype-to-Phone Noutfalluruff verbonnen ass, musst Dir d'Detailer vun Ärem Standuert matdeelen, fir den Noutfallservicer ze erméiglechen Iech ze äntweren. Microsoft garantéiert net, datt Ären Noutruff duerchgestallt gëtt. Weider Informatiounen iwwert d'Uruffe vum 112, er Noutruffnummer fir d'EU, fannt Dir ënner www.skype.com/go/emergency.
- iii. Ännerungen u Skype Bezuel-Produkter. Wa mir Ännerungen un engem Skype Bezuel-Produkt maachen, fir deen Dir bezuelt, an déi materiell sinn, an e Schued fir Iech mat sech zéien, soe mir Iech mindestens 30 Deeg am Viraus Bescheed fir Iech iwwert d'Ännerungen an Är Rechter fir Ären Abonnement fir dee Produkt ofzebestellen éier dës Ännerungen a Kraaft trieden, z'informéieren. Wann Dir Äert Produkt net ofbestellt, éier d'Ännerungen a Kraaft trieden, sidd Dir mat den Ännerungen averstanen. Mir informéieren Iech ausdrécklech doriwwer, wa mir Iech Bescheed soen.
- iv. APIen oder Sendungen. Wann Dir Skype zesumme mat Sendunge benotzt, da musst Dir Iech un de "Broadcast TOS" op https://www.skype.com/go/legal.broadcast halen. Wann Dir eng Applikatiounsprogrammschnëttstell ("API") notze wëllt, déi vu Microsoft opgelooss oder verfügbar gemaach gouf, musst Dir Iech mat den uwennbare Lizenséierungsbedéngungen averstanen erklären, déi op www.skype.com/go/legal verfügbar sinn.
- v. Fair Use Virschrëften. D'Richtlinne fir Fair Notzung kënne fir Är Notzung vu Skype-Software a ‑Produkter gëllen. Liest Iech déi Virschrëften duerch, déi dofir do si fir viru Bedruch a Mëssbrauch ze schützen, an dofir ginn et Limitten fir d'Aart, d'Längt oder d'Unzuel un Uriff oder Messagen, déi Dir maache kënnt. Dës Richtlinne ginn an dëse Bedéngungen per Referenz ageschafft. Dir fannt dës Virschrëften op https://www.skype.com/go/terms.fairusage.
- vi. Perséinlech/Net-Gewerblech Notzung. D'Benotze vun der Skype Software a Produkter ass fir Är perséinlech an net-gewerblech Notzung. Dobäi hutt Dir d'Recht, Skype op Ärer Aarbechtsplaz fir Är eege geschäftlech Matdeelungen ze benotzen.
- vii. Skype-Nummer / Skype To Go. Wa Microsoft Iech eng Skype-Nummer oder eng Skype-To-Go-Nummer bereetstellt, stëmmt Dir zou, datt d'Nummer net Iech gehéiert oder Dir kee Recht hutt, déi Nummer fir ëmmer ze behalen. A bestëmmte Länner kann Iech eng Nummer vun engem Microsoft-Partner amplaz vu Microsoft zur Verfügung gestallt ginn an Dir musst eventuell mat deem Partner e separat Ofkommes ofschléissen. Fir méi Detailer iwwer dës Skype Nummer gitt op https://go.skype.com/home.skype-number.
- viii. Skype Manager. Wann Dir e "Skype Manager-Administrateurskont" schaaft a verwalt, handelt Dir als Administrateur vun enger Skype Manager-Grupp an net als eng Entreprisenentitéit. Dir sidd dozou berechtegt, Äre perséinleche Microsoft-Kont mat enger Skype Manager-Grupp ze verbannen ("Verbonnene Kont"). Dir sidd dozou berechtegt, zousätzlech Skype Manager-Administrateuren ze bestellen, souwäit dës mat de virleiende Bedéngungen averstane sinn. Wann Dir engem Verknëppte Kont Skype-Nummeren zouweist, sidd Dir responsabel fir Ufuerderungen, déi de Wunnuert oder de Standuert vun Äre Verknëppte-Kont-Benotzer betreffen. Wann Dir wielt, d'Verknëppung vun engem Verknëppte Kont vun engem Skype-Manager-Grupp opzehiewen, da kënnen zougewisen Abonnementer, Skype-Krediter oder -Nummeren net méi ofgeruff ginn an Ären Inhalt oder Äert Material, dat mam Kont, deen Dir getrennt hutt, associéiert ass, si fir Iech net méi zougänglech. Dir verflicht Iech, perséinlech Date vu Benotzer vun Ärem Verbonnene Kont ënner Anhalung vun all de gëltegen Dateschutzgesetzer ze beaarbechten. Äre Skype Manager ka suspendéiert ginn, wa Gruppemembere sech net un de Verhalenscodex, deen an dësen MSA enthalen ass, halen.
- ix. Skype Käschten an Remboursementer. D'Käschte fir Uriff baussent engem Abonnement ze maachen, bestinn aus Konnektiounsgebühren (pro Uruff) a pro Minutt-Gebühren, sou wéi et op www.skype.com/go/allrates steet. Uruffskäschte gi vun Ärem Skype-Kredit ofgezunn. Microsoft kann d'Tariffer fir Uriff op Telefonen a Premium-Nummeren unzeruffen, déi net Deel vun engem Abonnement sinn, änneren. Wa wiesentlech Ännerunge antrieden, déi net zu Ärem Virdeel sinn (z. B. wa mir d'Präisser erhéijen), informéiere mir Iech op mannst drësseg (30) Deeg am Viraus per E-Mail oder iwwer soss eng ugemooss Aart a Weis Bescheed, éier déi nei Präisser a Kraaft trieden. No deenen drësseg (30) Deeg, gëllen déi nei Präisser fir Är Uriff. Déi aktuell Präisser fannt Dir op www.skype.com/go/allrates. Wann Dir déi nei Präiser net akzeptéiert, da sollt Dir net mat Skype uruffen. Ugefaange Minutten an Dezimalzuelen bei den Cents ginn opgeronnt. All Präiser fir Skype Produkter, fir déi ee bezuele muss, enthalen all Steieren, och d'TVA; wann net, da steet et do. D'TVA gëtt op Grond vun Ärer Rechnungsadress, déi Dir selwer uginn hutt, gerechent. Dir verzicht ausdrécklech op all Rechter fir TVA-Remboursemente vu Microsoft, wann de schlussendlech vun eis un d'Finanzamt ze bezuelenden TVA-Betrag aus iergendengem Grond méi kleng wéi den TVA-Betrag ass, dee mir vun Iech agezunn hunn. Skype Produkter fir déi ee bezuele muss ginn et net um Bierg Athos, op de Kanareschen Inselen, franséisch Departementer an Iwwerséi, d'Åland Inselen, d'Channel Inselen, d'Helgoland Inselen, Büsingen, Ceuta, Melilla, Livigno, Campione d'Italia an déi italienesch Säit vum Lugano-Séi. Wann Dir e bezuelt Skype-Produkt benotzt hutt, da gëtt Ären "Récktrëttszäitraum" ausgesat an Ären Akaf kann net ofgebrach oder rembourséiert ginn. De Gebrauch vu Skype-Kredit, d'Allokatioun vun enger Skype-Nummer oder de Gebrauch vun Abonnementer bedeit eng "komplett Liwwerung" an/oder de "Gebrauch" vun engem Skype Produkt fir deen ee bezuele muss. Dir sidd ausdrécklech domadder averstanen, dass Skype-Nummere virum Ënn vun der Cooling-Off Zäit verdeelt kënne ginn an dass si bei der Allokatioun net méi remboursable sinn. Ausserhalb vun der Cooling-Off Zäit kënnen nëmmen net-gebrauchten oder net-ofgelaafe Skype-Abonnementer rembourséiert ginn, wa si ënnert dës Bedingungen hei falen. D'Widderrufffrist a Remboursementen bezéie sech net op bezuelt Skype-Produkter, déi (i) iwwer en drëtte Partner kaaft ginn; (ii) boer mat Hëllef vu Bezuelmethode vun Drëtte bezuelt ginn (ewéi eng Cash-Bezuelportmonni); (iii) net direkt online vu Microsoft kaaft ginn (z. B. Guttschäiner oder Prepaid-Kaarten); oder (iv) Ärem Kont vun engem Drëtten zougewise ginn. Ongeuecht deem Virausgoende kënnt Dir berechtegt sinn, nom uwendbare Gesetz, fir eng Zeréckbezuelung, op Ufro, wann Dir nach Pre-Paid Abonnementsguthaben hutt am Fall wou Dir Är Skype-Nummer bei en anere Provider wiesselt.
- x. Skype-Kredit. Microsoft garantéiert net, datt Dir an der Lag sidd, Äre Skype-Kreditsold ze benotzen, fir all bezuelt Skype-Produkter ze kafen, well Bezuel-Produkter vun zu Zäit ännere kënnen. Wann Dir awer Äre Skype-Kredit iwwer en Zäitraum vun 180 Deeg net benotzt, versetzt Microsoft Äre Skype-Kredit an en inaktive Status. Dir kënnt Äe Skype Kredit erëm aktivéieren, andeems Dir op de Reaktivatiounslink op https://www.skype.com/go/store.reactivate.credit klickt. Dir kënnt d'Auto-Recharge-Funktioun aktivéiere wann Dir Skype Kredit kaaft andeems Dir déi relevant Këscht uklickt. Wann Dir d'Funktioun aktivéiert, gëtt Äre Skype-Kredit all Kéier, wann de Kredit vun Ärem Skype-Kont ënnert déi vu Skype jeeweils festgeluecht Grenz fält, mam vun Iech gewielte Betrag iwwer déi vun Iech gewielt Bezuelmethod opgelueden. Wann Dir net mat enger Kreditkaart, PayPal oder Moneybookers (Skrill) fir en Abonnement bezuelt, an Dir huet d'Auto-Recharge-Funktioun gewielt, gëtt Äre Skype Kredit automatesch mat der Zomm opgefëllt, déi Dir braucht fir déi nächste Kéier fir Ären Abonnement ze bezuelen. Dir kënnt d'Funktioun "Automatescht Oplueden" jidderzäit desaktivéieren, andeems Dir an Ärem Kontportal op Skype déi douzougehéierend Parameteren ännert. Verfügbar Uruffdestinatioune kënne vun Zäit zu Zäit änneren. Wann Äre Microsoft Kont zou ass, aus egal wéi engem Grond, geet all onbenotzte Skype Kredit, dee mat Ärem Microsoft Kont verbonnen ass, verluer a kann net zeréckgeholl ginn. Skype Krediter kënnen net un anerer transferéiert ginn.
- xi. Skype Dial Pad. Dir kënnt de Skype Dial Pad mat engem ktiven Abbonement oder Skype Krediter nom Ofschalte vum Skype Desktop a mobillen Applikatioune benotzen. De Skype Dial Pad ass e Skype Produkt, deen Dir iwwer Microsoft Teams oder um Internet benotze kënnt.
- xii. Käschte fir International Noriichten. GroupMe benotzt de Moment amerikanesch Nummere fir all geschafene Grupp. Jiddwer Textnoriicht, déi vun enger GroupMe-Nummer geschéckt oder empfaange gëtt, zielt als international Textnoriicht, déi aus den USA geschéckt oder do empfaange gëtt. Ofhängeg vun Ärem Standuert ka Microsoft Teams Är Telefonsnummer benotzen, an dat kéint als international Textnoriicht gezielt ginn. Frot wgl. bei Ärem Provider no, wéi eng associéiert international Präisser gëllen.
Bing an MSN
- f. Bing an MSN. Klickt op hei (https://go.microsoft.com/fwlink/?linkid=2300807) fir eng Zesummefaassung vun de Bedéngunge fir Bing.
- i. Bing an MSN Materialer. D'Artikelen, Text, Fotoen, Pläng, Videoen, Videoplayeren an Drëtt-Partei-Material, déi op Bing an MSN verfügbar sinn, iwwer Microsoft Bots, Applikatiounen a Programmer abegraff, sinn nëmme fir Är net-gewerblech, perséinlech Notzung. Aner Notzungen, esou ewéi d'Eroflueden, Kopéieren oder Weiderverdeele vun dësem Material, oder d'Notze vun dësem Material oder de Produkter fir Är eege Produkter opzebauen, sinn nëmmen erlaabt duerch déi spezifesch Autorisatioun vu Microsoft oder de Rechtsbesëtzer, oder erlaabt duerch uwendbaart Copyright-Gesetz. Microsoft oder aner Rechtsbesëtzer behale sech all Rechter vum Material, déi net ausdrécklech vu Microsoft an de Lizenzbedéngunge geneemegt ginn.
- ii. Bing Empfeeler-Systemer. Big ka Systemer asetzen, fir Informatiounen an oder Produkter, fir Iech z'empfeelen. Fir méi Informatiounen iwwer wéi Bing Informatioune liwwert, déi Dir gesitt https://go.microsoft.com/fwlink/?linkid=2315939.
- iii. Bing Maps. Dir kennt Bird's eye Biller vun den USA, Kanada, Mexiko, Nei-Séiland, Australien oder Japan fir Regierungszwecker benotzen ouni eng extra schrëftlech Geneemegung dofir ze froen.
- iv. Bing-Plazen. Wann Dir Är Daten oder Är Inhalter op Bing Places ugitt, bewëllegt Dir Microsoft eng weltwäit, lizenzfräi Lizenz vu geeschtegem Eeegentum fir dës ze benotzen, ze reproduzéieren, ze späicheren, ze änneren, ze kumuléieren, ze fërderen, ze iwwerdroen, unzeweisen oder ze verdeelen, an Är Daten an Ären Inhalt (geeschtegen Eegentum an Ären Daten an an Ärem Inhalt abegraff), a se un Drëtt-Parteien ze ënnerlizenséieren.
Cortana
- g. Cortana.
- i. Privat net-kommerziell Notzung. Cortana ass de Perséinlechen-Assistentin-Service vu Microsoft. Déi vu Cortana bereetgestallt Funktiounen, Servicer an den Inhalt (gesammelt "Cortana-Servicer" genannt) sinn nëmme fir Är perséinlech an net-kommerziell Notzung bestëmmt.
- ii. Funktiounen an Inhalt. Cortana bitt eng Rëtsch vu Funktiounen un, vun deenen e puer personaliséiert sinn. Cortana-Servicer erméiglecht Iech et eventuell, op Servicer, Informatiounen oder Funktionalitéiten zouzegräifen, déi vu Microsoft-Servicer oder Appen a Servicer vun Drëtten ugebuede ginn. D’servicespezifesch Bedéngunge vu Sektioun 13 gëllen och fir Är Notzung vun uwendbare Microsoft-Servicer, op déi iwwer Cortana-Servicer zougegraff gëtt. Cortana stellt Iech ausschliisslech fir Planifikatiounszwecker Informatiounen zur Verfügung, an Dir sollt nom Empfang vun dësen Informatiounen Är eege Meenung doriwwer bilden an Iech net blann dorop verloossen. Microsoft garantéiert net fir d’Zouverlässegkeet, Verfügbarkeet oder Aktualitéit vu personaliséierten Erfarungen, déi vu Cortana ugebuede ginn. Microsoft ass net verantwortlech dofir, wann eng Cortana-Funktioun verzögert oder verhënnert, datt Dir eng Benoriichtegung kritt, iwwerpréift oder schéckt oder e Service kritt.
- iii. Appen a Servicer vun Drëtten. Als Deel vun der Bereetstellung vu Cortana Services ka Cortana Iech virschloen an Iech dobäi hëllefen, mat Appen a Servicer vun Drëtten (Fäegkeeten oder verbonnene Servicer vun Drëtten) ze interagéieren. Wann Dir dat wëllt, ka Cortana Informatioune mat Appen a Servicer vun Drëtten austausche wéi Är Postleitzuel; Ufroen an Äntwerten, déi Dir vun Appen a Servicer vun Drëtte kritt hutt, fir Iech dobäi ze hëllefen, ugefuerdert Servicer ze kréien. Cortana kann Iech et erméiglechen, mat Hëllef vun de Kontpreferenzen an -astellungen, déi Dir direkt mat Hëllef vun deenen Appen a Servicer vun Drëtten festgeluecht huet, Akeef iwwer Appen a Servicer vun Drëtten duerchzeféieren. Dir kënnt Äre Cortana-Service jidderzäit vun Appen a Servicer vun Drëtten trennen. Är Notzung vu Cortana-Servicer, fir Iech mat Appen a Servicer vun Drëtten ze verbannen, ënnerläit Sektioun 5 vun dëse Bedéngungen. Editeure vun Appen a Servicer vun Drëtten kënnen d’Funktionalitéit oder Funktioune vun hiren Appen a Servicer vun Drëtten oder der Integratioun mat Cortana-Servicer änneren oder astellen. Microsoft ass net verantwortlech oder haftbar fir Software oder Firmware, déi vum Hiersteller ugebuede gëtt.
- iv. Cortana-fäeg Apparater. Cortana-fäeg Apparater si Produkter oder Apparater, op deenen den Zougrëff op Cortana-Servicer aktivéiert ass, oder Produkter oder Apparater, déi mat Cortana-Servicer kompatibel sinn. Cortana-fäeg Apparater sinn Drëttubidderapparater oder ‑produkter, déi net Microsoft gehéieren, an net vu Microsoft hiergestallt oder entwéckelt ginn. Microsoft iwwerhëlt keng Verantwortung fir Drëttubidderapparater oder -produkter.
- v. Softwareaktualiséierungen. Mir kënnen Är Versioun vun der Cortana-Servicer-Software automatesch iwwerpréiwen. Dëst ass noutwenneg, fir d’Servicer bereetzestellen a Softwareaktualiséierungen oder Konfiguratiounsännerungen erofzelueden, ouni Iech eppes ze verrechnen, oder Hiersteller vu Cortana-fäegen Apparater dozou verflichten, d’Cortana-Servicer-Software aktuell ze halen.
Microsoft Appen A Servicer
- h. Microsoft-365 Appen - a Servicervertrag
- i. Notzungsbedéngungen. Microsoft 365 Family, Microsoft 365 Personal, Microsoft 365 Basic, Sway, OneNote.com an all aner Microsoft 365 Appen oder Service oder Office-Servicer si fir Äre perséinlechen, net-kommerzielle Gebrauch, et sief dann, datt Dir kommerziell Benotzerrechter hutt ënner engem separate Kontrakt mat Microsoft. D'Notzung vun Appen wéi Word, Excel, PowerPoint, Outlook, OneDrive, Access, a Publisher a Microsoft 365 Family, Microsoft 365 Personal, an all aner Microsoft 365 Appen- oder Abonnementsservicer ass gereegelt vun den zousätzleche Lizenzbedéngungen, déi Dir op https://aka.ms/useterms zesumme mat dëse Bedéngunge fannt.
- ii. Zousätzlech Outlook Bedéngungen. Outlook enthält d'Notzung vu Bing Maps. All Inhalter ugebuede vu Bing Maps, Geocoden abegraff, kënnen nëmmen am Produkt benotzt ginn, duerch deen den Inhalt ugebuede gëtt. D'Notzung vu Bing Maps ass gereegelt vun de Bing Maps Endbenotzerbedéngungen op go.microsoft.com/?linkid=9710837 an der Microsoft Dateschutzerklärung verfügbar op go.microsoft.com/fwlink/?LinkID=248686.
Gesondheetsbotten
- i. Gesondheetsbotten Gesondheetsbotten, wat Aktiounspläng, Asiichten, Erënnerungen an aner Funktiounen ëmfaasse kann, si keng medezinesch Apparater a sinn nëmme fir Fitness- a Wellnesszwecker mat engem Programm vun engem Leeschtungserbrénger geduecht. D’Produkter sollen a kënnen net de Rot vun engem Dokter ersetzen, a se sinn net fir den Asaz an der Diagnos, Heelung, Lënnerung, Behandlung oder Preventioun vu Krankheeten oder aneren Zoustänn bestëmmt. Dir iwwerhuelt déi vollstänneg Verantwortung fir Är Notzung vu Gesondheetsbotten. Microsoft ass net verantwortlech fir Entscheedungen, déi Dir op Basis vun Informatiounen trefft, déi Dir vu Gesondheetsbotte kritt. Dir sollt fir all Froen a Bezuch op e medezinesche Problem, e Regimm-, Fitness- oder Wellnessprogramm ëmmer Ären Dokter ëm Rot froen, éier Dir e Gesondheetsbot benotzt. Ignoréiert ni e professionelle medezinesche Rot a waart ni mat engem Dokter ze schwätzen opgrond vun eppes, wat Dir an de Servicer gelies hutt. Wéi bei all Technologie kann et virkommen, datt Gesondheetsbotten aus enger Rëtsch vu Grënn, inklusiv Stroumausfall oder Konnektivitéitsverloscht, net ewéi erwaart funktionéieren.
Digital Gidder
- j. Digital Gidder. Iwwert Microsoft Groove, Microsoft Films & TV, Store, Xbox Servicer an iergendwellech aner verbonnen an zukënfteg Servicer, ka Microsoft Iech et erméiglechen, dat Dir Musek, Biller, Videoen, Texter, Bicher, Spiller, oder anert Material ("Digital Goods") dat Dir ënnert enger digitaler Form kréie kënnt, kritt, lauschtere kënnt, kucke, spillen oder liese kënnt (jee no deem). D'Digital Goods (Wueren) si nëmme fir Äre perséinlechen, net-kommerziellen Ënnerhalungs-Gebrauch. Dir acceptéiert, keng Kopië vun den Digitale Gidder virunzeleeden, ze schécken, ëffentlech virzeféieren oder unzeweisen oder z'iwwerdroen. Digital Gidder sinn Eegentum vu Microsoft oder vun Drëtten. Dir verstitt an erkennt dat Är Rechter a Bezuch zu den Digital Goods ënnert jidden Ëmstänn beschränkt sinn op dës Konditiounen, Copyright Gesetzer a Gebrauchsregelen déi ze fannen sinn ënnert https://go.microsoft.com/fwlink/p/?LinkId=723143. Dir stëmmt zou, datt Dir net versicht, egal aus wat fir engem Grond, Digital Gidder, déi Dir iwwer ee vun de Servicer ofgeruff hutt, ze modifizéieren, och net fir de Besëtz oder d'Quell vun den Digitale Gidder ze verschleieren oder z'änneren. Microsoft oder d'Besëtzer vun den Digitale Gidder kënnen heiansdo ouni Warnung Digital Gidder aus de Servicer ewechhuelen.
Microsoft Späicheren
- k. Microsoft Späicheren.
- i. OneDrive Späicherverdeelung. Wann Dir méi Inhalt an Ärem OneDrive gespäichert hutt, wéi Dir es ënnert de Konditioune vun Ärem gratis oder bezuelten Abonnement fir Microsoft Späicheren zegutt hutt an Dir net op den Hiwäis vu Microsoft äntwert, fir Äre Kont an d'Rei ze setzen andeems Dir iwwerflëssegen Inhalt ewechhuelt oder op en neit Abonnement mat méi Späicherplaz eriwwer wiesselt bannent 30 Deeg nodeems Dir den Hiwäis krut (oder eng méi laang Period esou wéi am Hiwäis spezifizéiert), da behale mir eis d'Recht vir, Äre Kont zouzemaachen an Ären Inhalt op OneDrive ze läschen oder den Zougang dozou ze desaktivéieren. Liest méi iwwer Späicherundeeler hei (https://prod.support.services.microsoft.com/office/how-does-microsoft-storage-work-2a261b34-421c-4a47-9901-74ef5bd0c426).
- ii. OneDrive Service Leeschtung. Ofhängeg vun de Faktoren wéi Ärem Equippement, Ärer Internetverbindung an den Efforte vu Microsoft fir f'Leeschtung an d'Integritéit vu sengem Service ze erhalen, kënnt Dir heiansdo Verzögerunge beim Eroplueden oder beim Synchroniséiere vun Inhalt op de OneDrive erliewen.
- iii. OneDrive Matdeelung iwwer den Oflaf. Mir ginn Iech mindestens ee Mount Preavis ier mir Äre OneDrive Kont wéinst Mangel un Aktivitéit ënnert der Sectioun 4.a.ii zou maachen. Wann Dir en Abonnement sidd, dee bezilt, maache mir Äre Kont net wéinst Aktivitéit zou, fir déi Zäit, fir déi Dir Är OneDrive Notzung bezuelt hutt.
- iv. Ännerungen un de Servicer. Mir benoriichtegen Iech op d'mannst 30 Deeg am Viraus, wann eng Ännerung um gratis oder käschteflichtege Microsoft Späicher Servicer de Verloscht op den Zougang zu Ärem Inhalt op One Drive bedeite kéint.
- v. Bezuelt Abonnementer. Wa mir Är Microsoft Späicherlimitt erofsetzen oder de OneDrive Service läschen, kënnt Dir Äert bezuelt Abonnement annuléieren a mir ginn Iech de pro-rata-temporis fir esou een Abonnement erëm. Mir ginn Iech op alle Fall 30 Deeg am Viraus iwwer esou eng Ännerung Bescheed an Dir musst just an der festgesater Frist an der Matdeelung annuléieren.
- vi. Outlook.com Späicherverdeelung. Wann Dir Är Outlook.com Mailbox Späicherverdeelung oder Är Microsoft Späicherverdeelung iwwerschreit, déi Iech ënner engem gratis oder käschteflichtegen Abonnement zougewise goufen, sidd Dir net méi fäeg Noriichten ze schécken oder ze kréien, bis Dir deen iwwerfällegen Inhalt läscht oder op en neien Abonnement wiesselt mat genuch Späicherplaz. Wann Dir den iwwerfällegen Inhalt net läscht oder genuch zousätzlech Späicherplaz kritt no der Matdeelung vu Microsoft, behale mir eis d'Recht vir den Zougang zu Ärem Inhalt ze läschen oder ze desaktivéieren. Liest méi iwwer Späicherundeeler hei (https://prod.support.services.microsoft.com/office/how-does-microsoft-storage-work-2a261b34-421c-4a47-9901-74ef5bd0c426).
Microsoft Cashback
- l. Microsoft Cashback. De Microsoft Cashback-Programm (“Cashback”) erlaabt de Microsoft-Clientë beim Akafe bei Commerçanten déi matmaachen a gewësse Microsoft-Produiten an Déngschter gebrauche wéi Bing.com a Microsoft Edge, Cashback-Primmen ze verdéngen. Wann Dir Iech fir e Cashback umellt oder eng Cashback-Offer aktivéiert, dann acceptéiert Dir a sidd mat de Cashback-Bedingungen averstanen (https://www.microsoft.com/bing/rebates-terms). Fir Är Participatioun beim Cashback gëlle gewëssen Eligibilitéits-Krittären, Restriktiounen an aner Limitatiounen; Fir weider Informatiounen, gitt op Cashback FAQ (https://www.bing.com/rebates/faq).
Microsoft-Rewards
- m. Microsoft-Rewards.
- i. Allgemeng Informatiounen. Microsoft-Rewards (de "Rewards Programm") ass fräi fir Iech, an en erméiglecht Iech, aléisbar Punkte ("Punkten") fir gewëssen Aktivitéiten a fir de perséinleche Gebrauch fir gewësse Microsoft Produkter a Servicer ze verdéngen. Wann Dir e Microsoft-Kont hutt an Iech an enger Regioun befannt, déi matmécht (kuckt hei drënner), gouf Dir automatesch fir d Rewards-Programm ugemellt a kënnt Dir direkt mam Sammele vu Punkten ufänken. Dir kënnt Är Partizipatioun am Rewards-Programm zu all Moment kënnegen, andeems Dir d'Instruktiounen hei drënner follegt.
- ii. Dir kënnt Är Punkten aléisen op verschidde Manéieren ("Aléisoptiounen"), abegraff fir gewësse Produkter a Servicer opgelëscht op der Aléissäit at https://aka.ms/redeemrewards ("Rewards"). Fir Är Punkte fir eng Aléisungsoptioun aléisen ze kënnen, musst dir fir d'éischt Äre Rewards-Programme Kont ("Rewards Kont") op dem Rewards Dashboard op https://rewards.microsoft.com/ oder op gewëssen anere Microsoft Sitten oder Säiten. Et kascht näischt fir Äre Rewards Kont ze aktivéieren.
- iii. Fir d'Gewannen, d'Aléisen an aner Notze vum Rewards Programm gëlle gewësse Restriktiounen a Limitatiounen. Fir weider Informatiounen, kuckt d'Sektioun "Belounungen" op https://support.microsoft.com ("FAQ").
- iv. Ufuerderungen. Dir braucht e gëltege Microsoft-Kont an Dir musst an engem vun de geographesche Gebitter wunnen déi an den FAQ opgelëscht sinn ("Regiounen") fir Äre Rewards-Kont ze aktivéieren a Punkten ze gewannen, anzeléisen an och anescht ze gebrauchen. Dir kënnt nëmmen ee Rewards Kont opmaachen a benotzen, och wann Dir méi E-Mailadressen hutt. All Haushalt ass limitéiert op sechs Rewards Konten. De Rewards-Programm ass nëmme fir e perséinlechen a net-kommerzielle Gebrauch. D'Benotze vun engem virtuelle privaten Netzwierk (VPN) oder enger anerer Technologie oder Service, déi benotzt ka ginn, fir Äre geografesche Standuert ze maskéieren oder ze verschleieren kann zum Läsche vun ärem Rewards Kont féieren an zum Verloscht vun Äre gesammelte Punkten.
- v. Punkte verdéngen. Et kënnen Iech Opportunitéite presentéiert ginn, fir Punkten ze sammelen, fir gewësse qualifizéierend Aktivitéiten (“Offeren”), esou wéi Sichen, Akeef, Notze vu bestëmmte Microsoft Produkter a Servicer an aneren Opportunitéite vu Microsoft. Dir musst en aktive Rewards Kont hunn, fir vun esou Offeren ze profitéieren. Nodeems Dir d'Ufuerderunge fir bestëmmten Offeren erfëllt hutt, musst Dir Punkte méiglecherweis op dem Rewards-Dashboard fuerderen, ier d'Punkte gewonne sinn an an Äre Rewards-Kont ageschriwwe ginn. Wann Dir d'Punkten net ënnerhalb vun der vu Microsoft spezifiéierter Zäit fuerdert, kënnen d'Punkte verfalen. Qualifizéiert Offere kënne pro Regioun variéieren a kënnen nëmme fir eng gewëssen Zäit verfügbar sinn oder anere Limitatiounen ënnerleien. Dir musst mat alle Bedéngungen vun enger besonnescher Offer averstane sinn, fir Punkten ze verdéngen, déi mat där Offer ugebuede ginn. Dir kënnt Offere presentéiert kréien direkt um Rewards Dashboard oder wann Dir gewësse Microsoft Produkter a Servicer benotzt. Microsoft kann Iech vun Zäit zu Zäit no eegener Diskretioun mat oder ouni vireg Ukënnegung zousätzlech Punkten ubidden oder verginn, ë. a. fir vu Microsoft als guttgleeweg agestuufte Sichvirgäng an aneren Interaktioune mat Microsoft-Servicer.
- vi. Fir Zwecker vum Rewards Programm, ass eng “Sich” d'manuell Agab vun engem Text duerch en individuellen Notzer zu engem guttgleewegen Zweck fir Bing Sich-Resultater ze kréie fir esou engem Notzer seng eege Fuerschungszwecker; eng “Sich” begräift keng Ufroen, déi net fir echt, guttgleeweg perséinlech Fuerschungszwecker geduecht sinn oder gebraucht ginn, oder eng Ufro déi duerch e Bot, e Makro oder aner automatiséiert oder frauduléis Mëttele vun iergend enger Aart era gi sinn. Fir Zwecker vum Primmeprogramm ass eng“Acquisitioun” de Virgang vum Akaf vu Wueren oder d'Eroflueden an den Akaf vun enger Lizenz fir digital Inhalter direkt vu Microsoft, oder gratis oder bezuelbar. Punkte ginn net fir jiddwer Akaf vu Microsoft ugebueden, an et kënne gewësse Restriktiounen zoutreffen.
- vii. Restriktiounen a Limitatiounen op Punkten. Punkte gi verdéngt vu Microsoft un individuell Rewards Konten a kënnen net un eng aner Persoun oder Eenheet iwwerdroe ginn. Onofhängeg vun de virege Punkte ka Microsoft Iech vun Zäit zu Zäit no eegener Diskretioun erlaben, (i) Är Punkte mat Ärem Haushalt ze deelen (et kënne Grenze gëllen), (ii) Är Punkte fir d'Ënnerstëtze vun enger gemengnëtzeger Organisatioun, déi op der Aléissäit oplëscht ass, ze ënnerstëtzen oder (iii) jee no Ärer Regioun a sous Reserve vun anere Bedéngungen, all oder en Deel vun Äre Punkte géint Punkten a bestëmmten anere Primmen- oder Loyautéits-Programmen anzeléisen, inklusiv Programmer, déi vu Microsoft oder autoriséierten Drëtt-Parteie bedriwwe ginn. Punkte sinn a bleiwen zu all Zäit a Besëtz vu Microsoft, a gehéieren net zu Ärem perséinleche Besëtz, si hu kee Boergeldwäert, an Dir kënnt och kee Boergeld oder Suen am Tausch dofir kréien. Punkte ginn Iech nëmmen iwwer Promotioune verléint. Dir kënnt keng Punkte kafen. Microsoft kann d'Unzuel vun de Punkten oder Primmen, déi pro Persoun, pro Haushalt oder iwwert e bestëmmten Zäitraum (z. B. een Dag) gesammelt oder geléist kënne ginn, limitéieren, virausgesat datt Dir net benodeelegt gitt géint Trei a Glawen; d'Limitatiounen déi fir de Moment gëlle fann Dir an den FAQ. Ausser wa kloer uginn an enger Offer oder anescht an enger Aléisoptioun uginn, sinn déi am Programm verdéngte Punkten net valabel a kënnen net am Kader vun aneren ugebuedene Programmer vu Microsoft oder aneren Drëttparteien oder a Kombinatioun mat dëse gebraucht ginn. Onageléist Punkten, déi mat Ärem Rewards Kont verbonne sinn, lafen of wann Dir se keng Punkte verdéngt oder keng Punkten aléist an Ärem Rewards Kont fir 12 openeefollgend Méint.
- viii. Aléisungen. Aléisoptioune si verfügbar fir Iech op der Aléissäit an op gewëssen anere Microsoft Siten a Säiten. Dir musst all d'Punkte verdéngt hunn an op Ärem Rewards Kont verfügbar hunn, déi fir eng Aléisoptioun erfuerderlech sinn, éier Dir Är Punkte fir déi Aléisoptioun aléise kënnt. Et ka sinn, datt vun enger bestëmmter Belounung nëmmen eng ageschränkt Unzuel verfügbar ass an déi Beloununge ginn nom Wandhondprinzip geliwwert. Et ka sinn, datt Dir zousätzlech Informatiounen ugi musst ewéi Är E‑Mail-Adress an eng Telefonsnummer (keng VoIP- oder gebührefräi Nummer) an Dir kënnt gebiede ginn, e bedruchshemmende Code anzeginn oder zousätzlech juristesch Dokumenter z'ënnerschreiwen, fir Punkte géint gewëssen Aléisoptiounen anzeléisen. Wann Dir Är Punkten aléist, kënnt Dir se net widderruffen oder d'Aléisoptioun zeréckginn fir e Remboursement vun de Punkten ze kréien, ausser am Fall vun defekte Produkter, oder wann dat vum Gesetz virgeschriwwen ass. Wann Dir eng Aléisoptioun auswielt, déi aus anere Grënn net op Lager oder net verfügbar ass, da kënne mir se mat enger Aléisoptioun mat engem änleche Wäert ersetzen oder Är Punkte no eisem fräien Ermiesse rembourséieren.
- ix. Microsoft kann déi op der Aléisungssäit ugebueden Aléisoptiounen zu jidderzäit an aus all Grond aktualiséieren oder ophalen, bestëmmt Aléisoptiounen unzebidden. E puer Aléisoptiounen kënnen Alters- oder Regiounsofhängeg Ufuerderungen hunn, oder aner Bedéngunge fir hir Aléisung oder Benotzung. Esou Ufuerderungen oder Bedéngunge ginn an der entspriechender Aléisoffer inkludéiert. Dir sidd verantwortlech fir all Taxen oder aner Käschten déi mam Akzeptéieren a Gebrauche vun der Aléis-Optioun verbonne sinn. Beloununge ginn un déi mat Ärem Microsoft-Kont associéiert E‑Mail-Adress gemailt; haalt also Är E‑Mail-Adress aktuell. Belounungen déi net zougestallt kënne ginn, ginn net nei ausgestallt a verfalen. Rewards kënnen net weiderverkaaft ginn. Dir kënnt net méi wéi 550.000 Punkte pro Kalennerjoer am Rewards-Programm aléisen.
- x. Läsche vun Ärem Rewards-Kont. Wann Dir net méi an dem Rewards-Programm matmaache wëllt, da follegt den Instruktiounen op der Ofmellsäit (https://rewards.microsoft.com/optout) fir Äre Rewards-Kont ze läschen. Wann Dir Äre Rewards-Kont läscht, sinn all Är verdéngte Punkten direkt fort an Dir verléiert d'Fäegkeet fir nei Punkten an Zukunft ze sammelen. Fir erëm unzefänke Punkten ze sammelen, musst Dir en neie Rewards-Kont opmaachen (awer Microsoft gëtt Iech Är virdru verluere Punkten net erëm). Äre Rewards-Kont ka geläscht ginn (an Är Punkte verluer), wann Dir Iech an Ärem Microsoft Kont fir 12 openeefollgend Méint net aloggt.
- xi. Programm-Changementer oder Beennegung. Microsoft behält sech d'Recht vir, de Rewards-Programm oder Deeler dovun no hirer Diskretioun an ouni vireg Ukënnegung ze änneren, modifizéieren, anzestellen oder ze clôturéieren. Am Fall wou de Rewards-Programme awer gekënnegt oder clôturéiert gëtt, wäerte mir eis op eng räsonabel Aart a Weis beméien, Iech per E-Mail an iwwert de Rewards Dashboard z'informéieren an Iech op mannst 90 Deeg Zäit ze loosse fir all Är gesammelt Punkten anzeléisen, et sief dann, mir bestëmmen, datt esou eng Kënnegung aus rechtlechen oder sécherheetsrelevante Grënn direkt effektiv gi muss.
- xii. Aner Bedéngungen. Microsoft behält sech d'Recht vir, Äre Rewards-Kont direkt z'annuléieren, Iech vun enger zukünfteger Participatioun am Primmeprogramm auszeschléissen, all Är gesammelt Punkte verfalen ze loossen an all Aléisoptiounen, déi Dir am Kader vum Primmeprogramm kritt huet, z'annuléieren oder auszesetzen, wa Microsoft der Usicht ass, datt Dir een Aspekt vum Primmeprogramm manipuléiert oder mëssbraucht hutt, e Bedruch gemaacht hutt oder géint dës Bedingunge verstousst hutt. Microsoft behält sich ausserdeem d'Recht vir, all Aléisoptioun, déi Dir iwwert de Primmeprogramm krut oder versicht hutt ze kréien, z'annuléieren oder auszesetzen, wa Microsoft feststellt, datt Dir aus rechtleche Grënn (z. B. opgrond vun Exportgesetzer) net berechtegt sidd, dës Aléisoptioun ze kréien. Wärend Microsoft all Méi ënnerhëlt fir Genauegkeet ze versécheren, Feeler geschéie geleeëntlech. Microsoft behält sech dofir d'Recht vir, esou eng Feeler zu all Moment ze verbesseren, och wann et aktuell Offeren oder Är onerleedegt, verdéngt oder ageléist Punkten oder Beloununge betrëfft. Am Fall vu Widderspréch oder Diskrepanz tëscht de Bedingunge vun dëse Rewards-Programmer oder Aussoen an domat verbonnene Materialien oder a Publicitéitsmaterial, hunn dës Bedingunge Virrang, si maassgeeblech a gëlteg.
Azure
- n. Azure. Äre Gebrauch vun Azure ass geregelt duerch d'Geschäftskonditiounen vun engem separaten Accord ënnert deem Dir d'Servicer krut hutt. D'Eenzelheeten vun de rechtlechen Informatioune fann Dir op der Säit Microsoft Azure Legal Information op https://aka.ms/AA7z67v.
Microsoft Soundscape
- o. Microsoft Soundscape. Dir stëmmt zou, datt Microsoft Soundscape (1) net als medezineschen Apparat entwéckelt gouf, geduecht ass oder verfügbar gemaach gouf, an (2) net als Ersatz fir professionell medezinesch Berodung, Diagnos, Behandlung oder Beurteelung entwéckelt gouf oder geduecht ass, an net als Ersatz fir professionell medezinesch Berodung, Diagnos, Behandlung oder Beurteelung oder, fir dës ze ersetzen, verwent soll ginn.
Power Platform
- p. Power Platform. Är Notzung vum Power-Plattform-Service ënnerläit de Geschäftsbedéngunge vum separaten Ofkommes, ënner deem Dir d’Servicer kritt hutt, wéi op der Säit "Power-Plattform Rechtlech Informatiounen" op Microsoft-Power-Plattform (https://www.microsoft.com/en-us/power-platform/business-applications/legal) detailléiert.
Dynamics 365
- q. Dynamics 365. Äre Gebrauch vum Dynamics 365 Service ass gereegelt duerch d'Bedéngunge vun engem separaten Accord ënnert deem Dir d'Servicer krut, esou wéi detailléiert op der Dynamics 365 Legal Information Säit op at Microsoft Dynamics 365 (https://www.microsoft.com/en-us/dynamics-365/business-applications/legal).
Copilot KI Experienzen
- r. Copilot KI Experienzen Ären Notze vu Copilot KI Experienzen (ausser Copilot mat kommerziellem Dateschutz) ënnerläit zousätzleche Bedingungen ënnert deenen Dir dës Servicer krut hutt, wéi am Detail erklärt an de Copilot - Notzungs-Bedingungen(bing.com) (https://www.bing.com/new/termsofuse#content-policy), zesumme mat dëse Bedingungen. Wann Dir Microsoft Copilot mat kommerziellem Dateschutz Notzer sidd, besicht w.e.g. dës Säit fir d'Notzungs-Bedingungen ze liesen, déi fir Iech gülteg sinn, zesumme mat dëse Bedingungen: https://aka.ms/BCETermsOfUse.
KI Servicer
- s. KI Servicer. “KI Servicer” si Servicer oder Eegschaften dovunner, déi Kënschtlech Intelligenz (“KI”)-Technologie benotzen, dovun all generativ KI Servicer abegraff.
- i. Keng Professionnell Berodung. KI Servicer sinn net als Ersatz fir eng professionell Berodung konzipéiert, net als Ersatz virzegesinn oder ze benotzen.
- ii. Reverse Engineering. Dir däerft d'KI Systemer net benotze fir Basiskomponente vun de Modeller, Algorythmen a Systemer ze entdecken. Zum Beispill däerf Dir net versichen, d'Gewiichter vu Modellen erauszefannen an ewechzehuelen oder Deeler vun de KI-Servicer aus Ärem Apparat z'extradéieren.
- iii. Extradéiere vun Daten. Ausser explizit erlaabt, däerft Dir keng Web-Scraping-, Web-Harvesting-, oder Web-Datenextrahéierungsmethode benotze fir Daten aus de KI Servicer ze extrahéieren.
- iv. Limitten iwwer d'Notzung vun Date vun de KI Servicer. Dir dierft d'KI-Servicer oder Daten aus de KI-Servicer net benotzen, fir (direkt oder indirekt) en anere KI-Service ze kreéieren, ze trainéieren, oder ze verbesseren.
- v. Notze vun Ärem Inhalt. Als Deel vun Ubidde vun de KI Servicer verschafft a späichert Microsoft Är Inputs am Service esou wéi den output vum Service, fir Zwecker vu Kontroll a fir mëssbräichlech oder schiedlech Notzung oder Output vum Service ze vermeiden.
- vi. Eegentumsrecht vun Inhalter. Microsoft freet keen Usproch op den Eegentum vun iergend engen Inhalter, déi Dir de KI-Servicer zur Verfügung stellt, verëffentlecht, agitt oder un si iwwermëttelt oder vun hir kritt (inklusiv Feedback a Virschléi). Dir musst selwer entscheeden, wéi eng Rechter fir intellektuellt Eegentum Dir hutt betreffend Inhalter déi erauskommen an deenen hir Uwennbarkeet, woubäi Dir ënner anerem Är Benotzerzenarien an d'Gesetzer vu jiddwer Jurisdiktioun berécksiichtege musst. Dir garantéiert a verséchert, datt Dir all d'Rechter an hir Inhalter, wéi an dëse Bedingungen beschriwwen, hutt oder soss kontrolléiert, abegraff, awer net begrenzt op all Rechter, déi Dir braucht, fir d'Inhalter bereetzestellen, ze verëffentlechen, eropzelueden, anzeginn oder z'iwwermëttelen.
- vii. Inhalts-Noweis. Wann Dir KI Servicer benotzt, fir bestëmmt Inhalter ze generéieren, da ka Microsoft Informatiounen iwwert d'Inhalter späicheren an dës Informatiounen an dësen Inhalt mat engem Inhalts-Noweis associéieren. Dir dierft d'KI-Servicer net benotzen oder Inhalter erstellen, mat dem Zil, Inhaltsnoweiser oder aner Hierkonftsmethoden, Markéierungen oder Signaler ewech ze huelen oder z'änneren, déi dorop hiweisen, datt en Output vun de KI-Servicer generéiert gouf, oder soss d'AI-Servicer gebrauche fir Inhalter ze kreéiere mat dem Zil, aner Persounen ierzeféieren iwwert en Output, ob e jo oder nee vun de KI-Servicer erstallt gouf.
- viii. Drëttpartei Kloen. Dir sidd eleng verantwortlech fir d'Äntweren op jiddfer Drëtt Partei Klo betreffend Är Notzung vun de KI Servicer am Aklang mat den uwendbare Gesetzer (abegraff, awer net begrenzt op, Copyright Verletzungen, oder aner Kloe betreffend den Inhaltoutput wärend Ärer Notzung vun de KI Servicer).
- ix. Benotzungs-Aschränkungen. Andeem Dir mam "Verhalenskodex" uewen averstane sidd, sidd Dir domat averstanne, datt Dir dës KI-Servicer net benotzt, déi, déi Entscheedungen treffen, autonom oder mat verschiddenen Niveauen u mënschlecher Interventioun abegraff:
- 1. Fir Entscheedungen ze treffen oder Moossnamen ze ënnerhuelen ouni ubruecht mënschlech Iwwersiicht, déi Konsequenzen op déi juristesch Positioun vun enger Persoun, op eng finanziell Positioun, Liewensopportunitéiten, Beruffsopportunitéiten, oder Mënscherechter kënnen hunn, oder e physeschen oder psychologesche Schued fir eng Persoun oder eng Grupp Persounen duerstelle kéinten;
- 2. Fir ze täuschen oder absichtlech ze misinforméieren (z. B. falsch Reklammen), oder ënnerschwelleg Techniken ze benotzen (z. B. visuell, oder Héier, oder ander Signaler, déi baussent der Perceptioun vun enger normaler Persoun leien) mat dre Absicht d'Verhale vun enger Persoun ze manipuléieren oder ze verdréien, op eng Manéier, déi hir schuet;
- 3. Fir Schwäche vun enger Persoun auszenotzen, wéinst hirem Alter, Behënnereung, oder enger spezifescher sozio- oder wirtschaftlecher Situatioun, mam Zil, oder mam Effekt vu materiellem Verdréie vum Verhale vun dëser Persoun oder enger Persoun, déi zu där Grupp gehéiert, op eng manéier, déi där Persoun oder enger anerer Persoun schuet oder ugemoossenen a bedeitende Schued zoufüge kéint;
- 4. Fir sozial Bewäertung oder viraussoende Profiling, deen zu enger diskriminatorescher, onfairer, parteiescher, nodeeleger, oder schiedlecher Behanldung vu gewësse Persounen oder Gruppe vu Persoune féiere géif;
- 5. Fir d'Aschätzung vu Kriminalitéitsrisike vun natierleche Persounen, baséiert nëmmen op de Profiling vun enger natierlecher Persoun oder op der Bewäertung vun hire Perséinlechkeetszich a Charakteristiken; Dëse Verbuet gëllt net fir KI Servicer, déi benotzt gi fir déi mënschlech Aschätzung vun der Bedeelgung vun enger Persoun an enger krimineller Aktivitéit, déi schonn op objektiv an iwwerpréifbar Fakte baséiert ass, an direkt verbonne mat enger krimineller Aktivitéit;
- 6. Baséiert op hire biometreschen Date fir Leit ze kategoriséieren oder op hir Rass, politesch Meenungen, Gewerkschaftsmemberschaften, reliéis oder philosophesch Glawn, oder Sexliewen oder sexuell Orientatioun ze schléissen, ausser fir all Markéierung oder Filter, duerch biometresch Datesets wéi Biller, baséiert op biometreschen Daten oder kategoriséiere vu biometrescen Daten am Beräich vun der Srofverfollgung;
- 7. Fir Gesiichtserkennungs-Datebanken ze erstellen oder ze erweideren, iwwer ongeziilt Schabe vu Biller vu Gesiichter aus dem Internet oder Iwwerwaachungsvideoen;
- 8. Fir all Echtzäit-Gesiichtserkennungstechnologie op Handyen, déi vun der Strofverfollgung weltwäit benotzt gëtt, fir ze probéiere Presounen ze identifizéieren an onkontrolléierten, "an der Wildnis"-Ëmfelder, Polizisten op Sträif abegraff (ouni Begrenzung), mat um Kierper gedroen oder montéierte Kameraen, déi eng Gesiichtserkennungstechnologie benotzen, fir ze probéiere Persounen ze identifizéieren, déi an enger datebank vu Verdächtegen oder fréiere Prisonnéier agedroe sinn; oder
- 9. Fir ze probéieren den emotionalen Zoustand vu Leit ofzeleeden aus hire kierperlechen, physiologeschen oder Verhalenscharakteristiken (z. B. Gesiichtsausdréck, Gesiichtsbeweegungen, oder Sproochmusteren), d'Ofleede vun Emotioune wéi Roserei, Eekel, Freed, Trauregkeet, Iwwerraschung, Angscht, oder aner Begrëffer abegraff, fir den emotionalen Zoustand vun enger Persoun ze beschreiwen.
Europäescht Gesetz fir Barrierefräiheet (EAA) / Richtlinn (EU) 2019/882
- t. Europäescht Gesetz fir Barrierefräiheet (EAA) / Richtlinn. Servicer, déi der EAA ënnerleien, sinn esou konzipéiert, datt si der Accessibilitéits-Norm ETSI EN 301 549 entspriechen. Microsoft test d'betraffe Servicer fir d'Konformitéit mat der Norm ze bewäerten. Beschreiwungen zu den eenzelne Servicer a wéi ee se benotzt, fannt Dir https://support.microsoft.com, op der Websäit vum jeeweilege Service, oder am Service selwer.
Kommunikatiouns-Servicer
- u. Kommunikatiouns-Servicer. Servicer, déi d'Kommunikatioun tëschent Persounen ze erméiglechen, abegraff awer net begrenzt op Skype, Teams, Outlook, a GroupMe, gi vun den zousätzleche Benotzungsbedéngunge regéiert, déi Dir op https://aka.ms/useterms zesumme mat dëse Bedéngunge fannt.
Verschiddenes
14. Verschiddenes. Dës Sektioun an d’Sektiounen 1, 9 (fir Beträg, déi virum Enn vun dësem Ofkommes ugefall sinn), 10, 11, 12, 16, an déi, déi duerch hir Bedéngungen Uwennung fannen, nodeem et endegt, bestinn no all Kënnegung oder Aussetzung vun dësem Ofkommes weider. Mir kënnen eis Rechter a Verflichtungen ënner dëse Bedéngungen zu all Moment ouni Ukënnegung oftrieden, iwwerdroen oder anescht verfügen, ganz oder deelweis, esou laang ewéi esou en Oftrieden, eng Iwwerdroung oder Verfügung net zu Ärem Nodeel ass. Dir kënnt dës Bedéngungen oder Är Rechter, fir d’Servicer ze notzen, net änneren, iwwerdroen oder soss verfügen. Wann Dir an Däitschland wunnt, gitt Dir net doru gehënnert, Fuerderunge géint Microsoft ze erhiewen. Dëst ass dat vollstännegt Ofkommes tëschent Iech a Microsoft fir Äre Gebrauch vun de Servicer. Et ersetzt all viregt Ofkommessen tëschent Iech a Microsoft iwwer Är Notzung vun de Servicer. All Deeler vun dëse Bedéngunge gëllen fir déi gesetzlech festgeluecht maximal Dauer. Falls e Geriicht oder e Schlichter entscheet, datt en Deel vun dëse Bedéngungen, sou wéi se geschriwwe sinn net ëmgesat däerfe ginn, da solle si duerch en änlechen Text ersat ginn, deen de Gesetzer entsprécht, awer de Recht vun de Bedéngunge gëtt net geännert. Dës Bedéngunge sinn nëmmen zu Ärem an eisem Virdeel. Se sinn net zum Virdeel vun enger anerer Persoun, ausser d’Nofolger an d’Zessionnaire vu Microsoft. D’Iwwerschrëfte si just als Informatioun geduecht.
15. Verzicht op Endbenotzer-Verbraucherschutzbestëmmungen. Wann Dir eng Klengstentreprise, eng Klengentreprise oder eng ASBL sidd, erkläert Dir Iech domat averstanen, op all Uspréch ze verzichten, déi Dir soss geméiss dem Europäesche Code fir elektronesch Kommunikatioun (Richtlinn 2018/1972) an Artikel 102 Paragraf 1 an Artikel 107 Paragrafen 1 an 3 hätt.
16. Exportgesetzer. Dir musst Iech un all heemesch an international Exportgesetzer a ‑reegelen halen, déi op Software an/oder Servicer zoutreffen, déi Restriktiounen op Destinatiounen, Endbenotzer an Endnotzung ëmfaassen. Fir weider Informatiounen iwwer geografesch an Exportrestriktiounen, besicht https://www.microsoft.com/exporting.
17. Rechtervirbehalt a Feedback. Ausser et ass ausdrécklech an dëse Bedéngungen uginn, bewëllegt Microsoft Iech keng Lizenz oder aner Rechter vun iergendwellecher Aart ënner iergendwelleche Patenter, Wëssen, Copyrighter, Betribsgeheimnisser, Marken oder anerem geeschtege Besëtz am Besëtz oder kontrolléiert vu Microsoft oder enger zougehéiereger Entitéit, inklusiv awer net limitéiert op en Numm, eng Handelsopmaachung, e Logo oder Änleches. Wann Dir Microsoft eng Iddi, e Virschlag, eng Empfielung oder e Feedback gitt, inklusiv ouni Aschränkung Iddie fir nei Produkter, Technologien, Promotiounen, Produktnimm, Produktfeedback a Produktverbesserungen ("Feedback"), gitt Dir Microsoft, ouni Käschten, Lizenzkäschten oder aner Verflichtungen un Iech, d’Recht aus Ärem Feedback derivativ Aarbechten ze schafen oder geschaf ze hunn an Äre Feedback ze notzen an ze kommerzialiséieren, op egal wéi eng Manéier a fir egal wéi een Zweck. Dir gitt kee Feedback, deen enger Lizenz ënnerläit, déi vu Microsoft erfuerdert seng Software, Technologien oder Dokumentatioun un eng Drëtt-Partei ze lizenséieren, well Microsoft Äre Feedback an dësen ageschloss huet.
HIWEISER
Bemierkungen a Prozedure fir seng Urheberrechter bei engem Verstouss anzekloen. Microsoft respektéiert d'Urheberrechter vun aneren Ubidder. Falls Dir eng Plainte wëlt maache wéinst engem Verstouss géint Äert Urheberrecht, dozou gehéieren och Verstéiss géint de Copyright, rekommandéieren mir Iech, dass Dir sou eng Bemierkung un en Agent vu Microsoft schéckt. Fir Detailer a Kontaktinformatiounen, kuckt Notiz an d'Virgoen iwwer Uspréch bei Copyrightsverletzungen (https://www.microsoft.com/legal/intellectualproperty/infringement), wéi eng Prozeduren Deel vun dëse Bedéngunge sinn.
Microsoft hält sech un d'Prozeduren, déi am Titel 17, United States Code, Section 512 festgehale sinn, an, wou uwendbar, Chapter III vun der Regulatioun (EU) 2022/065, fir op sou Plainten wéinst engem Verstouss géint e Copyright ze reagéieren. Ënner gewëssen Ëmstänn ka Microsoft och Benotzerkonte vu Microsoft-Servicer vu Persounen, déi dacks géint d'Copyright-Gesetzer verstoussen, suspendéieren oder kënnegen. Desweideren, an ugemiessenen Ëmstänn, ka Microsoft d'Verschaffe vun Hiweiser vu Persounen oder Eenheete suspendéieren, déi méi oft onfundéiert Hiweiser areechen. Eng weider Erklärung vun den uwendbare Prozedure fir e Service, abegraff méigleche Recours fir Entscheedunge getraff vu Microsoft als Deel vun dëse Prozeduren, kënne fonnt ginn op Hiweiser fir Verletzungen (https://www.microsoft.com/legal/intellectualproperty/infringement).
Bemierkungen a Prozeduren, déi mam Urheberrecht an de Reklamme ze dinn hunn. Kuckt wgl. och eis Riichtlinn iwwer geeschtegen Eegentum (https://go.microsoft.com/fwlink/?LinkId=243207) betreffend Bedenken iwwer geeschtegen Eegentum op eisem Reklammennetzwierk.
Copyright a Marke Bemierkungen. D'Servicer hunn e Copyright © vu Microsoft Corporation an/oder hir Fournisseuren, One Microsoft Way, Redmond, WA 98052, USA. All Rechter virbehalen D'Bedéngunge schléissen d';Microsoft Markenzeechen & Marke-Riichtlinne (https://www.microsoft.com/en-us/legal/intellectualproperty/trademarks) mat an (ewéi vun Zäit zu Zäit ofgeännert). Microsoft an d'Nimm, d'Logoen an d'Ikone vun all Microsoft Produkter, Software a Servicer kënnen onregistréiert oder registréiert Markenzeeche vun der Microsoft Grupp vu Gesellschaften an de Vereenegte Staaten an/oder anere Länner sinn. Follgend ass eng onvollstänneg Lëscht vu Microsoft Markenzeechen op https://cdn-dynmedia-1.microsoft.com/is/content/microsoftcorp/microsoft/mscle/documents/presentations/TrademarksListFY25Q3.pdf. D'Nimm vun tatsächleche Firmaen a Produkter kënne Marken vun hire respektive Proprietaire sinn. All Rechter, déi net ausdrécklech an dëse Bedingungen fräi sinn, si virbehalen. Verschidde Softwaren an verschidde Microsoft-Websäite baséieren op der Aarbecht vun der Gesellschaft Independent JPEG Group. Copyright © 1991-1996 Thomas G. Lane. All Rechter virbehalen "Gnuplot"-Software, déi op bestëmmte Microsoft-Website-Servere benotzt gëtt, ass Copyright © 1986 – 1993 vun Thomas Williams, Colin Kelley. All Rechter virbehalen
Medizinesch Bemierkungen. Microsoft bitt keng medizinesch oder soss e gesondheetleche Rot, eng Diagnos oder eng Behandlung un. Sicht ëmmer de Rot vun Ärem Dokter oder engem qualifizéierten Gesondheetsdéngschtleeschter mat alle Froen, déi Dir betreffend Äre medizineschen Zoustand, Diät, Fitness oder Wellnessprogramm kënnt hunn. Vernoléissegt ni professionell medizinesch Rotschléi oder waart net ze laang fir en Dokter ëm Rot ze froen wéinst Informatiounen zu deenen Dir Zougang krut op oder duerch d'Servicer.
Informatiounen iwwer Aktien an Indexdonnéeën (och Indexwäerter) Finanzinformatiounen, déi iwwer eis Servicer ugebuede ginn, sinn nëmme fir Äre perséinlechen, net-kommerzielle Gebrauch. Dir däerft keng Finanzdaten oder Marke vun Drëtt-Partei-Lizenzgeber benotzen am Zesummenhang mam Ausstellen, dem Erstellen, dem Sponsorship, dem Handel, Marketing oder der Fërderung vu Finanzinstrumenter oder Investmentprodukter (zum Beispill, Derivativen, strukturéiert Produkter, Investment Fongen, börsegehandelt Fongen, Investment Portfolioen, asw., wou de Präis, Retour an/oder Leeschtung vum Instrument oder Investmentprodukt baséiert op, bezunn op, oder virgesi fir Finanzdaten ze verfollegen) ouni eng separat schrëftlech Zoustëmmung mam Drëtt-Partei-Lizenzgeber.
Finanziell Bemierkung. Microsoft ass kee Broker/Händler oder registréierte Verméigensberoder ënner dem Wäertpabeieregesetz vun de Vereenegte Staaten oder de Wäertpabeieregesetzer vun aneren Zoustännegkeeten a gëtt Persounen och keng Rotschléi iwwer Empfeelungen fir ze investéieren an, d'Kafen oder d'Verkafe vu Wäertpabeieren oder anere Finanzprodukter oder Servicer. Näischt, wat an de Servicer virkënnt ass eng Offer oder eng Opfuerderung fir egal wéi eng Sécherheet ze kafen oder ze verkafen. Weder Microsoft nach hir Ubidder vu Börseninformatiounen oder Indexdonnéeë vertrieden oder rekommandéieren iergendwellech finanziell Produkter oder Servicer. Keen Deel vun de Servicer stellt eng fachlech Berodung duer, ënner anerem keng Investissements- oder Steierberodung.
Bemierkung zu H.264/AVC, an VC-1 Video Standarden. D'Software kann H.264/AVC, an/oder VC-1 codec Technologie enthalen, déi un eng Lizenz vun MPEG LA, L.L.C. gebonnen ass. Dës Technologie ass e Format fir d'Datekompressioun vu Videosinformatiounen. MPEG LA, L.L.C. verlaangt dës Bemierkung:
DËSE PRODUKT ASS ËNNER DEM PATENTLIZENZPORTFOLIO VUN H.264/AVC, A VC-1 FIR PERSÉINLECH AN NET-KOMMERZIELL NOTZUNG VUN ENGEM KONSUMENT FIR (A) VIDEOE GEMÉISS DE STANDARDEN (“VIDEOSTANDARDEN”) ZE VERSCHLËSSELEN AN/ODER (B) H.264/AVC-, A VC-1-VIDEOEN Z'ENTSCHLËSSELEN, DÉI VUN ENGEM KONSUMENT VERSCHLËSSELT GOUFEN, DEEN ENG PERSÉINLECH ODER NET KOMMERZIELL AKTIVITÉIT AUSGEFÉIERT HUET, AN/ODER VUN ENGEM VIDEOUBIDDER KRITT GOUF, DEE LIZENSÉIERT ASS FIR ESOU VIDEOEN UNZEBIDDEN. ET GETT KENG LIZENZ FIR EN ANERE GEBRAUCH VERGINN ODER IMPLIZEIERT. WEIDER INFORMATIOUNE KËNNT DIR VU MPEG LA, L.L.C. KRÉIEN. KUCKT D' MPEG LA WEBSÄIT (https://www.mpegla.com).
Nëmme fir kloer ze stellen: dësen Hiwäis beschränkt oder behënnert de Gebrauch vun der ënnert dëse Konditiounen bereet gestallte Software fir normal geschäftlech Zwecker, déi fir dës Firma perséinlech bestëmmt sinn an déi keng (i) Redistributioun vun der Software un Drëttpersounen oder (ii) d'Kreatioun vu Material mat de VIDEO STANDARDE déi konform Technologien fir d'Distributioun un Drëttpersounen ëmfaassen.
Bemierkung zu H.265/HEVC Video Standard. D'Software kann H.265/HEVC coding Technologie enthalen. Access Advance LLC LA, L.L.C. verlaangt dës Bemierkung:
WANN ENTHALEN, D'H.265/HEVC TECHNOLOGIE AN DËSER SOFTWARE ASS GEDECKT VUN ENGER ODER MÉI KLOE VUN DE HEVC PATENTER BEI: PATENTLIST.ACCESSADVANCE.COM. OFHÄNGEG VU WÉI DIR D'SOFTWARE KRUT, DËSE PRODUKT KA LIZENSÉIERT SINN ËNNER DEM HEVC ADVANCE PATENT PORTFOLIO.
Wann dës Software op engem Microsoft Apparat installéiert ass, kënnen zousätzlech Lizenzinformatiounen fonnt ginn op: aka.ms/HEVCVirtualPatentMarking.
STANDARDUWENDUNG LIZENZBEDÉNGUNGEN
STANDARDUWENDUNG LIZENZBEDÉNGUNGEN
FIR APPLIKATIOUNEN UGEBUEDEN AM EUROPÄESCHE WIRTSCHAFTSRAUM
MICROSOFT STORE, MICROSOFT STORE OP WINDOWS A MICROSOFT STORE OP DER XBOX
Dës Lizenz-Konditiounen sinn en Accord tëscht Iech an dem Editeur vun der Applikatioun. Liest se weg. Si sinn uwendbar fir d'Software-Applikatiounen, déi Dir erofluet aus dem Microsoft Store, dem Microsoft Store op Windows oder dem Microsoft Store op der Xbox (jidd vun dësen gëtt an dëse Lizenzbedéngungen gennant als de "Store"), abegraff sinn all Updates oder Ergänzunge fir d'Applikatioun, ausser d'Applikatioun kënnt mat separate Bedéngungen, an deem Fall gëllen dës Bedéngungen.
WANN DIR DËS BEDINGUNGEN NET AKZEPTÉIERT, HUTT DIR KEE RECHT OP DËS APP A KËNNT SE NET EROFLUEDEN.
Den Applikatiounsediteur bedeit d'juristesch Persoun, déi Iech d'Applikatioun lizenséiert, ewéi am Store identifizéiert.
Wann Dir Iech un dës Lizenz-Konditiounen haalt, dann hutt Dir déi Rechter hei drënner.
- 1. RECHTER BETREFFEND D'INSTALLATIOUN AN D'BENOTZUNG. Dir kënnt d'Applikatioun op Windows Apparater oder Xbox Konsolen installéieren a benotzen esou ewéi an de Microsoft Benotzungsreegele (https://go.microsoft.com/fwlink/p/?LinkId=723143) beschriwwen. Microsoft behält sech d'Recht vir d'Microsoft Benotzungsreegelen (https://go.microsoft.com/fwlink/p/?LinkId=723143) zu all Moment ofzeänneren.
- 2. INTERNET-BESÉIERT SERVICER.
- a. Erlaabnis fir Internet-baséiert oder wireless Servicer. Wann d'Applikatioun sech mat engem Computer System iwwert Internet verbënnt, dat och kann e wirelesst Netzwierk begräifen, da heescht d'Gebrauche vun der Applikatioun dat Dir domat averstane sidd mat der Iwwerdroung vun standard Informatiounen iwwert Äert Gerät (inklusiv mee net beschränkt op technesch Informatiounen iwwer Ären Apparat, System an Applikatiouns-Software a Peripherie-Geräter) fir Internet-baséiert oder wireless Servicer. Wann aner Bedingungen zesumme mam Gebrauch vun de Servicer duerch déi App ugewise ginn, gëllen déi Bedingungen.
- b. De falsche Gebrauch vun Internet-baséierte Servicer. Dir dierft keng Internet-baséiert Servicer op enger Manéier benotzen, wou Dir express engem anere säin Accès op de Service oder de wireless Network blockéiert oder beaflosst. Dir däerft de Service net gebrauchen fir ze versichen, en onerlaabten Zougang zu iergend engem Service, Date, Kont oder Netzwierk duerch iergend eng Mëttel.
- 3. BERÄICH VUN DER LICENZ. Dir hutt eng Lizenz op d'App, se gehéiert Iech net. De Kontrakt gëtt Iech just verschidde Rechter fir d'App ze gebrauchen. Wa Microsoft d'Méiglechkeet desaktivéiert d'Konditiounen op Ären Apparater no Ärem Accord mat Microsoft ze gebrauchen, da ginn all d'associéierter Lizenz Rechter ofgeschloss. Den Ubidder vun der App behält all aner Rechter. Ausser wann e Gesetz Iech, trotz dëser Begrenzung, méi Rechter gëtt, kënnt Dir d'App nëmme sou benotzen, wéi et ausdrécklech am Kontrakt erlaabt ass. Dir musst Iech dobäi un all technesch Begrenzunge vun der App, déi de Gebrauch nëmmen op verschiddene Manéieren erlaben, halen. Dir dierft net:
- a. laanscht déi technesch Begrenzunge vun der App probéieren ze kommen.
- b. D'Réckentwéckelen, dekompiléieren, oder auserneenhuele vun der Applikatioun ausser an nëmme wann et ausdrécklech vun den uwendbare Copyrightgesetzer fir Computerprogrammer erlaabt ass.
- c. Méi Kopië vun der App maachen, wéi an dësem Kontrakt uginn ass oder, trotz dëser Begrenzung, gesetzlech erlabt ass.
- d. Appe publizéieren oder soss iergendwéi d'App ëffentlech maachen, sou dass anerer se kopéieren kennen.
- e. D'Applikatioun verlounen, leasen oder léinen.
- f. Transferéiere vun der Software oder dësem Ofkommes un Drëtter.
- 4. DOKUMENTATIOUN. Wann Dokumentatioun mat der App geliwwert gëtt, dierft Dir d'Dokumentatioun kopéieren a fir de perséinlechen Informatiounsgebrauch benotzen.
- 5. TECHNOLOGIE AN EXPORTRESTRIKTIOUNEN. D'App kann ënner US-amerikanesch oder international Technologiekontroll- oder Exportgesetzer a Virschrëfte falen. Dir musst Iech un all national an international Exportgesetzer a Virschrëften, déi fir d'Technologie, déi vun dëser App ënnerstetzt oder gebraucht gëtt, halen. Dës Gesetzer begräifen Aschränkungen op Destinatiounen, Enn Benotzer an Enn Gebrauch. Fir Informatiounen iwwer Microsoft Markeprodukter, gitt op d' Microsoft Export-Websäit (https://go.microsoft.com/fwlink/?linkid=868967).
- 6. SUPPORTSERVICER Kontaktéiert den Ubidder vun der App fir erauszefannen, ob et Supportservicer ginn. Microsoft, Ären Hiersteller vun Hardware oder Äre wireless Ubidder (ausser ee vun hinnen ass den Ubidder vun der App) sinn net verflicht fir Iech Supportservicer fir dës App ze ginn.
- 7. DE GANZE KONTRAKT Dësen Accord, iergend eng uwennbar Dateschutzerklärung, iergend eng zousätzlech Konditiounen déi d'Applikatioun an d'Konditiounen fir Zousätz an d'Aktualiséierunge an dee ganze Lizenz Accord tëscht Iech an deem deen d'Applikatioun publizéiert fir d'Applikatioun begleeden.
- 8. REELVANT GESETZER
- a. USA a Kanada. Wann Dir d'Applikatioun an de Vereenegte Staaten oder a Kanada kaaft hutt, reegelen d'Gesetzer vum Staat oder der Provënz an där Dir lieft (oder, wann e Betrib, wou Är Haaptadress vun Ärem Geschäft ass) d'Interpretatioun vun dëse Bedéngungen, Kloe wéinst Verstouss vun dësen an all aner Kloen (Kloe betreffend Verbraucherschutz, onfair Konkurrenz an onerlaabt Handlungen abegraff), onofhängeg vum Konflikt vu Gesetzesprinziper.
- b. Ausserhalb vun den USA a Kanada. Wann Dir d'App an engem anere Land kaaft hutt gëllen d'Gesetzer vun deem Land.
- 9. LEGALEN EFFEKT. Dëse Kontrakt beschreift verschidde gesetzlech Rechter. Dir kënnt aner Rechter duerch d'Gesetzer vun Ärem Staat oder Land hunn. Dëse Kontrakt ännert näischt un Äre Rechter, déi Dir vun Ärem Staat oder Land hutt, wann d'Gesetzer vun Ärem Staat oder Land dat net erlaben.
- 10. AUSSCHLOSS VU GARANTIEN. D'Applikatioun ass lizenséiert “ewéi se ass”, “mat alle méigleche Mängel” an “ewéi verfügbar". Den Editeur vun der Applikatioun, an sengem eegenen Numm, Microsoft (wa Microsoft net den Editeur vun der Applikatioun ass), wireless Bedreiwer duerch déi d'Applikatioun ugebuede gëtt an jiddereen vun eise respektiven Affiliéierter, Verkeefer, Agenten a Fournisseuren (“Gedeckt Parteien”), gëtt keng zousätzlech kontraktuell Haftung, Garantien oder Konditiounen a Verbindung mat der Applikatioun. Iech stinn all gesetzlech virgeschriwwe Garantien zou, mä mir gi keng aner Garantien. Esouwäit mat de lokale Gesetzer vereenbar, schléissen déi Betraffe Parteien all konkludent Garantien, och déi vun der Verkeeflechkeet, Eegnung fir e besonneschen Zweck, Sécherheet, Comfort an Net-Verletzung aus.
- 11. BEGRENZUNG VUN HELLEFEN AN ENGEM SCHUED.
- a. Den Editeur vun der Applikatioun soll net fir iergend ee Benotzer-Contenu oder anert drëttpartei Material verantwortlech sinn, inklusiv Linken zu Websäiten vun Drëttparteien an Aktivitéiten déi vu Benotzer kommen. Sou Inhalter an Aktivitéite kënne weder dem Ubidder vun der App zu Laascht geluet ginn nach representéiere si d'Meenung vum Ubidder vun der App.
- b. Den Editeur vun der Applikatioun wäert nëmme verantwortlech si wann d'materiell Obligatioune vun dëse Konditioune vun der Lizenz gebrach goufen.
- c. Den Ubidder vun der App, seng Stellvertrieder, an/oder rechtlech Vertrieder sinn net verantwortlech fir en onerwaarte Schued an/oder e finanzielle Verloscht, deen duerch en indirekte Schued, dozou gehéiert de Verloscht vun engem Benefice, ze dinn huet, ausser den Ubidder, seng Stellvertrieder, an/oder rechtlech Vertrieder hu wéinstens faarlässeg oder express falsch gehandelt.
- d. Statutaresch onverschold Haftung vum Applikatiounsediteur, inklusiv, ouni Aschränkung, Haftung ënnert dem Produkthaftungsgesetz a statutaresch Haftung fir Garantieverstéiss, bleiwen duerch d'Aschränkung vun der Haftung onberéiert. Dat selwecht trëfft och fir d'Haftung vum Applikatiounsediteur, seng stellvertriedend Agenten an/oder seng gesetzlech Representanten am Fall vu Bedruch oder wann hir Fahrlässegkeet zu Verletzungen oder dem Doud vu Persoune féiert.
- e. Keng aner kontraktuell a juristesch Uspréch niewent deenen déi an den Ënnersectioune (a) bis (e) vun dëser Sectioun 11 gedeckt goufen, kënnen vun de Lizenz-Konditiounen vun dëser Applikatioun an/oder dem Gebrauch vun der Applikatioun oder de Servicer déi duerch d'Applikatioun disponibel gemaacht goufen, kommen.
Servicer, déi dozou gehéieren
Déi folgend Produkter, Appen a Servicer gehéieren zum Microsoft Service Kontrakt, mä sinn eventuell net zougänglech op Ärem Marché.
- Account.microsoft.com
- Appen a Servicer, déi a Microsoft 365 Basic abegraff sinn
- Appen a Servicer, déi a Microsoft 365 Family abegraff sinn
- Appen a Servicer, déi a Microsoft 365 Konsumentenabonnementer abegraff sinn
- Appen a Servicer, déi a Microsoft 365 Personal abegraff sinn
- Bing Apps
- Bing Dictionary
- Bing Image and News (iOS)
- Bing Maps
- Bing Search APIs/SDKs
- Bing Search app
- Bing Translator
- Bing Webmaster
- Bing-Rabatter
- Bing-Säiten
- Bing.com
- Bingplaces.com
- Clipchamp
- Cortana skills by Microsoft
- Cortana
- Default Homepage and New Tab Page on Microsoft Edge
- Dev Center App
- Device Health App
- Dictate
- Déi gratis Versioun vu Microsoft 365
- education.minecraft.net
- Face Swap
- Feedback Intake Tool for Azure Maps (aka “Azure Maps Feedback”)
- Forms.microsoft.com
- forzamotorsport.net
- Groove Music Pass
- Groove
- GroupMe
- Image Creator vu Microsoft Designer
- LineBack
- Link zu Windows
- Maps App
- Microsoft 365 Business Standard, Microsoft 365 Business Basic, Microsoft 365 Apps, Microsoft 365 app, Microsoft 365 Copilot, Microsoft 365 Copilot app, and Microsoft 365 Copilot Chat*
- *Until a commercial domain is established for use of these services, at which time separate Microsoft commercial terms will govern instead.
- Microsoft 365 Consumer
- Microsoft 365 Family
- Microsoft 365 fir de Web
- Microsoft 365 optional verbonnen Experienzen
- Microsoft 365 Personal
- Microsoft Academic
- Microsoft Add-Ins for Skype
- Microsoft Bots
- Microsoft Copilot
- Microsoft Defender fir Eenzelpersounen
- Microsoft Educator Community
- Microsoft Famill
- Microsoft Filmer & TV
- Microsoft Health
- Microsoft Launcher
- Microsoft Loop
- Microsoft Mathésopléiser
- Microsoft Pay
- Microsoft Pix
- Microsoft Reading Coach
- Microsoft Research Interactive Science
- Microsoft Research Open Data
- Microsoft Rewards
- Microsoft Sammlungen
- Microsoft Search op Bing
- Microsoft Soundscape
- Microsoft Supports- a Recuperatiounsassistent fir Office 365
- Microsoft Sway
- Microsoft Teams
- Microsoft Translator
- Microsoft Wallpaper
- Microsoft-Konto
- Microsoft‑Support (Konsumenten)
- Minecraft Realms Plus and Minecraft Realms
- Minecraft-Spiller
- Mixer
- MSN (fréier als Microsoft Start bekannt)
- MSN Dial Up
- MSN Explorer
- MSN Food & Drink
- MSN Health & Fitness
- MSN Money
- MSN News
- MSN Premium
- MSN Sports
- MSN Travel
- MSN Weather
- MSN.com
- Next Lock Screen
- Office Store
- OneDrive.com
- OneDrive
- OneNote.com
- Outlook.com
- Paint 3D
- Presentation Translator
- rise4fun
- Sammlungen
- Seeing AI
- Send
- Skype in the Classroom
- Skype Manager
- Skype.com
- Skype
- Smart Search
- Smartphone-Link
- SMS Organizer-App
- Snip Insights
- Spiller, Appen a Websäite vun Xbox Game Studios
- Spreadsheet Keyboard
- Store
- Sway.com
- to-do.microsoft.com
- Translator for Microsoft Edge
- Translator Live
- Universal Human Relevance System (UHRS)
- UrWeather
- ux.microsoft.com
- Video Breakdown
- Visio Online
- Vu Microsoft verëffentlecht Windows-Spiller, -Appen a -Websäiten
- Web Translator
- whiteboard.office.com
- Windows Live Mail
- Windows Live Writer
- Windows Movie Maker
- Windows Photo Gallery
- Windows Store
- Xbox Game Pass
- Xbox Live Gold
- Xbox Live
- Xbox Music
- Xbox Store
Partneroptraggeber (Fir bezuelt Servicer ënner Sektioun 10(b))
Zu dësem Zäitpunkt ginn et keng Partneroptraggeber Microsoft Ireland Operations Limited ass Ären Optraggeber.